Kaddo vum Séi

Du hues bestëmmt och schon sou munch schéin Stonn um Stau verbruecht? Ma den Naturpark Öewersauer huet vill méi ze bidden wéi just de Séi a seng Fräizäitaktivitéiten. Hei ginn e ganze Koup flott Produiten produzéiert, déi sech ideal als Chrëschtdagskaddoen eegnen.

Wosst Du, dass ronn 70 % vun der Lëtzebuerger Populatioun mat Drénkwaasser aus dem Öewersauer-Stauséi versuergt ginn? Ausserdem ginn hei eng jett nohalteg Tourismus- a Fräizäitofferen ugebueden. Nieft ofwiesslungsräiche Wanderweeër an de 5 Members-Gemengen zidd den Naturpark-Zentrum zu Esch-Sauer durch säi Charme ëmmer ërem vill Leit un.

Ma net nëmmen d‘“Duch vum Séi“ gëtt mat vill Léift zum Detail hiergestallt och déi aner lecker regional Produiten “vum Séi“. Wéi den “Téi vum Séi“, dat sinn Heel-a Gewürzkraider, eng 40 Zorten vun Téi a Kräider ginn et ënnert dëser Gamme. Dann gëtt et och nach d’”Bléi vum Séi“, Seefen, Cremen a Kosmetik, awer och déi beléiwten Kamellen “Loumellen” fënnt een heirënner.  D’”Véi vum Séi” an d’ “Gebäck vum Séi” ronden d’Assortiment vun de Produkter “vum Séi” of.  De Label “vum Séi” steet fir héichtwäerteg a nohalteg Produktiounen aus dem Naturpark, d’Rohstoffer kommen aus der Regioun. D’Produzenten ginn sech selwer d’Richtlinnen un am Bezuch op den Drénkwaasserschutz, d’artgerecht Haltung vun den Déieren an de reduzéierten Asatz vu Pestiziden an Düngemëttel. Qualitéit aus der Regioun steet un éischter Platz.

Also wien senge Léifste oder sech selwer grad elo eng kleng Freed maachen wëll an domat och nach déi regional Produzenten ënnerstëtzt, dee kann sech am Shop eng individuell Corbeille zesummestelle loossen. Dat Bescht ass, dass een och d’Artikelen aus „Duch vum Séi“ ganz einfach an d’Corbeille integréieren kann an dat fir all Budget.

Du kanns och gréisser Commanden bestellen fir Betriber oder Veräiner, dat natirlech mat enger perséinlecher Berodung op der Plaz, via Telefon oder E-Mail. Ab 15 Corbeillen kriss Du alles ganz praktesch geliwwert.

Och déi Kleng ginn net vergiess. Am Naturpark-Shop zu Esch-Sauer ginn et fir si e puer kleng Bichelcher, déi iwwer d’Déieren- a Planzewelt vun deenen dräi Lëtzebuerger Naturparken informéieren. Passend dozou gëtt et och ee Kaartespill. D’Buch „De Wiichtel Wumm, ee Mëllerdaller Dréchemauerbauer“ ass den absoluten Hit. Am flott illustréierten Buch ginn d’Kanner op eng spilleresch Art a Weis gewuer, wéi eng Déieren an enger Dréchemauer wunnen a wéi se gebaut gëtt.

Du gesäis, den Naturpark huet also vill méi ze bidden wéi just de Séi. An am Zentrum zu Esch-Sauer kritt een net nëmmen Informatiounen zum Naturpark. Ma hei fënns Du wéi gesot ee flotte Choix un regionale Produiten aus den Naturparken Öewersauer an Our. Ausserdem kritt een am Shop och nach nieft “Duch vum Séi” Produiten aus de Gammen “Téi vum Séi” a “Bléi vum Séi”. “Véi vum Séi” an d'”Gebäck vum Séi an och nach aner regional Produiten fënnt een am „Buttik vum Séi“ zu Heischent.

Wann dat kee Grond ass mol bis lanschtzekommen an sech vu regionale Produiten begeeschteren ze loossen. De perfekten Kaddo waardt hei secher op dech. Oder spill mat beim MADI Adventskalenner a gewann eng flott Corbeille.

D’Dieren vum Naturpark-Zentrum sinn all Dag (ausser mëttwochs) vun 10:00 bis 12:00 a vu 14:00 bis 17:00 op. Samschdes a Sonndes ass jeeweils vu 14:00 bis 17:00 Auer op.

 

 

Mady Lutgen zesummen mam Naturpark Öewersauer


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply