Lady Makramee

Et erënnert direkt un déi stylesch dekoréiert Stuffe vu bekannten Insta-Bloggeren: douce vun de Faarwen hir, méiglechst mat ville Fränjelen drun a mat deem ganz speziellen Touch Boho oder Hippie-Chic. Wien sech eng Wanddeko aus Makramee un d’Mauer hänkt, dee gëtt sengem Doheem net nëmmen e liicht verspillte Flair, ma schaaft och eng Optik, déi einfach nëmme cozy rifft. Och hei zu Lëtzebuerg ass den Trend aus dem Orient scho säit enger Zäitchen ukomm, vill dozou bäigedroen huet virun allem eent: d’Julie Pauly. Mat sengem Insta-Account Makramee by Julie huet dat 28-Järegt eng reell Marktlück entdeckt, an de Business mat de geknäppte Fiedem boomt.

Ma eigentlech war de klenge Sidebusiness vun der Educatrice a frëscher Mama awer net geplangt, verréit eis d’Julie: „Am Abrëll d’lescht Joer hunn ech op Pinterest eng Rëtsch flott Saache gesinn a probéiert, e Puer Ouerréng selwer ze maachen. Ech hu mir dunn e Makramee-Buch bestallt, mee iergendwann rëm opgehalen.“ Bis säi Frënd am Summer nees ugefaangen huet mat schaffen an d’Julie d’Zäit tëscht Bébé-Aktivitéiten an Haushalt op eng méi kreativ Manéier wollt emkréien. „Ech hunn dunn vill verschidde Fiedem bestallt a mech erageschafft, wat am Ufank guer net esou einfach war. Et muss een d’Technike fir d’éischt verstoen, dat geet awer mat deene richtege Videotutorials”, esou d’Julie.

Am Ufank nach op sengem eegenen Account, huet d’Julie awer schnell gemierkt dass seng Kreatioune gutt bei de Leit ukommen, an esou ass „Makramee by Julie” entstanen.

„Mäi Brudder huet eng Designfirma a konnt mir e flotte Logo maachen an am September d’läscht Joer sinn ech dunn richteg gestart.“ Schlësselunhänger, Halsketten, Straps fir d’Kamera, Suckelketten, Bäissréng – d’Gamme un Accessoiren, déi d’Julie aus Makramee hierstellt, ass villfälteg. „Mengem Meedchen hunn ech esouguer eng Luucht gemaach fir a säin Zëmmer a mäin Zil ass et, wierklech och méi grouss Saachen ze maan.“ Tëscht zéng Minutten an dräi Stonne brauch d’Julie fir eng Kreatioun, ma vill méi laang léisst dat klengt Ella hatt och net knäppen: „Ech schaffen ëmmer mol rem dertëschent drun, oder owes eng Stonn wann eise Bébé schléift.“

Den Ament ass dem Julie säi Workspace nach de Stuffendësch, ma am neien Haus wëll déi jonk Mamm awer e richtege klengen Atelier ariichten, wou hatt ongehënnert knäppen a kniede kann. „Et sinn amfong ëmmer déi selwecht véier oder fënnef Knuettechniken. Dat ass zum Beispill de Kreuzknoten oder de Spiralknoten“, erkläert d’Julie. D’Fiedem déi hatt benotzt bestinn aus entweder 3, 6 oder 10Ply, also eenzele Sträng, déi zesummen ee Fuedem erginn. Des ginn un enger Pinnwand fixéiert, op déi richteg Längt zougeschnidden a geknied. Dat zweet gestalt sech awer net ëmmer als esou einfach, wéi d’Julie verréit: „D’Moosse sinn sou eng Saach. Ech hu schonn oft Fiedem geschnidden an da gemierkt, dass et net duergeet. Da misst ech se unenee pechen. Dat gesäit een duerno awer Gottseidank net.“

Succès huet dem Julie säi Makramee op mat oder ouni Schneidfeeler: „Wann ech eng Saach posten, da kommen direkt zéng nei Commanden eran. Dee wäitste Wee deen e Pak vu mir bis elo gemaach huet war bis an Dänemark, mee ech schécken awer och ëmmer mol rëm Saachen an Däitschland, Frankräich oder Eisträich.“

Selwer huet déi jonk Mamm awer och e grousst Virbild: „Dem Irina Kharebava seng Makrameeë fannen ech mega, ech hu bei him och schonn zwou Schirmluute kaf.“ An engem änleche Stil – a virun allem richteg grouss – soll dann och e ganz perséinleche Projet vum Julie ginn:

„Ech hunn no enger Deko fir eis Hochzäit dest Joer gesicht a sinn dobäi op e wonnerschéine Festbogen gestouss. Esou ee maachen ech mir elo gär selwer.“ Dass selfmade egal wéi ëmmer am flottsten ass, weisen och déi vill Fotoen déi d’Julie reegelméisseg vu senge Clients geschéckt kritt. Egal op am Auto, beim Mupp un der Léngt oder un der Suckel vun der beschter Frëndin hirem Puppelchen: Makramee mécht all Accessoire zu eppes ganz besonneschem, also heescht et entweder beim Julie bestellen, oder selwer de Fuedem an de Grapp huelen an eppes Eegenes zesummeknieden!

Mir wäerten iech an den nächsten Deeg och weise wéi ee Makramee mécht.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply