Happy Haut

Wat mécht ee bei deem naassem a groe Wieder am beschten? Méi no sech kucken! A wat gëtt et Besseres wéi sech eppes Guddes ze dinn?! Am Summer vernoléissege mir oft eis Hautpfleg vum Gesiicht, well mir d’Sonnestrale genéissen a vill dobaussen ënnerwee sinn. Ma elo ass genau de richtege Moment fir no eiser Haut ze kucken an erëm richteg ze strale wann d’Feierdeeg do sinn.
Wëlls du erëm en stralenden Teint… manner Falen, rout Plazen, Pigmentflecken oder Pickel lassginn? Dann hunn mir en Geheimtipp fir deng Haut.

Zu der deeglecher Fleeg fir eist Gesiicht gehéiert och en Peeling fir déi al Hautschuppen ofzerubbelen. Fir richteg déif ze goen, geet en Peeling aus dem Supermarché ewer nik duer. De Centre de Beauté “Perfect Beauty by Jil” bitt en chemesche Peeling un, dee richteg Wonner vollbrénge kann.

Dëse medezinesch, kosmetesche Peeling aus Fruuchtsäuere vun der Marque Germaine de Capuccini soll een sech am beschten am Hierscht gënnen, well d’Haut am Summer ze vill vun der Sonn beusprocht ass awer och beim Wiederwiesel vu Wanter op Fréijoer/Summer ass sou en Peeling ze empfehlen. Duerch dëse Peeling kënnt eng Schicht Haut erof, wat wonnerbar Resultater erzielt. Germaine de Capuccini gehéiert schon zanter 60 Joer zu den féirenden Marken vun der Welt am professionnellen, kosmeteschen Beräich an nëmmen déi bescht Salonen schaffen mat dëser exclusiver Mark.

D’Haut gëtt opgepolstert mat Fiichtegkeet, kritt erëm Elastizitéit an doduerch gëtt d’Hautbild verfeinert. Falen, Pigmentflecken, Pickel a souguer Narbe gi verbessert.

Als alleréischt gëtt an engem Gespréich mam Jil beschwat, wat d’Ziel vun der Behandlung soll sinn an dono kuckt hat, wéi en spezifesche Peeling hat uwennt. Sou ee Peeling soll een nëmme vun enger professioneller Kosmetikerin maache loossen, well en sou staark as, dass wann een en falsch uwendt, en d’Haut beschiedege kann.

D’Haut gëtt propper gemaach fir dass d’Produite richteg wierke kënnen. Dono kréien d’Aen an den Mond en Schutz opgeluecht an da gëtt de Peeling amasséiert, virun allem op de Problemzonen an um Hals an Décolté. Dëst zitt en bëssen, et kribbelt op der Haut, fillt sech pecheg un a kann och mol waarm ginn.
Dono gi waarm Kompressen mat engem Neutralisateur op d’Haut geluecht fir d’Wierkung vum Peeling opzehiewen. De Serum an den Mask deen dono opgedroe gëtt, zéihen super an wéinst dem Peeling vu virdrun a ginn awierke gelooss. Elo kann d’Naturpower richteg déif wierken an dat Bescht aus der Haut zauberen. Zum Schluss kënnt nach eng reparéirend Crème op d’Gesiicht fir d‘Behandlung nach ze verstärken an dir kritt déi richteg Prouiten mat heem fir den ganzen Soin ofzeronnen.

Fir en richtegt gutt Resultat ze erzielen, soll een dës Prozedur a 4 Sessions maache loossen, all zwou Wochen.
D’Haut straalt dono erëm wéi eng Bébéhaut, versprach! Wann dir also fir Chrëschtdag erëm richteg strale wëllt, ass elo de Moment do, fir äer Haut esou richteg verwinnen ze loossen, d’Jil mécht iech och en besseren Präis wann dir eng Kur bucht.

Mady Lutgen

Fotoen: Taran Shadman


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply