Kënns de schonn oder genéiss de nach?

Wann een sech mam Thema Sex befaasst taucht een Term ëmmer erëm op an zwar d´Wuert Orgasmus. Scho fréi kritt ee vermëttelt, dass Sex ouni Orgasmus kee richtege Sex ass an och Mann wéi Fra stinn ënner Drock den Héichpunkt ze erreechen. A wann et dann nik klappt ass d´Frustratioun grouss, well een d´Ziel nik erreecht huet. Et huet ee versot, de Partner an ee selwer.  Ratgeber wéi ee richteg kënnt fënnt ee wéi Sand um Mier. Mee Tipps wéi een einfach sech selwer an de Sex u sech ka genéisse wéineg….

„Mir war et ëmmer nëmme wichteg, dass mäin Sexualpartner komm ass, dann hat ech mäin Part souzesoen erfëllt“! Heescht dat, dass ee gudde Sex nëmmen dorunner ka moosse wien a weivill mol mir kommen?

Ech kommen aus enger kathoulescher Famill wou de Message ganz kloer war, dass Sex nëmmen dofir do ass fir Kanner ze produzéieren a vläicht och nach fir de Männer hire Pleséier. A sou hunn ech a menge Partnerschaften och just no dem Pleséier vu mengem Partner gekuckt, fir mech war et ganz normal dass hien säi Spaass hätt an och géif kommen. Dass ech nach ni en Orgasmus beim Sex hat oder Sex als eppes Dreckeges ugesinn hunn, war mir ni bewosst, bis ech mech op de Wee gemaach hunn zu mir selwer, mech entdeckt hunn a virun allem ugefaangen hunn mech gär ze hunn.

“Meng éischte Kéier war traumatesch an dono hunn ech Thema Sex klasséiert. Muss ee maachen an enger Partnerschaft a muss virun allem dem Partner gefalen”

Haut passen ech op mech op, kucke wat mir gutt deet a wat mir gefält. Virun allem huelen ech den Drock eraus iergendeppes erreechen ze musse weder fir mech nach fir mäin Partner. Fir mech ass ganz kloer de Wee Ziel. Well Sex kann och schéi si wann een einfach just de Moment genéisst, d´Intimitéit, d´Kuschlen… Wann ee just um Ziel intresséiert ass verpasst ee ganz vill. Wann een dann och nach bei all deem Spaass kënnt, ass et wéi en Zousaz, wéi een Upgrade mat deem een nik gerechent hat.

 

 

Et ass wichteg sech selwer mol ze entdecken, sech kennenzeléieren, ze kucken wat engem selwer gefäallt, noeneen ze kucken, dem Partner gutt ze di, mee virun allem sech selwer. Dat ass de Schlëssel fir gudde Sex.

Bei eiser Ëmfro hunn bësse méi wéi d´Halschent gesot, dass et hinne wichteg ass beim Sex ze kommen, vill vun hinnen hunn dorop opmierksam gemaach, dass Fraen halt nik sou einfach zum Orgasmus kommen an datt hir Partner sech nik genuch ëm si këmmeren.

Kommt mir setzen eis bei all deem Drock dee mir an eisem Liewen hunn, nik och nach bei der schéinster Niewesaach vun der Welt ënner Drock, mee genéissen eis an de Moment.

 

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply