Kleng mee oho!

D’Nadine Berend huet virun 8 Joer säi Job bei der Spuerkeess gekënnegt fir de Buttek vu senger Mamm ze iwwerhuelen, de Richy! Hat bereit dëse Schrëtt op kee Fall. Dëse Kleederbuttek schreift nämlech schonn zanter 1979 Geschicht. Fir d’éischt hat d’Maisy Richard, dem Nadine seng Mamm, en Härenkleedergeschäft  an der Beaumontsgaass opgemaach, 1980 ass de Buttek an d’Kapuzinergaass geplënnert: “Ech hunn als Kand schonn ëmmer am Buttek gehollef, op der Braderie oder soss Evenementer”, erënnert  sech d’Nadine.

 

No an no huet sech ewer erausgestallt, dass d’Männer sech manner fir Moud interesséieren an d’Maisy huet missen ëmdenken an huet viru véier Joer zesummen decidéiert op der selwechter Platz en Geschäft fir Fraen ze starten. “Ech war zanter Kandheet un mat ganzem Häerz an der Fashionwelt  dobäi, dofir war et fir mech kloer, de Buttek ze iwwerhuelen, wéi meng Mamm mir virun 8 Joer sot, dass si wéilt an d’Pensioun goen”, erkläert déi 48-Joer al Geschäftsfra.

 

Hannert dem Boutique Richy stécht allerdéngs méi wéi just en Kleedergeschäft, hei ass eng ganz Famill fir hier Passioun am Asaz. Dem Maisy seng Zwillingsschwëster Henriette wéi och dem Nadine seng Schwëster a Meedchen hëllefen aus soubal si gebraucht ginn. Dësen Zesummenhalt spiert ee soubal een am Buttek ass.

Fir des Familljenambiance ze ënnersträichen organiséiert d’Nadine mat senger ganzer Equipe puermol am Joer speziell Evenementer am a ronderëm de Buttek Richy. Wéi zum Beispill  eng Waindegustatioun mat Late Night Shopping  an der Chrëschtdagszäit, mat  afrikaneschem Wäin, Musek an Häppecher, natierlech hausgemaach vun der Famill. Hei huet een d’Gefill wéi wann d’Stammclienten och schonn zu der Famill gehéieren. Op der Facbookpage vum Buttek Richy zitt virun allem d’Kleederpopp Josephine all d’Blécker op sech.

 

“Mir verpassen him ëmmer erëm en neien Outfit a posten dat dann, bei eise Clienteë kënnt d’Josephine super un”, erzielt d’Nadine.  

 

D’Josephine kritt  Kleeder vu méi deiere mee och normale Präisser ugedinn. Ewer och Accessoirë wéi Mutzen, Händchen, Rimmer a Schmock sinn dem Nadine wichteg: “Qualitéit spillt bei eis déi gréisste Roll. Ech probéieren och ganz genau ze kucke wouhier eis Produkter kommen, ouni an dat Extreemt  ze goen”.  Beim Nadine kréien Dammen nach eng richteg Berodung dobäi: “Ech sinn éierlech mat menge Clienten, wann hinnen eppes net steet, da soen ech hinnen dat och”.

An grad dowéinst komme vill Frae gär bei d’Nadine, ma ewer och well hat Gréisste bis zu 46 unbidd, wat et hei zu Lëtzebuerg nik méi oft gëtt. De Buttek Richy ass nach eng rare Pärel an der City mat vill Charme a Familljenambiance.

 

 

Schéin, dass et dat nach gëtt!

 

 

Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

One comment

  1. Schéinen Artikel iwert de Buttek Richy?

Leave a Reply