Maach mat!

Am Moment hunn mir alleguerten d’Flemm. Mir mussen doheem bleiwen an alles dat wat eis Freed mécht ass zou. Fir trotzdeem fit ze bleiwen a fir och géint de Coronablues ze kämpfen huet de Krav Maga Center vu Bäreldeng sech eppes ganz Spezielles afale gelooss.

Si bidden hir Couren nämlech elo via Zoom un. Du denks dir bestëmmt Online Coure si langweileg. Ma hir Zoom Coure sinn dat definitiv nik. Mir hunn sou een Zoom Cours vum Krav Maga Center fir dech besicht.

Dat mat deene Fitness Zoom Coursen ass sou eng Saach, et geet ee jo an de Fitness virun allem wéinst der Ambiance an déi ass schwéier via Zoom riwwer ze bréngen. Mir kucke fir dech hannert d’Kulisse vun de Zoom Fitness Coure vum Krav Maga Center vu Bäreldeng.

Et mengt een et wier eng riseg Party am Gaang, wéi mir rakomme leeft Musek am Raum op Volltouren. De Mark deen d’Bag Class hellt, huet en Mikro un an et ass och eng Kamera installéiert déi hie filmt. Op engem Bildschierm am Hannergrond gesäit een déi Leit déi matmaachen. Hei gëtt ëmmer erëm eng Persoun déi den Training matmécht gewisen oder se all. Am Duerchschnëtt maachen tëscht 20 an 30 Leit de Cours doheem mat. Weekends mol méi. Dat sinn der vill.

De Koordinator um Laptop sicht eraus wien grouss op dem Bildschierm gewise gëtt. Dat spornt d’Leit doheem natierlech un fir matzemaache well se onbedéngt eng Kéier wëlle grouss gewise ginn. Dee ganze Cours ass wéi eng Entertain-show um Fernseh. Ech kréie souguer Loscht matzemaache well d’Stëmmung einfach immens ass. De Mark motivéiert all eenzele wéi wann de Cours normal géing stattfannen. Keng Spuer vu Langweil. Hei geet et ab

Deejéinegen dee kee Bag doheem huet fir dran ze schloen, deen hëlt eppes aneres oder Lastiker, sou dass wierklech jidderee ka matmaachen. Vun all Alter an all Fitnessniveau. Et maache souguer Mamme mat wou de Bébé am Hannergrond krabbelt. D’Equipe vum Krav Maga Center kritt et wierklech fäerdeg fir eng eemoleg Ambiance ze schafen déi all eenzele virum Laptop matrappt an all eenzele Cours an en Highlight verwandelt.

Natierlech bidden si och nach aner Couren un wéi just d’Bag Class, wéi zum Beispill Kanner Couren, Fitnesscouren, Bootcamps a Krav Maga. Wann s Du lo denks, dass et dir ze vill komplizéiert ass fir via Zoom matzemaachen, hunn mir gutt Noriichte fir dech. Well de Krav Maga Center huet extra eng App kreéiert déi dir et ganz easy mécht fir bei den online Coure matzemaachen. Du brauchs just op d’App ze klicken an den online Cours erauszesichen an dech dann do unzemellen. Méi einfach geet et wierklech nik. Op der App kriss Du souguer Übungen ugewisen déis Du doheem kanns nomaachen a kanns Noriichten un d’Community vum Krav Maga Center schécken, falls Du dech mol eleng fills oder Motivatioun brauchs.

Wann s Du lo op de Goût komm bass fir sou en Cours ze testen, da mell dech beim Krav Maga Center oder spill mat beim MADI Adventskalenner a gewann 3 online Couren denger Wal fir ze testen.

Iwwregens ass de Shop vum Krav Maga Center op Rendez-Vous op wous du super Kaddoe fënns fir dech oder deng Léif an dech och sur place iwwert hir online Couren informéiere kanns. Ruff einfach un um 27 99 01 60 oder schreif hinnen via Messenger op hirer Facebooksäit.

De Krav Maga Center hëlleft dir definitiv fir aus dem Coronablues Lach erauszekommen, well Beweegung an Positivitéit ass dat wat mir elo all brauchen.

 

Mady Lutgen mam Krav Maga Center

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply