Let’s marry mat Lëtzmarry

D’Saison vun den Hochzäite leeft op Héischtouren. ENDLECH kënne mir erëm Hochzäite feieren…

Fir dass de schéinsten Dag vun eisem Liewen en Succès gëtt, muss ee scho laang am viraus ufänke mat plangen an da weess een ni wou ufänken a wou ophalen a virun allem wou fënnt een dat wat ee sicht ? Dofir hunn mir elo eng Léisung fir iech fonnt.

Den Internetsite www.letzmarry.lu ass alles wat dir fir eng gelongen Hochzäitsfeier braucht. Um Site fannt dir vu Weddingplanner aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, deene beschten an aussergewéinlechste Locations, Traiteuren, Dekorateuren, DJ’s a Kanneranimatioune bis hin zu de flottste Buttéker, Floristen, Autoen an Accessoiren alles wat Äert Hochzäitshäerz begiert.

 

 

Vun haut un mécht d’Organiséieren einfach nëmme risege Spaass. Op www.letzmarry.lu kënnt Dir agi wat Dir sicht, iech inspiréiere loossen a kritt och nach um Blog wertvoll Tipps. Alles an engem. Huet dir déi perfekt Location, de Buttek fir de Brautrank an och nach d’Geschäft fir de Kostüm vun Ärem Mann ze kafe fonnt, kënnt dir all dës Infoen an de Kuerf maachen an Iech se ganz einfach zouschécken, sou dass keng Infoe verluere ginn. Lëtzmarry erspuert Iech vill Sichen a Kappzerbrieches a léisst d’Virfreed op dee schéinsten Dag just nach méi grouss ginn.

 

 

Hei kënnen sech och all Acteuren aus der Hochzäitsbranche registréieren a fonnt ginn. Ma nik nëmme fir d’Hochzäitskoppel ass Lëtzmarry en Must, fir all anert Evenement fënnt een op dësem Internetsite alles wat ee brauch.

 

 

Sicht, klickt, fannt, feiert. Sou einfach war et nach ni. Mir wënschen Iech ganz vill Spaass beim Entdecke vu www.letzmarry.lu.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply