Lightshower

An dëser kaler, naasser, schmuddeleger an donkeler Joreszäit vermësst een d’Sonn an d’Luucht enorm. Ma mir brauchen dës Luucht och am Wanter fir eis gutt ze spieren. Well mir se am Moment ewer néierens dobausse fannen, bitt d’Biolight Therapie eis eng super Alternative zur natierlecher Luucht. Dës speziell Therapie fënnt een an der Maison de Beauté vum Martine Comes zu Ettelbréck.

Wat bewierkt dës Therapie dann?

Nieft der Bekämpfung vum Wanterblues an der Ophellung vun eiser Stëmmung verbessert déi innovativ Kombinatioun vu Sauerstoff an Luucht de Stoffwiessel an dréit doduerch zu engem gesonden Hautbild bäi. Ausserdeem reegt dës Therapie d’Duerchbluddung a wierkt entzündungshemmend. Duerch déi zousätzlech Gesiichtsfleeg suergt dësen Traitement fir nach méi Entspaanung a Wuelbefannen.

Iwwerdeems gëtt d’Produktioun vum natierleche Kollagen, Elastin an Hyaluron vun der Haut gepusht a kann och problemlos mat engem aneren Traitement kombinéiert ginn. Eng Seance kascht 55 Euro an dauert 40 Minutten.

Gënn dir dach an dëser Zäit déi eis sou erofzitt eppes Guddes an verpass dir eng Mutz vu Luucht a Wuelbefannen an der Maison de Beauté Martine Comes zu Ettelbréck.

 

Mady Lutgen mat der Maison de Beauté Martine Comes


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply