Happy Steps

Wéi vill Schrëtt gees du den Dag? Warscheinlech nik genuch…sou wéi déi meescht vun eis. An eisem Alldag hunn mir verluer ze Fouss ze goen. Mir huele fir alles den Auto a parken sou no wéi méiglech. Och um Büro lafe mir nik wäit.

Déi lescht Joren hunn ech am Duerchschnëtt 2000 Schrëtt den Dag gemaach. Fir mech war dat normal. Bis ech virun dräi Méint en Artikel driwwer gelies hunn, wéi wichteg et ass genuch Beweegung ze hunn. Dass dat fir gesond ze sinn, dat Allerwichtegst ass. An d’Experten am Artikel waren sech eens, dass ee mindestens 10.000 Schrëtt den Dag misst maache fir fit a gesond ze sinn. Dat sinn tëscht 6 an 8 Kilometer. Jee wéi grouss Schrëtt ee mécht.

Ech hunn mir ëmmer virgeholl mech méi ze beweegen, mee du weess wéi et ass. Am Alldag fënnt een iergendwéi ni Zäit dofir.

Wärend der Coronazäit wollt ech wëssen, wat et lo mat dëse mageschen 10.000 Schrëtt op sech huet. Sollen dës Schrëtt ee wierklech veränneren?

Ech hunn d’Missioun 10.000 Schrëtt den Dag ugefaangen.

Wärend dem Confinement ass et mir liicht gefall bei deem gudde Wieder all Dag trëppelen ze goen. Och duerch mäi Mupp Jetti sinn ech zanter lescht Joer Januar méi strapazéiere gaange wéi soss, mee keng 8 km den Dag. D’Confinement-Zäit huet eis ugedriwwen déi 10.000 Schrëtt all Dag ze maachen, souguer méi. Am Ufank war et fir mech schwéier op dës Zuel ze kommen. Et war ongewinnt souvill ze trëppelen. D’Konditioun huet mir och gefeelt, et war ustrengend. Mee schonn no puer Deeg hunn ech mech un d’Beweegung gewinnt an ugefaangen de Moment ze genéissen a virun allem och d’Natur…

Et ass wéi eng Meditatioun, d’Trëppele léist een am Moment bleiwen. Et vergësst een d’Welt an et ass ee méi mat der Natur connectéiert. Och komme mir wärend ech spadséiere ginn déi beschten Iddien. Ech hale souguer Reunioune mat mengem Team of wärend ech walken.

Schlussfolgerung no 10 Méint trëppelen, trëppelen, trëppelen:

Nom Confinement fält et mir schwéier déi 10.000 Schrëtt all Dag ze maachen. Et gehéiert lo vill Disziplin dobäi fir sech 1 bis 1 ½ Stonn den Dag ze huele just fir seng Beweegung. Ech maachen keng 10.000 méi mee 6.000.

Am grousse ganze klappt et ewer well ech dee feste Rv mat mir selwer wëll anhalen, fir mech. Fir mir eppes Guddes ze dinn.

Wéi hunn dës Schrëtt mäi Liewe verännert:

Duerch d’Beweegung hunn ech nach méi Loscht op Beweegung. Ech muss mech beweege soss fillen ech mech nik gutt.

Ech si vill besser drop. Am Allgemengen hunn ech méi Energie wéi soss a schlofe besser. Ech sinn ni krank, mäin Immunsystem ass gestärkt ginn.

Ech hunn vill méi Muskelen an de Been an hunn ofgeholl. Ech fille mech fit an dat huet och all Dokter wou ech an de leschte Woche war mir bestätegt, dass ech topfit a gesond sinn. Ee vun den Doktere sot och, dass ech wann ech all Dag souvill ginn, keen zousätzleche Sport brauch. Doduerch dass ech méi Beweegung hunn, iessen ech och méi gesond. Et ass en Dominoeffekt an ech rode jidderengem un einfach méi ze trëppelen.

Looss den Auto mol stoen a géi ze Fouss. Installéier en Schrattzähler op dengem Handy a setz dir all Dag en klengt Schrëttziel. Du wäers gesi wéi d’Schrëtt däi Liewen zum Positive veränneren.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply