Hallo Häerzschmäerz

„What is stronger/than the human heart/that shatters over and over/and still lives” – e kuerze Saz, eigentlech ganz simpel, an dach iergendwéi immens… wow. Einfach, well jiddereen et schonn eng Kéier gespuert huet, dat Gefill, wann d’Häerz an dausend Stécker zerbrécht an awer iergendwéi ëmmer an ëmmer weiderschléit. Mat sengem Gedicht ‘stronger.’ huet d’Rupi Kaur ausgedréckt, wat Millioune Frae weltwäit zwar fillen, ma oft net a Wieder faasse kënnen – oder wéinstens net esou, dass et en Impakt huet. Der Kanadierin mat indesche Wuerzelen hir Aussoen hunn en Impakt, net nëmmen op hir 3,6 Milliounen Insta-Follower, ma mëttlerweil op Lieser aus all Ecke vun der Welt.

Bekannt ginn ass déi jonk Schrëftstellerin awer unsech guer net duerch Wieder, au contraire: dem Rupi seng éischt Kreatioun war visuell, mat engem Message esou staark, kee Saz aus kengem Buch hätt e besser kënnen eriwwerbréngen. Rieds ass vun enger Foto, déi d’Rupi 2015 op sengem Instagram Account verëffentlecht huet. E Meedchen, hellt Bettgedécks, e roude Fléck. D’Serie ‘period.’ war ursprénglech als Projet fir d’Uni geduet a sollt en Tabu briechen, nämlech dee vun der weiblecher Menstruatioun. Ma dem Rupi seng Foto huet net laang am Internet iwwerlieft a gouf schonn no Kuerzem vun Instagram geläscht. Ze vill Provokatioun fir eng Plattform, déi kreativ Fräiheet zwar promouvéiert, en ze visibelen Nippel awer kategoresch zenséiert. De Skandal war perfekt an no engem ëffentleche Bréif säitens der Fotografin ass d’Story viral ginn.

Zënterhier ass de Succès vun der jonker Kënschtlerin net méi ze stoppen, well d’Rupi huet e Nerv getraff, dee bei ville Frae scho laang gequëtscht war. Seng Fotoe sinn dobäi awer mëttlerweil éischter an den Hannergrond geréckelt: der Kanadierin hir Stäerkt ass d’Sprooch. A kuerzen, komplett kleng geschriwwene Gedichter schwätzt d’Rupi Themen un, mat deenen sech Milliounen identifizéiere kënnen: Léift, Weiblechkeet, Verloscht, Migratioun, Trauma. A wien seng Posts op Instagram verfollegt, dee versteet och schnell, wou dem Rupi säin Erfolleg hirkënnt. Well am Géigesaz zu soss oft onverständlecher Lyrik sinn der jonker Schrëftstellerin hir Texter esou banal, dass se direkt do ukommen, wou se sollen. Dräi, véier Zeilen, eng schwaarz Skizz dernieft, e kursiv getippten Ënnertitel – méi brauch et net, fir d’Leit ze beréieren.

2014 huet d’Rupi seng Gedichter dann och fir d’éischte Kéier an engem Buch zesummegefaasst. ”milk and honey” verzielt op 204 Säiten d’Geschicht vu verluerener Léift, dem Prozess vum Libeskommer, der Péng, an der Heelung dono. Véier Kapitel, déi ville jonke Meedercher a Fraen direkt aus der Séil schwätzen.

A genau dëse Fraen gëtt d’Rupi an engem Libesbréif op der leschter Säit vum Buch Kraaft. Fir weiderzemaachen, fir no vir ze kucken, fir si selwer ze sinn. Well fir hatt si mir all eent, mir all hunn eis Geschichten a mir all sinn einfach eppes Wonnerbares a genau dat wëll hatt vermëttelen.

Seng Gedanken hunn dann och en zweet Buch ervirbruecht, ma “the sun and her flowers” geet awer méi wäit wéi säin éischt Wierk: et ass en Hommage u seng Wuerzelen, u seng Famill. Well dass dat 26-Järegt elo do ass wou et ass, huet d’Rupi virun allem sengen Elteren ze verdanken, déi 1996 aus Indien a Kanada ausgewandert sinn an him alles dat mat op de Wee ginn hunn, wat hatt a senger Konscht zum Ausdrock bréngt.

An obwuel dem Rupi seng Poesie oft wéinst hirer Einfachheet kritiséiert gëtt, schwätzen d’Reaktiounen op seng kuerz Texter Bänn. Net fir näischt fënnt ee ‘stronger.’ op Honnerte Plakater vu Feministinne bei Demonstratiounen erëm, net fir näischt ass et genau dat Gedicht mat der Häerzzeechnung niewendrun, wat jonke Meedercher op der ganzer Welt duerch den éischte Libeskommer erduerch hëlleft.

Well eppes ass sécher: keng Wieder sinn esou éierlech, wéi déi vun enger Fra, déi Léift empfonnt huet a keen Zitat schaalt esou wäit, wéi dat, wat einfach aus déifstem Häerze kënnt.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply