Let’s bluem

„There’s a new fish in town”, an zwar en Dräier-Team mat engem Message. Säit kuerzem gëtt et e neien Numm op der Lëtzebuerger Markelëscht, deen een sech mol verhale kann. “bluem” ass d’Kreatioun vum Amii Watson, Jimmy Braun an Adriel von Grünigen a soll de “Mindset” vun enger ganzer Generatioun verkierperen. “D’Konzept ass amfong entstanen, well mir eng Ideologie fanne wollten, déi eis dräi verbënnt“, erkläert d’Designerin Amii. D’Iddi hannert der Mark ass et, virun allem Jonke matzedeelen, dass et ok ass anescht ze sinn an seng Dreem ze verfollegen. „De Numm gëtt wéi Bloom ausgeschwat, also eng Bléi oder op englesch ‚erblühen‘. Dat a Kombinatioun mat eisem Slogan ‚grow forever’ ergëtt e Wuertspill, wat eise Mindset verdäitlecht“, esou d’Amii.

Kennegeléiert huet den Trio sech scho viru méi Laangem, well si all sinn an der kreativer Branche täteg. „Mam Jimmy hate mir scho vill Nieweprojetën an der Musek, dem Artist Development a mat Fashion. Doduerch ass de Kontakt amfong zustane komm a mir hunn einfach gemierkt, dass mir op enger Wellelängt sinn“, verréit den Adriel. Hie selwer ass de Grënner vun der „Summer Sky Agency“, déi ënner anerem dem Jimmy seng Band „Austinn“ ënner Vertrag huet, d’Amii ass zoustänneg fir d’Visuals vun der Mark. Gesiichter also, déi deen een oder anere bestëmmt scho mol hei an der Lëtzebuerger Konschtzeen begéint huet. Ma och hir Produite sollen de Wee eraus op d’Strooss elo lues a lues fannen.

„Eis Kleeder sinn amfong d’Medium duerch dat een eis Ideologie ausdréckt, wien bluem unhuet setzt e Fashion Statement”

Wien sech awer elo extravagant an „out of the ordinary“ Kleedungsstécker erwaart huet, dee läit falsch, well déi éischt Kollektioun vu bluem ass éischter schlicht. „Mir hunn eis laang Gedanke gemaach fir en Design ze fannen, dat simpel bleift an dat een awer erëmerkenne kann“, esou den Adriel. Wäiss, gro a schwaarz als Faarfpalette an eng dezent Placéierung vum Logo, dat war eng bewosst Entscheedung, esou d’Amii: „Mir hu schonn e relativ komplexe Mindset, dofir war et eis wichteg e simpelt Logo ze kreéiere mat véier Feiler an engem deen anere Wee.“ En Design mat Erëmerkennungswäert also? Zu den éischten Artikelen, déi een online bestelle ka gehéieren e Plower, e Crop Top, e Beanie, en Oversize T-Shirt an e Basic T-Shirt.

Iddie fir eng zweet Kollektioun hunn den Jimmy, den Adriel an d’Amii scho genuch, mee elo geet et fir d’éischt emol drëm déi heiten un de Mann ze bréngen. „Mir versichen elo mol eis Community opzebauen a virun allem eis Message ze verbreeden“, esou den Adriel. Wéi den E-commerce vu bluem sech entwéckele wäert bleift also elo mol ofzewaarden, mee bei enger Saach ass d’Amii sech ganz sécher: „De Feedback bis elo ass immens positiv an ech hunn am Gefill, dass mir vläicht einfach de Nerv vun der Zäit getraff hunn a sech vill Jonker mat eiser Mark identifizéiere kënnen.“

 

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply