Häerz-Mamm

Et ass en Dram vu ville Koppelen: Kanner kréien, an domat eng eege Famill grënnen. Ma wat maachen, wann dat einfach net klappe wëll an de Wonsch no klenge „mini-mes“ och no ville Versich nach onerfëllt bleift? D’Medezin huet Alternative fonnt, ma och zukünfteg Elteren, déi net selwer Kanner zeuge kënnen, mussen net op de Nowuess verzichten. An der neier MADI-Serie hu mir mat Mammen a Pappe geschwat, déi op anerem Wee hiert Gléck fonnt hunn an eis vun hirer klenger Welt erzielen, ma och mat Koppelen, bei denen et bis ewell nach net geklappt huet.

Siwe Joer ass et elo hir, dass dem Romaine seng Famill méi grouss ginn ass. Fir d’éischt e Bouf, dunn e klengt Meedche si bei d’Lëtzebuergerin erageplënnert. Jo, richteg gelies: d’Mamm vun den zwee Kanner ass dëst net op biologesch Aart a Weis ginn, mee via Pabeier. “Ech soen hinnen ëmmer ech sinn eng Häerz-Mama a keng Bauch-Mama”, erkläert d’Romaine. Dass seng Kanner eigentlech aus Südafrika kommen an net d’selwecht wéi hatt a säi Mann ausgesinn, stéiert dat 43-Järegt net, well fir hatt sinn seng Kanner e klengt Wonner. “Ech fannen et immens schéin, dass mir si elo op hirem Wee begleeden dierfe bis si iergendwann Flilleke kréien a fléie léieren”, seet d’Romaine. Fir eng Adoptioun géif hatt sech direkt nach eng Kéier decidéieren, och wann dës zu Lëtzebuerg guer net esou einfach duerchzeféieren ass an esouwuel fir déi nei Elteren, ewéi och fir d’Kanner e grousst Changement bedeit.

 

 

 

 

“Et gi vill administrativ Hürden an et muss een immens vill vu sech Präis ginn, mee dat ass et derwäert.” Schonn als jonken Teenager wousst d’Romaine, dass hatt iergendwann Kanner wéilt: e puer eegener, mee mindestens och een adoptéiert. Wéi hatt dunn awer bis méi al war, hat den Drang nom Mamm-sinn sech iergendwéi verzunn. Wéi dunn trotzdeem den Dag op eemol do war an d’Koppel sech prett fir Kanner gefillt huet, koum déi erniichternd Noriicht, dass dëst op natierlechem Wee wuel net machbar wier. “Ufanks hate mir eng Phase wou mir geduet hunn ‘Ok, da liewe mir eben ouni’, mee iergendwann hu mir eis dunn awer informéiert, wat fir eis kéint alternativ a Fro kommen”, esou d’Romaine.

Kënschtlech Befruchtung oder d’Spermebank ware fir d’Koppel net esou dat Richtegt a schnell gouf kloer: dem Romaine säin Original-Plang géif Realitéit ginn. E Kand aus Lëtzebuerg ze adoptéiere, koum fir d’Mama-to-be awer net a Fro, well d’Romaine aus senger Aarbechtszäit a Kannerheemer wosst, wéi vill heibäi schif goe kéint. Och e “placement familial”, also d’Optioun, Fleegeelteren ze ginn, gouf verworf. Et stoung also eng Adoptioun am Ausland am Raum, Peru, Brasilien, Südafrika oder Südkorea koumen hei a Fro. “Mir hunn eis relativ séier fir Südafrika decidéiert. Ech denken, dass et wichteg ass, dass een sech mat der Kultur vum Land identifizéiere kann, och wann d’Kënnercher méi spéit eng Kéier wéilten zréckgoen.”

Fir d’Romaine a säi Mann ass dunn e ganze Prozess lassgaangen: Formatiounen, Psychologen, Dokteren, assistants socialen, Geriichter, Konventiounen. Via eng Agence konnten d’Romaine a säi Mann sech op eng Waardelëscht setze loossen: “Mir waren op Plaz 12, dat heescht et ware nach eelef Famille virun eis. Eréischt wann een op der 4. Plaz ukomm ass, dierf een säin Dossier preparéieren.” Bei der Ufro konnten déi zukünfteg Elteren uginn, wat fir e Kand si gäre wéilten – ma net am Sënn vun “eent mat brongen Hoer a gréngen Aen”, mee a wéi enger Altersklass, op mat oder ouni Behënnerung oder Krankheet. “Bei eisem Grousse war dat Ganzt e bësse speziell an ass méi séier gaangen, well hien e ‘special needs’ Kand ass an eng neurologesch Krankheet huet”, esou d’Romaine.

 

 

No knapp sechs Méint stoung also de Geriichtstermin an d’Rees a Südafrika huet missen zack zack organiséiert ginn: “Et war relativ kuerzfristeg, esou dass mir hu misse sputen.” Pabeieren an d’Rei maan, Fliger buchen, mat der Agence en Iwwersetzer sichen, op der Aarbecht Congé ufroen. Als Adoptivelteren huet een hei am Land nämlech direkt en “congé d’accueuil” vun dräi Méint, plus de reguläre “congé parental ze gutt” – allerdéngs just fir een Elterendeel. Wéi d’Demande bis lancéiert war, hat de klenge Bouf aus Südafrika schonn zwee Joer. Seng Schwëster, déi véier Joer méi spéit an d’Famill koum, deemools eréischt 18 Méint. “Déi sechs Méint Ënnerscheed am Alter hu relativ vill ausgemaach, ënner anerem well den Edy mat zwee Joer eis Sprooch net kannt huet, d’Julie par contre nach guer net schwätze konnt an dat do keen Thema war”, erënnert sech d’Romaine.

Generell huet d’Mamm hir zwee Adoptivkanner ganz ënnerschiddlech erlieft, well de Charakter an d’Ëmstänn ganz anerer waren. “De Groussen hat vun Ufank un immens vill Verloschtängscht an huet vill gekrasch a Krise gemaach. Bei dem Klenge war dat guer net esou, mee mir wëssen natierlech och net wéi béid Schwangerschafte waren.” Am Alldag wier d’Haaptschwieregkeet, de Kanner Sécherheet ze ginn an ze weisen, dass hir nei Eltere fir si do sinn – an dat fir ëmmer. “Mir hunn zwar net déi selwecht Hautfaarf, mee mir sinn eng Famill”, seet d’Romaine stolz. Ma bis dat neit Quartett sech iwwerhaapt a Lëtzebuerg e gemeinsaamt Liewen opbaue konnt, huet et nach e ganze Strapp gedauert – beim Edy ganzer sechs Wochen. E neie Pass an e Visa hu missen hir, beim méi jonke Julie dogéint just en “Laissez-Passer”-Reesdokument.

Firwat déi zwee Butzen zur Adoptioun fräigi goufen, weess d’Famill net, just dat hei: “Den Dag nodeems d’Julie op d’Welt komm ass, war seng Mamm verschwonnen. Mee de Fait, dass si fir d’Accouchement an eng Klinik gaang ass, weist, dass et hir wichteg war, dass et dem Kand gutt geet an et eng Chance kritt, an dat kann ech him och mat op de Wee ginn.” Op de Kanner hir Froen äntweren d’Romaine a säi Mann esou gutt si kënnen an ëmmer éierlech, mat 18 Joer dierfen den Edy an d’Julie da selwer entscheeden, op si e Bléck an hiren Dossier werfe wëllen oder net. Begeeschtert vun der Heemecht war den Edy scho bei der Adoptioun vu senger neier Schwëster, wéi d’Romaine verréit: “Hien freet eis ëfters fir zréck a wa mir fillen, dass si a mir prett sinn, da fléie mir och mat him dohin.”

 

 

 

Um Geriicht heiheem gouf d’Lëtzebuerger Koppel als offiziell Eltere vun de Kanner agedroen, ma ë bësse gespaant op d’Pubertéit ass d’Adoptivmamm dann awer trotzdeem: “Einfach wéi sech déi ganz Bindung wäert entwéckelen a Froen no ‘Wien sinn ech?’” Fir der Famill Ried an Äntwert ze stoen an si op hirem gemeinsame Wee ze begleeden, gouf wärend fënnef Joer eng assistante sociale zur Verfügung gestallt, déi reegelméisseg den Dossier kuckt an och Feedback a Südafrika schéckt. Ma an den eegene véier Wänn gëtt et fir Adoptivelteren a -kanner awer keng Schounfrist, esou d’Romaine: “Et muss een direkt ufänken sech uneneen ze winnen. Beim Edy huet et zwee Joer gedauert, bis e mech als Mamm akzeptéiert huet. Hien huet mir laang gewisen, dass vill Fraen hie schonn am Stach gelooss hunn, an dat kréien ech och haut nach heiansdo ze spieren. Bei sengem Papp ass dat méi séier gaang.”

Emgedréit hat d’Romaine awer schonn no zwou Stonnen e gudden Drot zu sengem Meedchen, wärend säi Mann nach méintelaang mat Kräischattacke begréisst gouf, wann e vun der Aarbecht heem komm ass. “Hatt huet keng Männer kannt an hien extrem gefaart”, erkläert d’Romaine. Fir den Edy war de neie Familljemember awer eng riseg Freed, déi him gehollef huet, sech nach besser doheem anzefannen: “Ech froen hien ëmmer wat säi Bauch seet a wéi mir him erkläert hunn, dass d’Julie elo fir ëmmer géif bei eis bleiwen, sot hien: ‘Mama, et sinn 100.000 Häerzer a mengem Bauch an déi maan all zesummen Disko!’” Op komesch Blécker reagéiert d’Famill haut beim Spadséiere goe ganz verwonnert, well fir si spillt och hir ënnerschiddlech Hautfaarf keng Roll. “Ech gesinn dat guer net méi”, seet d’Romaine mat engem Laachen. Fir hatt ass kloer: et ass en Happy End, fir Kanner, déi Eltere gebraucht hunn an eng Koppel, déi dëst méi wéi gäre wollte sinn.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply