Hierscht Equinox

Et ginn 2 grouss Erntedankfester: dat éischt Fest, Lughnasadh, wat um Virowend zum 1. August gefeiert ginn ass an den Iwwergang an d’Hierschtenergie markéiert huet. Elo war dann dat 2. Erntedankfest: Mabon, wat traditionell em d’Dag- a Nuechtgläicht am September gefeiert gëtt (an dëst Joer op den 23. gefall ass), wann den Dag an d’Nuecht genee d’selwecht laang sinn an den offiziellen Kalennerufank vum Hierscht markéiert. Mabon ass een vun de véier grousse Sonnefester am kelteschen Joreskrees.

 

 

Et ass elo offiziell: déi Zäit vun de laangen Deeg a kuerzen Nuechten ass definitiv eriwwer. Nom Hierscht Equinox gëtt alles ëmgedréint a mir, op der Nordhallefkugel, trieden an déi däischter Zäit vum Joer iwwer, wärend d’Südhallefkugel an déi liichtvoll Joreshalschent iwwer geet. Fir eis ginn eis Deeg nees méi kuerz wéi eis Nuechten an sou steet Mabon also souwuel fir déi organisatoresch wéi och fir déi séilesch Virbereedung op déi kal an däischter Joreshalschent.

D’Kelten hunn zum Hierscht Equinox traditionell dëst grouss Erntedankfest gefeiert. Sou wéi schonn beim éischten Erntedankfest, huet sech villes dorëmmer gedréit e grousst Fest oofzehaalen mat alle Räichtemer déi d’Natur engem geschenkt huet. Et ass vill giess a gedronk ginn an sech dofir bedankt ginn. De Schwéierpunkt louch bei der Wäertschätzung an Dankbarkeet fir d’Fruchtbarkeet vun Mamma Natur déi eis ernäert. Op dëst Fest den Enn vun der Erntezäit markéiert oder net, doriwwer kann ee streiden – ech liesen ëmmer rëm dass Mabon den offiziellen Enn vun der Saison markéiert. Fir mäin Empfannen, an och déi Variatioun fënnt een an Texter erëm, ass den offiziellen Enn vun der Ernte zu Samhain. No Samhain gi schliisslech och – op mannst an der Kraiderléier sou wéi ech se bäibruecht krut – keng Kraider méi gesammelt. Wéi wichteg et lo ass sech op genee Datumer ze behaapten oder net, ech denken dat ass eng Ugewunnecht vum moderne Mënsch, deen konditionnéiert ginn ass, no engem strengen reguléierten Timing ze liewen. Wann een déif mat der Natur verbonnen ass, sou wéi eis Anen et waren, da lieft een mat hiren Joereszaiten am Aklang an da weess een, wat een zu wellechem Moment kann maachen an dofir brauch een dann och kee Kalenner.

Wat op alle Fall ganz sécher ass, Mabon war déi Zäit, wou nach eemol virum Wanter alles iwwerpréift ginn ass, am Haus souwéi am Haff, fir sécherzestellen, dass alles wanterfest wär. Et ass dofir gesuergt ginn, dass een an de kommende Wochen dreschen a waarm géif do sëtzen an de Proviantkeller gutt gefëllt war. Och fir d’Déieren huet missen genuch Fudder stockéiert ginn. Dat huet alles mat gréisster Suergfalt missen geschéien, schliisslech wosst een ni am Viraus wéi laang an haart de Wanter géif ginn. D’Vorräte déi een zanter dem 1. August gesammelt huet sinn elo all gelagert ginn an et ass sech drop agestallt ginn, dass no deene ville laange Wochen déi een dobaussen um Feld an an der Natur verbruet huet, déi kommend Zäiten ëmmer méi dobannen ofgehale ginn. Dëst Erntedankfest stellt also och eng Transitioun an e kommenden Ofschloss duer an et ass dovunner profitéiert ginn fir no Schutz am Wanter ze bieden.

Bei den Germanen ass den Hierscht Equinox ënnert dem Begrëff Herbstding gefeiert ginn.

mabon – de begrëff

De Numm Mabon huet awer guer näischt mat der Ernte ze dinn, mee koum réischt vill méi spéit an d’Spill an ass wuel réischt an den 70’er Joren duerch d’Wicca Beweegung an Amerika fir d’éischt Kéier benotzt ginn. De Begrëff staamt aus der walisescher Mythologie: Mabon ap Modron deen och als gëttlecht Kand bezeechent ginn ass an heescht souvill wéi “Groussen Jong vun enger Grousser Mamm”. Seng Mamm Modron ass soss näischt wéi déi walisesch Muttergëttin. De Numm ass laut aktueller Interpretatiounen eng eeler Form vun Maponus oofgeleed, engem kelteschen Gott.

Laut den Legenden ass den Mabon, 3 Deeg no senger Gebuert, entfouert ginn. De Kinnek Arthur an seng Ritter hunn sech direkt op seng Sich gemaach an hunn sech de Rot vun den eelsten Déieren vun der Welt (an domatt och déi gescheitsten) geholl: der Amsel, dem Hirsch, der Eil, dem Adler an dem Lachs. De Riesenlachs wosst genee, wou de Mabon ze fanne wier. Op sengem Réck sinn d’Ritter dunn flossopwärts op Gloucester geridden, wou si de Mabon endlech befreie konnten. An deene selwechten Legenden gëtt gezielt, dass de Mabon spéider, als erwuessene Mann, selwer een vum Arthur sengen Tafelritter ginn ass.

Allgemeng wësse mir dass eis Anen alles des Joresfester gefeiert hunn, mee et ass net ëmmer kloer, ënnert wellchem Numm et ursprénglech gefeiert ginn ass. A mengen Aen ass et och net wierklech wichteg ze wëssen, wéi et deemools geheescht huet, d’Bedeitung an d’Grënn sinn méi wichteg wéi e Begrëff.

 

Energetesch gesinn

Energetesch gesinn kann een d’Virbereedung op de Wanter net eleng an eenzeg op d’Haus bezéien. De Summer ass d’Zäit wou een mat senger ganzer Opmierksamkeet no bausse geet, sief et fir d’Schéinheet vun der Natur ze genéissen oder seng Zäit mat Famill a Frënn bei Summeraktivitéiten ze verbréngen. De Wandel an déi kal Joreszäit ass och eng Virbereedung dorop, dass d’Opmierksamkeet elo erëm no banne geet, dat heescht net nëmmen dass d’Aktivitéiten sech elo änneren oder no bannen verluecht ginn, mee et kennt och elo eng Zäit vun der Rou, der Introspektioun an dem ënnerlechen Gläichgewiicht.

D’Stëchwieder fir des Zäitqualitéit sinn ganz eendeiteg:

 

Dankbarkeet a Wäertschätzung

 

Fir wat bass du dankbar an dengem Liewen?

Kanns du, dat wat’s du hues, wäertschätzen?

Wou sinn deng Wäerter?

Mir hunn d’Tendenz eis ëmmer rëm op dat ze konzentréieren, wat mer net hunn, net kennen, net erreecht hunn. Elo ass d’Zäit nach eemol ganz genee Bilan ze zéien fir dat wat mer alles hunn, wat eis déi läscht Méint bruecht hunn an och déif Dankbarkeet dofir auszedrécken.

 

Transitioun

Des Qualitéit vun der Transitioun an déi däischter Joreszäit fanne mir och an eise perséinlechen Themen a Musteren zréck an sou mécht et och Sënn sech ze froen:

Wat kann ech maachen, fir dass mir des Transitioun sou einfach wéi méiglech fällt?

Bei munche Leit geet et bal vum selwen, déi sprangen voller Begeeschterung mat hirem Pumpkin spice latte an der Hand ënnert d’Decken a freeën sech iwwert dee Wiessel. Bei Aneren geet dat awer net automatesch. Ech fir mäin Deel kann e Lidd dovunner sangen, egal wéi wichteg ech weess, dass et ass, sech net dergéint ze wieren, fällt et mir ëmmer rëm schwéier de Summer goen ze loossen a mech op Strëmp an zouen Schong anzestellen. An deem Fall dierf een ganz douce a gedëlleg mat sech selwer sinn an sech ganz bewosst maachen, wat een kann maachen, fir dozou bäizedroen, dass ee gutt an an duerch dee Wiessel kennt…

Och d’Transitioun vun baussen no bannen fällt net jidderengem einfach, notamment fir Leit déi net sou gären an d’Introspektioun ginn a sech léiwer oflenken. Déi däischter Joreszäit huet awer d’Tendenz dat ëmmer rëm wëllen erauszefuerderen an och do kann et hëllefräich sinn sech déi Fro ze stellen, fir sech einfach selwer bewosst ze ginn, wéi ee besser duerch des Iwwergangszäit kennt.

 

 

 

 

Glaichgewiicht

Sou wéi d’Längten vun Dag a Nuecht elo e neien Gläichgewiicht fannen, dierfen mir eis d’Fro stellen:

Wou feelt et mir nach u Gläichgewiicht?

Sinn ech balancéiert a menge Gedanken, menger Ernährung, mengen Rou- an Aarbeschtsphasen?

Wou a wéi kann ech nach méi Balance a mäi Liewen erabréngen?

 

 

Harmonie

Fillt sech grad alles harmonesch un oder wou feelt et mir an engem Beräich un Harmonie?

Waat kann ech emstetzen oder änneren fir des Harmonie hierzestellen?

Alles wat ech iwwert dat éischt Erntedankfest punkto Emsetzung geschriwwen hat ass och fir dëst Fest nach ëmmer aktuell. Et ass eng perfekt Geleeënheet fir an der Natur e Ritual ze feieren an e Merci ze hannerloossen a wéi ëmmer, bei all desen Deeg vum Joreskrees, wou de Schleier zu den net materiellen Welten ganz dënn ass, kann een sech mat den Naturwiesen, sengen Anen an all aneren net siichtbaren Energien ganz gutt connectéieren. Et kann een e Fest feieren, mat sengen Ernten vum Summer, souwuel materiell (um Teller) wéi spirituell.

Déi Deeg em den Equinox lueden eis an, eis genee déi uewen genannten Froen ze stellen. Et ass eng Zäit vum Bewosst ginn a Merci soen, fir dat wat mer scho hunn, souwéi dat wat mer déi läscht Méint erreecht hunn. Et ass awer och eng Zäit vum Wënschen. Et ass eng Zäit fir ze méditéieren an an eis ze goen, fir eis Äntweren ze fannen, Dankensritualer oofzehaalen, Kraaft ze sammelen an eis der Transitiounszäit kloer bewosst ze ginn an eis eis Zieler a Wënsch fir déi donkel Joereshalschend ze formuléieren.

Waat kann ech maachen fir gudd duerch déi nächst Méint ze kommen? Waat brauch ech?

Ech wenschen jidderengem eng harmonesch Transitioun.

Cynthia vun Black Moon-Werifesteria

 
 
 
 

Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply