Hallo Welt

Nach zwee Deeg, dann ass et schonn sou wäit an d’Fréijoer steet virun der Dir. A wat fir e besseren Zäitpunkt kéint et ginn, fir sech mat deem enge groussen Thema ze befaassen, wat bal all Mënsch zu iergendengem Moment am Liewe beschäftegt: Kannerkréien. Viru Kuerzem hat MADI d’Lynn Wagener am Interview, wat vu sengem Job als Doula erzielt huet an dovun, wéi schéin et ass Mamme wärend hirer Schwangerschaft ze begleeden. Spéitstens säitdeems misst eng Saach dann och méi wéi kloer sinn: eng Schwangerschaft, en Accouchement an d’Zäit duerno hu vill Facetten a si vu Famill zu Famill anescht. Dass et deementspriechend och méi wéi eng Variant gëtt, fir e Puppelchen op d’Welt ze setzen, schéngt evident.

Ma trotzdeem hinkt Lëtzebuerg a sou munche Saache sengen Nopeschlänner fatzeg hannendrun, ënner anerem wann et em d’Thema Gebuertsplaz geet. Wou Däitschland a Frankräich schonn en ganzt Netzwierk u sougenannte Gebuertshaiser etabléiert hunn, ass dat hei am Land nach net de Fall. An och wat Hausgebuerten ugeet schéngt de Grand-Duché nach e bëssen zimperlech ze sinn: bei ronn 7.000 neigebuerene Puppelcher am leschte Joer waren et der just siwen, déi an den eegene véier Wänn d’Aen fir d’éischte Kéier opgemaach hunn.

Eigentlech verwonnerlech, wann ee Mammen nolauschtert, déi selwer eng Hausgebuert erlieft hunn. D’Stéphanie Hallé-Fabbri ass eng vun hinnen a kennt sech och wäit iwwer d’perséinlech Erfarung eraus mam Thema Kannerkréien aus. Säit September 2017 schafft d’Mamm vun zwee klenge Bouwen als Beroderin fir Famillen, a begleet frësch gebaken Elteren, oder déi déi et nach wäerte ginn, op hirem Wee. Mat 34 krut d’Stéphanie säin éischt Kand an engem Gebuertshaus, dat zweet ass dunn gemittlech a sengem eegenen Doheem op d’Welt komm. “Dat war fir eis einfach déi beschten Optioun”, verréit d’Stéphanie. Eng absolut Draamgebuert, esou huet hatt de ganz besonnesche Moment an Erënnerung, an dofir wëll dat haut 39-Järegt des Erfarung och un aner Mamme weiderginn.

“Et ass einfach eppes ganz anescht, wann een op senger eegener Mëscht sëtzt. Et fillt een sech direkt vill méi wuel, et kann een d’Luuchten dimmen, Käerzen ufänken, mat Aromatherapie schaffen a Leit invitéieren. Et mëscht een alles a sengem Rhythmus, ouni dass en aneren sech amëscht”

Natierlech ass genau wéi bei Accouchementer am Spidol och hei d’Präsenz vun enger Hiewamm en absolute Muss, ma fir de Recht ass et un den Elteren ze decidéieren, op wéieng Manéier hire Puppelchen op d’Welt komme soll. A genau heifir si Beroderinne wéi d’Stéphanie do, fir zukünftege Mammen a Pappen all hir Optiounen ze erklären an hinnen och soss mat guddem Rot zur Säit ze stoen. Konkret bedeit dëst, dass si Coursen a Workshoppe halen, an deenen een alles ronderëm d’Familljeliewe léiere kann. Säit 2017 ginn et des dann och beim Stéphanie doheem zu Sëll, a sengem “Haus um Sand”.

“D’Ëmsetzung klappt bei deene meeschte Fraen immens gutt an et ass och schéin ze gesinn, wéi ëmmer méi Elteren sech scho virun der Gebuert wëlle preparéieren”

Virbereedung ass dann och d’Stéchwuert, well wien sech scho wärend der Schwangerschaft bewosst mam groussen Dag auserneesetzt, deen huet schonn den éischten, mentale Schrëtt vum Accouchement gemeeschtert.

E Kand doheem op d’Welt setzen dierf een dann awer eréicht ab der zweeter Schwangerschaft – einfach well een da scho weess, wéi den Hues leeft. Ma och déi Elteren, déi schonn e Butz doheem hunn kënnen sech beim Stéphanie nach zousätzlechen emotionale Support huelen an alles zu de verschiddene Gebuertsgesetzer léieren. “Eng Gebuert ass ëmmer mat vill Aarbecht verbonnen, et ass ganz kloer eng Grenzerfarung, mee wann een sech gutt drop virbereet huet, da geet ee vill méi selbstbestëmmt a gestäerkt an dese Prozess eran an oft gëtt ee fir seng Méi belount”, esou d’Beroderin. Nieft senger eegener Hausgebuert war d’Stéphanie dann och scho bei zwee aneren, ganz besonneschen Accouchementer als Ënnerstëtzung mat dobäi:

“Dat eent war zu Mäerzeg am Gebuertshaus, déi aner Gebuert war doheem am Gebuertspool, dat ass eng Zort opblosbaart Becken mat waarmem Waasser, wou d’Mamm entspane kann an d’Gebuert méi douce verleeft. Dat ass och fir de Puppelchen e vill méi schéinen Iwwergang vum Bauch eraus an d’Welt”

Vermëttele well d’Stéphanie dann awer net nëmmen, wéi een sech am beschten op eng Gebuert an d’Elteren-sinn duerno virbereet, ma virun allem, dass Kannerkréien eppes immens Schéines ass – virausgesat, d’Konditioune stëmmen. “Et ginn ëmmer méi Elteren, déi gewuer ginn, dass et Alternative gëtt an een net onbedéngt an d’Spidol muss fir säi Bébé ze kréien. De Choix ze hunn hëlt ville Leit den Drock eraus, an amfong soll sech eng Fra jo einfach nëmme sécher a gebuerge fille wärend der Gebuert. Dat ass dat Wichtegst.” Genau des Gebuergenheet schéngen sech dann och ëmmer méi Famillen ze wënschen, esou dass am leschte Joer am Gebuertshaus zu Mäerzeg eng 30 Bébéën op d’Welt komm sinn an och d’Demande fir Hausgebuerten stäteg an d’Luucht geet.

D‘Gefill vun „à-l’aise-sinn“ ass et dann och, wat d’Stéphanie bei senger Aarbecht ëmmer erëm materliewen dierf.

“Ee vun de stäerkste Biller, wat ech bis elo gesinn hunn war eng Fra wärend enger Hausgebuert, déi hire Puppelchen an aller Rou erausgeholl an en sech op d’Broscht geluet huet. Dat war e magesche Moment deen ech ni méi vergiesse wäert, well do hate mir eist Ziel erreecht”

Well och wann säi Projet an éischter Linn aus enger perséinlecher Erfarung eraus entstanen ass, de Message deen d’Stéphanie senge Clientë mat op de Wee gëtt gëllt fir jiddereen:

“Eltere sollen hir eegen Decisioune kennen treffen a méi op hirt Bauchgefill lauschteren. Et ass déi Selbtsbestëmmtheet déi mëscht, dass ee gestäerkt an eng Gebuert erageet a sech méi sécher fillt. An enger Fra, déi aus eegener Kraaft hire Bébé op d’Welt bruet huet, der wuessen einfach Flilleken”

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply