Keng Kanner

Kanner kréien oder keng Kanner kréien, dëst Thema beschäftegt wuel all Fra an hirem Liewen. Déi meescht kënnen sech ee Liewen ouni Kanner nik virstellen, ma et ginn och Fraen déi keng Kanner wëllen oder keng Kanner kënne kréien…

Ech hunn ëmmer gemengt d’Thema Kanner géing mir iergendwann wichteg ginn, mat 30 duecht ech : Du hues jo nach Zäit. Ze soen all meng Frëndinne sinn elo Mamm an ech hunn dëst Joer meng 40 kritt an ech denken nach ëmmer: Wéini kënnt de Wonsch? Ech krut viru kuerzem Diagnose dass ech dat Thema souwisou besser soll vergiessen. Dono hunn ech mol gutt gekrasch an dunn sinn ech zum Entschloss komm, dass wuel nik all Fra Kanner kritt an ech hunn mech op d’Sich gemaach no Fraen déi keng Kanner wëllen oder keng kënne kréien. Ech hunn mech mat zwou Frae getraff, d’Martine wat keng Kanner kréie kann an d’Jenny wat keng Kanner wëll.

 

 

D’Martine krut virun 10 Joer Diagnose, dass hatt keng Kanner kréie kann. “Et war ee Schlag an d’Gesiicht. Mäin deemolege Frënd an ech hunn alles probéiert fir ee Kand ze kréien, mee et huet einfach net geklappt. Schlussendlech hunn mir no Jore rausfonnt dass de Problem bei mir läit”. Dem Martine seng Bezéiung ass dono an d’Bréch gaangen.  Fir hatt koum keng kënschtlech Befruchtung a Fro an och d’Adoptioun war keng Optioun :

“Ech hunn dono einfach mat deem Thema ofgeschloss, ech hat es sat, dass mäin Liewen sech just nach ëm d’Kanner kréie gedréint huet. Iergendwann ass mir bewosst ginn, dass ech dat muss unhuelen a probéiere muss eleng fir mech frou ze ginn och ouni Kand. Ech hunn realiséiert, dass d’Gesellschaft engem virschreift wéi een ze liewen huet an een anscheinend nëmme glécklech ka si mat engem Mann, Kanner, Haus an zwee Autoen. An dunn hunn ech ronderëm mech gekuckt a gemierkt, dass och vill vu menge Frëndinnen onglécklech sinn och mat Kanner an allem drumm und dran”.

No där schwéierer Zäit huet d’Martine sech professionell Hëllef gesicht : “Ech si bei eng Therapeutin gaange fir alles opzeschaffen. Dono hunn ech mir nei Hobbye gesicht, ech hunn probéiert rauszefanne wat mir Spaass mécht”.

Haut ass d’Martine an enger neier Relatioun an Thema Kanner spillt keng Roll méi. “Mäi neie Partner hëlt mech sou un wéi ech sinn an hie muss keng Kanner hunn. Mir sinn elo dobäi eng Weltrees ze plangen, ouni Kanner si mir fräi a mir wäerten dat notze fir ze reesen”.

 

D’Jenny wosst schonn ëmmer dass hatt keng Kanner wëll : “Ech konnt na ni eppes mat Kanner ufänken, a fir mech stoung schonn als Teenager fest, dass ech keng Kanner wëll”. D’Jenny huet aner Zieler am Liewen, hatt ass Independant a wëll d’Welt duerch säin Erschafe vu Projete veränneren, säi Business ass säi Bébé. “Ech schaffen esouvill dass do och keng Plaz wier fir ee Kand”, seet déi 39 Joer al Fra. D’Jenny seet och, dass et schwéier fir hatt ass mat Fraen déi Kanner hunn eng Frëndschaft ze halen :

“Si versti mech net an ech verstinn si net! Fir Frae mat Kanner gëtt et keen anert Thema méi wéi Kanner, si verléieren sech komplett als Fra a si just nach Mamm. Et mécht mech traureg ze gesinn, dass si all hir Wënsch an Zieler vergiessen déi si nach ouni Kanner haten. Et kann dach net sinn, dass `Mamm` sinn, alles ass wat si aus hirem Liewe maache wëllen”. Fir  d’Jenny ass et och kloer, dass hatt déi Decisioun keng Kanner ze kréien ni bereie wäert : “Wann ech al sinn, hunn ech och nach Leit ronderëm mech, meng gutt Frënn. Kanner ze hunn ass keng Garantie dofir, dass een net awer dono eleng do sëtzt”.

Him feelt näischt : “D’Leit stelle mech ëmmer als egoistesch dohin, mee ass et dann net méi egoistesch onbedéngt ee Kand wëllen ze hunn, och wann ee weess, dass een net prett ass, d’Ëmstänn net gutt sinn oder ee Kand kritt fir seng Bezéiung ze retten. Ee Kand mécht een och net glécklech wann een et virdrun net ass”.

Zwou staark Fraen déi och ouni Kanner glécklech sinn. Merci, dass dir mir är Geschicht erzielt huet. Ech hunn mech mëttlerweil och domat ugefrënnt keng Kanner ze kréien a konzentréiere mech weider op dat wat mech frou mécht am Liewen, an dat si bei jidderengem aner Saachen. Vläicht kënne mir Fraen déi keng Kanner hunn eppes vun de Frae mat Kanner léieren an och ëmgedréint.

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply