Lëtzebuergeschen Dram

Vakanz heiheem ass wuel och dëst Joer en groussen Trend. Mir hunn fir Iech den Hotel Le Place d’Armes op der Plëss getest…

Vu bausse gesäit den Hotel zimmlech onscheinbar aus. Ma wann een era geet, mierkt een direkt, dass dësen Hotel méi ze bidden huet wéi een op deen éischte Bléck mengt. Den Hotel besteet aus méi Haiser déi anenee verlafen. Architektur mat WOW-Effekt garantéiert. Iwwerall fënnt ee kleng Terrassen an dat villt Glas léist vill Luucht eran. Op all Eck gëtt et eppes Neies ze entdecken. Einfach nëmme wonnerschéin.

 

 

Hire Bar huet wuel déi schéinsten Terrasse aus dem ganze Land. Ganz verstoppt am Hannerhaff mat hirem immense Charme fillt een sech hei direkt wéi an der Vakanz.

All Zëmmer ass anescht a verzaubert ob seng Aart a Weis. D’Better loossen een eleng scho vum Bléck drop dreemen. Alles ganz nobel, chic an dach och verspillt modern. Am Buedzëmmer fënnt een héichwäerteg Beautyproduiten, fir de Prinzessinnen-Feeling perfekt ze maachen.

 

 

Zu enger perfekter Iwwernuechtung gehéiert natierlech och en perfekt Iessen. Am Restaurant Plëss loosse mir eis sou richteg verwinnen. Ugefaange bei der Coupe Schampes. Dono wiele mir dräi Gäng aus. Hir Kaart ass ofwiesslungsräich mat engem Touch “Lëtzebuerg “. All Feinschmeckerhäerz wäert hei op seng Käschte kommen. Si bidden de passende Wäin am Glas zu all Gang un, sou kann ee méi Wäiner entdecken. De Service an d’ganz Personal loossen een déi ganzen Zäit am Gefill doheem ze sinn. An souguer de Kaffi Moies léisst keng Wënsch offen. Et kann een um Zëmmer iessen oder am Restaurant, wéi ee wëll.

 

 

Fir eis war déi kleng Vakanz à la Luxembourgeoise een Dram an allen Hinsichten. Wann dir Loscht huet iech mol eng kleng Auszäit ze gënne mat allem drumm und dran an dobäi d’Stad ze entdecken, dann ass den Hotel Le Place d’Armes genau dee richtegen Hotel. Si bidde verschidde Formullen un, eben och eng à la Luxembourgeoise, déi mir iech wärmstens empfeelen.

 

 

Text: Mady Lutgen mam Hotel Le Place d’Armes

Fotoen: Leslie Schmit an Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply