Kick dech fit!

Et ass Dënschden Mëtten, eigentlech géif ech ëm dës Zäit esou lues ufänken un Iessen ze denken. Haut muss mäi Lunch awer nach ë bëssen op mech waarden, well um 12.30 Auer ginn ech an de Krav Maga Center op Bäreldeng e Cours testen. Mäi Choix ass op d’Bag Class gefall, déi am Zenter zweemol den Dag ugebuede gëtt. Direkt iwwert dem Autocenter Goedert erwaart mech schonn d’Jennifer Carat fir mir d’Räimlechkeete vum Krav Maga Luxembourg By KickYouFit ze weisen. Säit 2012 ënnerriicht déi fréier Polizistin hei Selbstverdeedegungs-, Fitness- a Kampftechniken. Gegrënnt gouf den Zenter vum Marc Stoltz, zesumme mam Jennifer leet hien hei de ganze Buttek. Ech soe “Buttek”, well zu Bäreldeng mëttlerweil net méi just Krav Maga Coursen ugebuede ginn, mee eng ganz Palette vu Ganzkierper- a Kontakttrainingen, déi sech u Kanner bis hin zu Seniore riichten.

Mee zeréck zur Bag Class. De Mëttescours ass zwar net eidel, ma näischt am Verglach zu den Owescoursen, déi ëmmer vu mindestens 25 Leit besicht ginn. Mee kee Wonner: wann een esou vill Konditioun huet ewéi ech (nämlech déi vun enger doudeger Frell), dann ass een nom Training zwar happy, mee definitiv platt. Geschafft kritt hätt ech deen Dag garantéiert näischt méi, mee wéi gesot: Fësch-Konditioun.  Als Neiling kréien ech Boxhändsche geléint, wien de Cours awer reegelméisseg matmaache wëll, dee sollt sech iwwerleeën der selwer ze kafen – einfach aus Hygienesgrënn. Wien déi Suen net wëll ausginn, dee kann awer natierlech och weiderhi Boxhändsche vum Zenter benotzen, dann awer fir 2 Euro pro Cours déi un den Télévie gespent ginn. Btw huet Krav Maga Luxembourg och en eegene Shop, wou een alles ze kafe kritt, wat een als Sportskanoun brauch.

Kuerz no hallwer 1 geet et da lass, fir d’éischt mat engem intensive Warm-Up. Meng Mat-Boxer an ech lafen am Krees duerch de Sall, dobäi gëtt ofgewiesselt tëscht normalen Joggen, kuerze Sprints an ënnerschiddlechen Übunge wärend dem Lafen. Ech mierke schnell: dass et e Ganzkierpertraining soll sinn dee masseg Kalorië verbrennt, war vum Internetsite definitiv net ze vill versprach. Gutt geschweesst geet et dann un de Boxsak. De Cours dauert insgesamt eng voll Stonn an ass opgedeelt an verschidden Unitéiten. Mir gi geléiert, wéi ee verschidde Schlotechnike richteg uwent. Dotëscht sinn ëmmer Übunge wéi Situps, Jumping Jacks oder Plank virgesinn. Wärenddeems jiddereen eenzel säi Boxsak mat Jabs, Cross-Schléi, Hooks, Low-Kicks oder Upper-Cuts beaarbecht, leeft am Hannergrond e gudde Beat, un deem sengem Rhythmus een sech orientéiere kann. Fir Motivatioun suergt d’Jennifer, wat den Tour vun all Kandidat mécht an ëmmer erëm gutt haart “Fire!” jäizt fir eis nach méi ze pushen. Ech mierken, den Drill vun der Policeschoul sëtzt och nach no 12 Joer.

Amfong hunn ech schonn no zwou Ronnen d’Gefill ech géif gläich ëmkippen, mee wann ech ronderëm mech kucken an d’Fraen a Männer gesinn, déi deels bal duebel esou al si wéi ech an awer nëmmen hallef esou rout am Gesiit, dann iwwerweit mäi Stolz fin de compte awer meng Middegkeet. Ech wäert mech jo lo hei net virun deenen anere blaméieren, virun allem net wann ech herno driwwer schreiwe soll. Genau dat ass och den Hannergedanke vum Gruppentraining: et spornt een sech géigesäiteg un. No enger gudder Rëtsch Duerchleef mat Pausen dotëscht fänken ech dann och un, den Dréi eraus ze hunn an d’Schlokombinatiounë sëtzen. Jab-Cross-Hook, duerno Low Kicks an non-stop op de Boxsak drafachen. Just dat mat dem Rose-ginn ass net esou menges – ech sinn éischter de verbalen Typ. Ma ronderëm mech gesinn ech, wéi virun allem d’Fraen sech immens auspoweren a wierklech alles erausloossen, wat sech iwwert d’Woch esou ugestaut huet.

Et geet drëms sech ze defouléieren, dat bestätegt och d’Jennifer nom Cours:

“Vill Fraen trauen sech am Ufank net direkt an de Krav Maga, well se de Kierperkontakt do fäerten an net gewinnt sinn, ze schloen. Dat ass fir déi meescht jo och eppes Neies, mee an der Bag Class léiert een déi richteg Technik a wéi ee säi ganze Frust einfach erausboxe kann.”

Erausgeboxt hunn ech no enger Stonn zwar keng negativ Energie, well sech bei mir näischt gestaut huet, dofir awer esou zimmlech all meng Kraaft a Puste. Ech si fix a fäerdeg. Den Training hält op mat enger leschter Ronn Punches aus voller Kraaft, duerno ginn d’Boxsäck erëm op hir Plaatz gedréckt an d’Jennifer verdeelt e grousse Luef u jiddereen, dee matgemaach huet. Stretchen dierf jidderee fir sech a wärend déi aner direkt an d’Dusch sprangen, muss ech fir d’éischt emol erofkommen. Ma och wann ech perséinlech net de Besoin hunn, eppes erauszekicken, mierken ech awer spéitstens den Dag nom Cours, dass meng Muskelen an den Äerm, Schëlleren, Been (a souguer am Pupes!) uerdentlech geschafft hunn. Wien also entweder Energie wëll lassginn, sech kierperlech fit halen oder ergänzend zu anere Coursen seng Schlotechnike verfeineren, deen ass an der Bag Class definitiv richteg. An och an déi aner Coursë vum Krav Maga Center lount et sech bis luussen ze goen, well d’Ambiance ass top an dat spiert ee schonn direkt wann een an d’Receptioun kënnt. An deem Sënn: kickt iech fit, ech kicke mech lo mol fir d’éischt mat enger gudder Mëtsch op de Canapé. Wéi seet ee jo: après le sport…

 

Laura Tomassini

Fotoen: Taran Shadman


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply