Häerz-Corbeille

Gewann haut op der Adventskalennerdier 10 eng Corbeille vu Yolande Coop mat lauter flotten Kaddosiddien.

E Kaddo dee vun Häerz kënnt, ass en schéine Geste a mécht Freed. Dofir hunn mir fir iech en puer Kaddosiddien vu Yolande Coop erausgesicht, déi ee frou maachen.

Eppes Selwergebasteltes oder Gebakenes

Kichelcher, Schockela an aner séiss Leckereie kommen einfach ni aus der Moud, zemools wann se selwer zoubereet goufen. Alles wat selwer gemaach ass, schmaacht dach em sou besser oder?

Dekoratioun

Dekoartikele kann een ëmmer gebrauchen. Zemools Engelen an aner symbolesch Saache loossen eis un déi Persoun denken, déi eis dat geschenkt huet an dat ëmmer an ëmmer erëm.

Seefen a Saachen déi gutt richen

Mir sinn dach all süchteg no Saachen, déi gutt riche well eis dat en Gefill vu Gebuergenheet gëtt. Ob eng Seef, eng Crème oder eng Käerz. Et deet eiser Séil gutt an alles dat wat eiser Séil gutt deet, ass ëmmer ee gudde Kaddo.

Bei Yolande Coop fënns Du sëcher de perfekten Kaddo!

 

Wat ass d’Yolande Coop iwwerhaapt? Dës Coopérative geréiert 7 Ateliers d’inclusion professionnelle op 3 Sitten: Betzder, Maacher a Munneref. Si beschäftege Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung. Dës hu bei hinnen eng fest Ustellung a schaffen eigentlech esou wéi all aneren och. Si ginn ebe just begleet bei hirer Aarbecht an d’Aarbecht gëtt hire Fäegkeeten ugepasst. Alles wat si produzéieren, gëtt och vun hinne gemaach. Yolande Coop hu vill verschidden Aktivitéiten, ënner anerem: De Seefen Atelier, de Kichen Atelier: Traiteur Service, d‘Klouschterbrout: Bäckerei a Pâtisserie, de Mailing & Services: Sous-traitance Aarbechten an de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher: eng beléiften Touristenattraktioun mat Shop a Brasserie. Alles wat si verdénge fléisst direkt rëm zréck fir hir Aktivitéiten ze finanzéieren.

D’Yolande Coop verkeeft hir eege Produiten zu Betzder am Buttek an zu Maacher am Shop vum Päiperleksgaart. Zousätzlech hunn si och nach aner flott Produiten, der Saison ugepasst, déi si akafe ginn an dann an hire Butteker verkafen.

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply