Kapp-Vakanz

Wien huet sech an de läschte Méint net d’Fro gestallt, wéi de Summer 2020 wuel wäert ausgesinn? Duerch de Corona a seng Konsequenze si bei ville vun eis d’Pläng vun der laang ersehnter Vakanz an d’Waasser gefall an et bleift d’Fro, wat een elo soll maachen. Summer heescht fir vill Leit sech mat engem gudde Buch an d’Sonn ze sëtzen an ëmginn vun Natur d’Rou ze genéissen. Oft gi mer dovun aus, dës Zort Entspanung just wäit ewech vun der Heemescht ze fannen. Mee muss een dofir wierklech fort? Ënnert dem Motto “Erhuelung Made in Luxembourg” stelle mir vu Madi Iech Platzen fir, déi och innerhalb vum klenge Lëtzebuerg Vakanzefeeling an Entspanung verspriechen – ganz ouni lästegt Kofferpaken a Stau.

 

Wie gäre laanscht d’Musel spadséiere geet huet sécherlech och scho vum Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher héieren. Am tropesche Gaart, dee gefëllt ass mat exotesche Pimpampelen an enger ganzer Rei aneren Déieren vergësst ee schnell, dass een net wäit fort am Süden ass. Mee wosst Dir, dass dësen Atelier protégé nach vill méi ze bidden huet?

 

De Päiperleksgaart ass ee vun insgesamt siwen Ateliere vun der Yolande COOP. Dës Ateliers d’inclusion professionnelle erméiglechen deene Leit eng berufflech Inclusioun, déi vun enger intellektueller Beanträchtegung betraff sinn. Nodeems een an d’Wonnerwelt vun deene klengen Insekten agedaucht ass kann ee sech zum Beispill an der hauseegener Brasserie eppes Séisses gënnen. D’Gebäck a Kichelcher déi een hei gesäit stamen aus dem Atelier Bäckerei KlouschterBrout zu Mondorf. Et consomméiert een also net just Produiten, déi lokal hiergestallt goufen, mee et ënnerstëtzt een dobäi och nach sozial Projeten. Passend zum Summer gëtt et natierlech och Glacen, a wou kann een déi besser genéisse wéi op enger sonneger Veranda am Gréngen?

Fir de Vakanzefaktor dobäi ze erhéijen däerf e gutt Buch natierlech net feelen. A wie grad keent dobäi huet ka ganz einfach vum Librairie-Service vum Päiperleksgaart profitéieren. Dësen neie Service bitt eng grouss Auswahl u Bicher direkt op der Platz, a wat grad net op Stock ass ka ganz einfach fir den Dag duerno bestallt ginn. D’Auswahl am Shop léisst d’Häerz vu groussen a klenge Bicherwiermer méi héich schloen well et ass fir jiddereen eppes dobäi. Wien d’Faszinatioun vun de Päiperleken net lassléisst fënnt natierlech alles fir säi Virwëtz ze stëllen, mee de Choix geet wäit doriwwer eraus. Kannerbicher, populär Literatur, mee och (ganz passend zu eisem Erhuelungs-Motto) Bicher, déi sech mat méi spirituellen Theme wéi dem glécklech sinn beschäftege, lueden op eng gemittlech Lektür am flotte Bausseberäich vum Päiperleksgaart an.

 

A wat wier Vakanz ouni e gemittlechen Tour Shopping? Och dobäi kënnt een am Päiperleksgaart op seng Käschten. Wien op der Sich no engem ausgefalene Kaddo ass, oder sech selwer eng Freed maache wëll, huet hei vill ze kucken. Wichteg fir d’Yolande COOP ass, dass se hire Clienten eenzegaarteg Artikelen ubidden, déi een net iwwerall fënnt. Anstatt Masseproduktioun gëtt Wäert op Handaarbecht geluecht, an doduerch lount et sech emsou méi dohinner luussen ze goen. En zweete Fokus läit och beim Shop erëm op lokal gefäerdegte Produiten, déi a Kooperatioun mat anere Ateliers vu Yolande COOP entstinn. Well ee bei Vakanz gär u Wellness denkt, sprangen natierlech déi handgefäerdegt Seefen an Accessoire vum Betzder SeefenAtelier an d’Aen, mat deenen ee sech wuertwiertlech e Stéckchen Exotik mat heem huele kann. An dat Bescht: Déiereversich ginn et bei de Produiten aus dem SeefenAtelier keng!

Wien also op der Sich no engem typesche Vakanzendag mat Shopping, Natur a virun allem Relaxen ass, dee kann dem Corona d’Stier bidden a sech dëse Pleséier ganz einfach am schéine Lëtzebuerg maachen. De Maacher’ Päiperleksgaart mat sengem Tropefaktor ass fir Grouss a Kleng definitiv e Besuch wäert.

 

Fir méi Informatiounen: http://www.papillons.lu.

 D’Produiten aus dem Shop fannt Dir och op http://www.letzshop.lu.

Fotoen an Text: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply