Happy Skin

D’Schéinheet vun eiser Haut fänkt ëmmer domat un, wéi se gefleegt gëtt. Dat richtegt Proppermaachen ass dat Allerwichtegst. Ech weess ech weess, Du hues keng Zäit fir 100 Produkter unzewenden a Stonnelaang virum Spigel ze stoen. Dofir huet Nu Skin extra ee Beauty Gerät op de Marché bruecht, dat einfach unzewende ass, nik vill Zäit brauch an ewer effektiv ass.

Den ageLOC LumiSpa. Mat dësem Wonnergerät gëtt et keng Excuse méi fir seng Haut nik richteg ze fleegen a virun allem fir nach Falen a Pickel ze hunn. D‘ Beautymachine ass vum Euromonitor zur weltwäiter Nr. 1 am Beräich „Beauty-Geräte-Systeme zur Heimanwendung 2017 und 2018“ gekréint ginn a gëtt och a Fraemagasinner wéi der „Elle“ oder „Cosmopolitan“ an den Himmel gelueft.

De waasserdichte LumiSpa benotzt ee moies an owes jeeweils zwou Minutte laang fir d’Haut propper ze maache mat engem Activating Cleanser Produit, deen d’Wierkung vum Gerät nach eng Kéier zousätzlech ënnerstëtzt. Den Accent Obsatz aus Silicon kann ee ganz einfach erof huele fir propper ze maachen. Et bleift hei och kee Knascht hänke wéi a verschiddene Biischten. Et kritt een och zousätzlech nach en anere speziellen Opsaz mat Produit fir d’Aenfleeg. A wat bewierkt lo d’Benotze vum LumiSpa? An nëmmen zwou Minutte profitéiert deng Haut vu 7 Beneficer: Se gëtt grëndlech gerengegt, d’Poren gi verfeinert, d’Haut gëtt méi geschmeideg, se gesäit méi zaart aus, straalt méi, den Hauttoun gëtt méi kloer a gläichméisseg an den Teint gëtt méi frësch.

Dem MADI seng Erfahrung:

Ech benotzen de Lumispa elo zanter dem Fréijoer eemol den Dag moies, well ech owes ze midd sinn. D’Fleeg hëlt mir moies 2 Minutten. Ech mierken, dass mäin Teint vill méi fresh ass. D’Poren si méi kleng ginn. Ech hunn manner Pickel a manner Falen. Ech si wierklech liddereg wat Crèmen a Propper maache vun der Haut ugeet, dofir ass de Lumispa wierklech perfekt fir mech. Wanns Du dir an denger Haut eppes Guddes wëlls dinn, ass de Lumispa wierklech eng gutt Investitioun. Beim Mimi kriss Du als MADI Member iwwregens 20 Prozent Reduktioun. Wann dat kee Grond ass fir sech nach selwer en Chrëschtkaddo ze maachen. Oder spill mat beim MADI Adventskalenner a gewann ee Lumispa.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply