Happy Tour

„Vakanz heiheem“, ënnert dësem Motto steet wuel ganz kloer de Summer vun dësem Joer. An hei am Land kënne mir nach sou Munches entdecken.

De „Guide For One Day“ ass eng Initiative vum Tourismusministère fir den Touristen aus dem In- an Ausland eist Land ze weisen. Mir vu MADI haten eis gemellt als Guide an hunn eng Terrassentour an der Stad proposéiert. Um Site vum „Guide For One Day“ konnt een sech fir dës Tour umellen. Dëst Joer ass Zuel vun den Teilnehmer durch de Coronavirus limitéiert, sou dass 9 Leit sech ugemellt hunn. Eis Tour ass also fully booked.

Mir treffen eis mat den Teilnehmerinne beim Palais. Déi meescht sinn zu zwee komm, ma eng Madamm ass eleng komm a léiert denowend vläicht nei Frënn kennen.

Mir verstinn eis all direkt an et kënnt eng gutt Stëmmung op.

Lass geet et mat eiser Terrassentour op der Corniche. Hei huet de gudde Wëllen seng „de gudde Weather“-Terrasse iwwert de Summer opgeriicht. Dës ass all Dag op ausser Méindes a nëmme wann gutt Wierder ass. Am beschten et reservéiert een am viraus en Dësch well fir spontan eng Platz ze kréien ass bal onméiglech. Vun hei aus huet een eng immens Vue op d’Stad. Op hirer Kaart ass vu Crémant bis Gin alles ze fannen.

Op der gudder Weather Terrasse ass eng good time garantéiert.

Mir genéissen de Sonnenënnergang nach an da geet et scho weider, déi nächst Terrasse waart.

Quasi direkt nieft der Corniche ass de Restaurant L’Annexe ze fannen, dee fir seng immens Terrasse bekannt ass.

Hei fillt een sech wéi an der Vakanz.

Ob Cocktails, engem Gliesche Rosé oder och en gudde Maufel. Hei ass ee richteg. Iwwert de Summer organiséieren si och ëmmer mol special Events Samschdes oder Sonndes Mëttes. Mir decidéieren eis fir en kale Rosé a kréie vun der Chefin en Grouss aus der Kichen zerwéiert, iwwert dee mir eis all riseg freeën.

Dono zitt et eis nach an d’Alstad op Terrasse vum Dipso. En Besuch an dësem Deel vun der City ass en Must.

De Sprong an d’Vergaangenheet kann een néierens sou genéisse wéi op dëser Terrasse.

Den Dipso ass ausserdeem bekannt fir de beschte Wäin a Planchettë vun der ganzer Stad. Wärend eiser Tour hunn mir eis alleguerte kennegeléiert. Mir tauschen Nummeren aus a maache schonn direkt en Rv aus fir eis geschwënn erëm ze treffen.

Huet dir och elo Loscht kritt eist Land nei ze entdecken, Platzen ze gesi wou dir nach ni waart, Geschichten ze héieren déi dir nach nik wousst oder einfach nei Frëndschaften ze schléissen? Dann gitt bis op d’Säit vum „Guide For One Day“ kucken a sicht iech een oder méi Touren eraus a mellt iech un. Mir wënschen iech all ganz vill Spaass bei ärer  Vakanz heiheem.

Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply