Lift me up

De neie Krav Maga Center zu Bäreldeng huet endlech seng Dieren opgemaach. Leschte Weekend konnt jiddereen, ob grouss oder kleng, ob déck oder dënn, ob jonk oder al, sech vum neie Look an hire Couren iwwerzeegen a gratis ausprobéieren.

Hir Porte Ouverte war en mega Event. Mat Facepainting a Sprangschlass vu „Kiddyevent“. D’Kanner konnten op engem risegen, faarwege Sprangschlass toben an sech richteg amuséieren. Déi grouss haten hire Spaass mat gratis Bernard-Massard Bubbles a lecker vegan Food vum Koloquio.

 

 

Fitness Centere ginn et wéi Sand um Mier. Ma de Krav Maga Center ass méi wéi just en Fitnesscenter. Direkt beim Erakomme vum neie Center weess een op den éischte Bléck: „Dat hei ass eppes aneres, dat hei ass en Happening“.

Elleng schonn de neie Look, riseg grouss a modern. Eng Chilllounge invitéiert een dozou fir säi Kaffi a Rou kënnen ze drénken. Am Shop kritt een alles wat ee brauch fir sech an de Couren sou richteg auszetoben, an nom Workout kann een an der Infraroud Kabine erofkommen a relaxéieren.

Dir kënnt ganz einfach är Kanner an hir Kidscouren ofginn an déi Zäit äre Workout op de Geräter maachen oder hiren neien EGym Parcours ausprobéiere wou dir an nëmme kuerzer Zäit effikass trainéiere kënnt.

 

Dir gesitt, de Krav Maga Center ass méi wéi just en Self Defense Fitness Center. Natirlech stinn hir Self Defense Couren am Mëttelpunkt nieft de Bag Klassen, dem TRX an English Boxing. Et ass wéi eng  grouss Famill an där een sech direkt wuelfillt.

 

Gidd also onbedéngt bis lanscht kucken, loosst iech matrappen a loosst Iech vun hire speziellen Offeren vun der Ouvertüre

iwwerraschen. Wann dir eng Kéier dobanne waart, gidd dir vun hirer Ambiance ugestach a kommt ëmmer erëm.

 

Text: Mady Lutgen mam Krav Maga Center

Fotoen: Leslie Schmit

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply