Lady in blue

Wann ee bei d’Lisa Junius an den Atelier kënnt, ass et, wéi wann een an en anert Universum géing eraluussen. En Universum aus blo, mat klenge Vasen, Faarfpaletten, Pins, Toillen an esouguer engem Wandteppech, gewieft aus – natierlech – bloem Fuedem. Schonn op der Uni war dem Lisa kloer, dass hatt eppes mat Konscht maache wéilt. Den eigentleche Plang war awer, Proff ze ginn. „Wat mécht een och soss?“, laacht déi 27 Joer al Kënschtlerin. Ma anscheinend villes, wéi de Raum am 1535° zu Déifferdeng beweist. Am Master fänkt d’Lisa un, sech fir Keramik ze interesséieren, no Kuerzem erzielt eng Frëndin him vun Instagram. „Ech war ni wierklech op Social Media, mee vu dass hatt mir sot et wier eng cool Plattform fir Kënschtler, hunn ech meng Keramiken dunn emol do an op Etsy drop gesat.“ Wéi bis deen éischte Client eppes keeft, ass op eemol alles kloer: bye Proffekarriär an hello art life!

Wärend dem Studium hunn ech dunn Gas ginn. Ech wollt wéinstens esou vill verdéngen, dass ech domat mäi Loyer kéint bezuelen“, esou d’Lisa. 2016 ass et dunn endlech esou wäit: Uni fäerdeg, Wunneng finanzéiert an de Kapp voller Iddien. Dat éischt Joer riicht d’Lisa zu Stroossbuerg säin Atelier an der klenger Kichen op an fängt un, säi Stil ze entwéckelen: „Et ass net esou, dass de op eemol e Liichtbléck hues oder eng Kéier moies opstees a sees, dat do ass et lo. Dat entwéckelt sech wärend s de mools.“ Déi blo Faarf war am Lisa sengem Liewen iergendwéi schonn ëmmer do, am Master huet hatt esouguer doriwwer geschriwwen: „Mäi Memoire war iwwer meng eegen Aarbecht, dee Moment hunn ech vill Landschafte gemoolt. D’Frae sinn amfong iergendwann niewebäi entstanen.

Zeréck zu Lëtzebuerg kënnt dunn d‘eent bei d’anert an d’Lisa lant matsamt Pinselen a Leem am Creative Hub. Ma mëttlerweil ass et net méi nëmme just déi blo Faarf, déi dem Lisa säin Erëmerkennungswäert gëtt: Fraekierper, organesch Planzeformen, de Mound, d’Stären – wien op d’Insta-Profil vun der jonker Kënschtlerin klickt, dee mierkt schnell, dass hei iergendwéi alles ë bësse magesch ass. Virun allem d’Natur an dat Meditatiivt si fir d’Lisa eng Inspiratiounsquell:

„Ech hunn e puer Liblingskënschtler, wéi zum Beispill de Chagall oder natierlech d’Niki de Saint Phalle. Neierdéngs interesséieren ech mech awer och immens fir Folk Art oder d’Wierker vun den Aboriginies.Einfach alles, wat a Richtung art brut geet an aus dem Häerz kënnt.“

Selwer bezeechent d’Kënschtlerin sech als multidisziplinär a beim Gang duerch säin klengt, liicht chaotescht Räich gëtt och schnell kloer firwat. Vun „love potion“-Blummevasen, iwwer Plowere mat enger Stären-gekleeter „Goddess“ drop, Pins, Tape, Moon-Kalenneren, Skulpturen an „Eau de Rêves“ bis hin zu Filzbiller mat blo-wäisse Wellen – wat méi verschidde Materialien, wat besser!

Dëst Joer wëll ech Vitraille ausprobéieren a richteg wiewe léieren, mee ech kommen awer och ëmmer erëm op déi al Saachen zeréck“, seet d’Lisa ganz begeeschtert.

D’Interessi fir ë bëssen alles, wat Konscht ass, weist sech och an de villen Optragsprojeten a Kollaboratioune vun der Artistin. Niewend sengem eegenen Online-Shop verkeeft d’Lisa seng Kreatiounen doruechter d’ganz Welt via wholesale, also dem Verkaf un kleng Boutiquen a Geschäfter. Esou fënnt een eng ganz Rëtsch u Keramike vun der “Cosmic“-Rei um Site vun der hollännescher Mark Klevering, Strëmp am typesche Blo an der Vente bei Natural Vibes Socks oder „Cosmic Woman“-Tarot-Kaarten zu Massachusetts am Grapefruit.

Ma och hei am Land sinn dem Lisa seng Wierker méi wéi present:

„Heiansdo hunn ech en Illustratiounsprojet fir eng Zeitung oder maache Workshops mat Kanner, zum Beispill an der Kufa oder zu Déifferdeng. E méi grousse Projet war de Mural fir den ale Lycée zu Esch oder d’Fassade fir d’Leidelenger Kiermes.“

Wien genau kuckt, entdeckt awer och nach a villen aneren Ecker vum Land déi verdreemt-magesch Madammen a Blo. Besonnesch stolz ass d’Lisa selwer op de Succès vu sengem Tarot-Set, wéi hatt verréit: „Wéi ech dat verëffentlecht hunn, gouf ech oft belächelt, mee fir mech war dat e riise Budget. Dofir sinn ech mega frou, dass ech déi komplett 1.000 Kaartesets verkaf krut.“ Wéi hatt op verréckten Iddie wéi des kënnt? „Um Internet gesäit een immens vill, virun Amerika ass do voll dran an och am Urban Outfitters ginn et zum Beispill esou Witch-Bicher. Dee richtegen Tarot ass awer deck veraalt, mat lauter Männer a Poopsten aus dem Mëttelalter an dofir hunn ech fonnt, ech misst ee mat Frae maachen.

Eppes selwer kreéieren, experimentéieren an Iddien op de Pabeier (oder Holz) bréngen – all dëst läit dem Lisa an de Genen, wéi d‘kënschtleresch Oder vun senger Famill beweist:

„Mäin ee Bop war de Moler Jean-Pierre Junius, meng Mamm ass immens kreativ a mäin anere Bop war Schräiner. Ech hu jo och ë bëssen dat Artisanaalt a menger Aarbecht.”

Dem Grousspapp seng Staffelei huet et dann och bis an dem Lisa säin Atelier gepackt – och wann se méi als Deko wéi effektiv als Molënnergrond déngt. Ma alles huet hei seng ganz besonnesch Plaz, well dem Lisa seng Welt ass voll mat klengen Detailer an dem Virwëtz op Neies. An egal wou d’Kënschtlerin de Pinsel usetzt, wat dobäi rauskënnt, ass méi, wéi just blo Faarf. Et ass eng Welt fir sech.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply