HPV What?

3 vu 4 vun eis kommen iergendwann an hirem Liewen an de Kontakt mat dem Humane Papillomavirus. Ee Kontakt op dee mir wierklech verzichte kinnten. Eis Fraen deet dee Virus méi schäisse wéi d’Männer. Dësen Übeltäter ass nämlech verantwortlech fir de Gebärmutterhalskriibs oder Waarzelen am Genitalberäich. A vill vun eis hunn schonn dacks geziddert well den Ofstréch opfälleg war a mir nik wosste wat elo do genau leeft.

Ëmmer erëm erziele Frëndinne mir, dass se mam Ënnerleif hunn missen operéiert ginn. Dass se gelasert goufen oder eng Konisatioun hunn misse gemaach kréien. Rieds geet dann och vu Gebärmutterhalskriibs oder den Ufanksstadium dovun an ech hunn d’Gefill, dass mir do keen Duerchbléck hunn. Dass souvill Fraen dovu betraff sinn, ma keen driwwer schwätzt.

Ech selwer war och am Fall viru 5 Joer. Bis zu dem Zäitpunkt hunn ech nach ni eppes vun HPV héiere bis mäin Telefon goung owes spéit an d’Sekretärin vu menger Fraendoktesch sot ech misst an d’Biopsie kommen, mäin Ofstréch hätt Zellverännerungen ugewisen. SCHOCK. “Hunn ech lo Kriibs”? Et si mir dausend Froen duerch de Kapp geschoss. Natierlech sinn ech dunn op Google meng Äntwerte siche gaangen.

An laut Google hätt ech scho längst missen Doud sinn. Ech hunn mech selwer diagnostizéiert. Nach ni hat ech virdru vun dem Virus héieren.

Dann stinn iwwerall nach Ausdréck an den Artikele wéi PAP- a CIN Wäerter. Kléngt wéi Chinesesch, ma dat sinn d’Wäerter vun Analyse vun den Zellen, déi dono ausschlaggebend si wéi schlëmm déi Zellverännerung ass.

Déi Biopsie war fir mech d’Hell well et mega wéi gedinn huet a well ech guer nik wosst wat leeft.

Meng Fraendoc war zwar immens léif an huet mir och ëmmer erëm gesot ech misst mir am Moment nach keng Suerge maachen. Mee wéi soll een a sou Situatioune cool bleiwen, wann een nik wees mat wat een et do iwwerhaapt ze dinn huet ?

D’Waarden op d’Resultat huet mech geckeg gemaach. D’Waardezäit hunn ech wéis Du dir et lo vläicht denke kanns op Google verbruecht, wat mir nik gehollef huet, ganz am Géigendeel.

D’Resultat vu menger Biobsie war CIN 2-3. Elo nach eng Kéier vu vir. Den Ofstréch deen d’Fraendoc bei denger Visitt mécht weist Wäerter un, dat sinn d’PAP Wäerter an déi gi vun 1-5. 1 ass normal, 2 ass eng liicht Verännerung, an sou geet et da weider. An de CIN Wäert ass dee vum Gewebe selwer wat no der Biopsie analyséiert gëtt.

Meng Doktesch sot, dass et besser wier dat krankt Gewebe ewechzeschneiden. Also eng OP. Dat goung ruckzuck, zwou Wochen drop krut ech dat Gewebe wechgeschnidden, wat een och nach Konisatioun nennt.

Et gi verschidde Methoden an et hänkt ëmmer vun Dokter zu Dokter of wéi eng hie wielt a wéi wäit d’Gewebe scho krank ass.

Ech war zwee Deeg an der Klinik, anerer ginn owes schonn erëm heem. Déi eng bludden dono vill an hunn vill wéi anerer spieren ze soe guer näischt. Dofir kann een hei guer nik verallgemengeren. Ech war dono séier erëm fit. Dat eenzegt wat ass, et ka sinn dass ee Problemer bei der Schwangerschaft optrieden, duerch d’Konisatioun kann et zu Fréigebuerte kommen.

All Fra geet mat der Diagnose anescht ëm an all Fra empfënnt d’Konisatioun och anescht. Ech kenne Fraen déi Wochen dono krank waren a schlëmm Bluddungen haten oder och mat psychesche Problemer ze kämpfen haten. Et ass op alle Fall wichteg ze wëssen, dass eng Zellverännerung nik direkt Kriibs bedeit. En Tumor entwéckelt sech réischt no Joren. Dofir ass en reegelméissege Besuch beim Fraendoc sou wichteg.

Wann een eng Kéier sou eng Diagnose krut, bleift natierlech d’Angscht, dass dat erëm kënnt. Bei 90 Prozent vun de Fäll heelt eng HPV-Infektioun normalerweis bannent zwee Joer vum selwen of an och krankt Gewebe ka vum Fraendoc am Ae behale ginn an heelen, et mussen en nik direkt operéiert ginn.

Bei deene meeschte vun eis weist eng HPV-Infektioun keng Symptomer op.

De Virus gëtt duerch Geschlechtsverkéier iwwerdroen a souguer Gummie kënnen eis nik virdru schützen, dofir kënnt bal jiddereen eng Kéier an de Kontakt mat dësem Spillverdierwer.

Och Männer sinn infizéiert, hunn meeschtens keng Symptomer, mee kënnen de Virus weider ginn. Jonk Fraen an zanter kuerzem och jonk Männer kënnen sech virum éischte Geschlechtsverkéier impfe loossen. D’Impfung ass allerdéngs ëmstridden.

Et weess kee richteg  domat ëmgoen an dofir mécht den HPV Angscht. Well keen doriwwer schwäerzt a well keen doriwwer opgekläert ass. Dofir hunn ech dësen Artikel geschriwwen, fir dass Du weess, Du bass nik eleng. An mir mussen einfach méi oppen doriwwer schwätzen an eis ënnerstëtzen.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply