Made with love

E richteg traditionelle marché des créateurs, an dat op engem Sonnde matten am Dezember – dat passt dach wéi d’Fauscht op d’An! Kuerz viru Chrëschtdag ass jiddereen op der Sich nom perfekte Kaddo fir déi Léifsten, oder wëll sech vläicht och einfach selwer eppes Schéines ënnert de Chrëschtbeemche leeën, ma wo besser op d’Sich goen, wéi bei ronn 40 verschidde Stänn. Mat der 6. Editioun vun ThankYouBuy hunn d’Frëndinne Laura, Kim, Pauline a Sarah en Event kreéiert, wat Leit zesumme bréngen an d’Lëtzebuerger Kreativszene an de Fokus setze soll.

“Et ass vill Häerz mat am Spill an et ass genial ze gesinn, wéi vill Lëtzebuerger Createuren et ginn, déi eigentlech all nach vill méi encouragéiert a gefërdert misste ginn, wéi dat hei am Land oft de Fall ass”, seet d’Laura, eng vun den Organisatricen. Lokal Designer a Kreativkäpp sollen den 12. Dezember vun 10 bis 18 Auer am ChouChou zu Hollerech eng Plattform gebuede kréien, wou si hir Kreatiounen dierfe presentéieren – egal op Profi oder Hobby-Tüftler.

“Vill vun hinnen si säit zwee, dräi Méint amgaangen hire Stock opzebauen, dorënner sinn deelweis bekannten Nimm, ma och vill kleng Artisten, deenens de lénks a riets ëmmer mol nees begéins”, esou d’Laura. D’Iddi fir d’Event, wat am Mäerz dëst Joer fir d’éischte Kéier stattfonnt huet, haten déi véier Mädels wärend dem éischte Lockdown: “Meng Schwëster, zwou Frëndinnen an ech hu vum Confinement profitéiert, fir vill vun eise Saachen ze liquidéieren an emol gutt ze raumen, an doraus ass dunn e Vide Dressing entstanen.”

 

 

Den typesche “Rimschramsch” nach mam Präisschëld drun, dee quasi all Fra an hirem Kleederschaf usammelt, sollt iwwer dëse Wee en neit Doheem fannen. Ma de klenge Verkafseck am Sarah sengem Yoga-Studio ass explodéiert, an aus engem, sinn op eemol, zwee, dräi, véier a fënnef Events ginn, bei deenen ëmmer méi wierklech Createuren u Bord komm sinn. Déi 6. Editioun fënnt dës Kéier dowéinst als offizielle Christmas Concept Corner statt a soll den DIY an de Virdergrond stellen, well däers gëtt et zu Lëtzebuerg besonnesch zanter Covid genuch.

“Vill Leit hu wärend dem Lockdown ugefaangen, Saache selwer ze maachen an se op de Sozialen Netzwierker ze posten, wou se dunn iwwerrannt gi sinn. Verschiddener haten esou e Succès, dass se souguer hir Aarbecht opginn hunn an elo just nach dat maachen, do soen ech: alles richteg gemaach”, fënnt d’Laura. Hatt a seng Co-Organisatricë géifen sech freeë wéi kleng Kanner, fir endlech d’Dieren vum ChouChou dierfen opzemaachen an de Leit hire Choix un Kreativen ze presentéieren.

Ënnert dem Motto “Stronger Together” soll et och e Sonnden ëm den Zesummenhalt an d’Pushen een deen anere goen, well genee esou sinn och d’ThankYouBuy-Girls bis ewell duerch d’Kris komm. “Mir hunn immens zesummegehalen a si wierklech zesummegewuess, an och wann een heiansdo duerch d’Hell gaangen ass wéinst Corona, hu mir dach vill matenee gegeckst a gelaacht an eis einfach géigesäiteg nees opgemontert.” Och de Numm ThankYouBuy ass aus enger witzeger Anekdot eraus entstanen, well d’Mädels bei hire Shopping-Eskapaden zu London beim Erausgoen aus dem Geschäft net méi “Äddi a Merci”, mee op Englesch “thank you buy” amplas vu “bye” gesot hunn.

 

Gelaacht soll och den 12. Dezember ginn, an natierlech geshoppt a giess, well wat wier e Marché ouni déi passend Frups? Zu den Highlights nieft de Createursstänn gehéieren d’Kichelcher an den Eggnogg vum Anne Faber vun Anne’s Kitchen, d’salzeg Snacks an der Mëttegstonn vum Vero a Pit Wanderscheid, d’Choux’en vum Nabil vu “Louis”, grad ewéi d’DIY-Bak-Këschte fir Kanner vum Joëlle vu “MAWAKA”. A Glühwäin a Schocki, déi dierfen natierlech och net feelen. “Als klengen Extra kënnt och de Santa Clause bis laanscht, tëscht 15 a 17 Auer”, verréit d’Laura mat Virfreed op d’Event.

Wéi vill Leit schlussendlech de Wee op Hollerech op engem verkafsoppene Sonndeg fannen, gëtt fir jiddereen eng Iwwerraschung, mee eppes ass sécher: 40 Stänn, dat heescht och 40 Kaf-Tentatiounen, an op iergendeen dëse widderstoe kann, dat woe mir staark ze bezweifelen..

 

 

Hei dann all déi Kreativ an hir Aarbecht, erkläert an dräi Zeilen:

– Romantico Romantico Studios:

Dem Fanny Bervard seng Bijoux’e spigelen der Creatrice hir Liewensfreed a Wanderlust erëm, dat mat engem Mix aus pompöse Pärelen a Steng, déi zu ganz eenzegaartege Schmockstécker zesummegesat ginn.

– Bohobloom:

Dem Anouk Koster seng faarweg Frëndschaftsbännecher erënneren net nëmmen un eis Kandheet, mee sinn och e super Accessoire fir jiddereen, deen e Bracelet sich fir unzehalen. Egal op am Summer oder Wanter, d’Stoff-Aarmbänner sinn einfach ëmmer e Renner.

– Leoma Creative Atelier:

Bei Leoma schaffe Mamm an Duechter ganz enk zesummen. D’Mayalani Moes an d’Leonor Pereira hunn gemeinsam hir Léift fir selwergemaache Bijoux’en entdeckt, a wëllen des Passioun och mat aneren deelen. Mat engem Touch Ethno sinn hir Kreatiounen en absolutten Hingucker.

– Beth’s Jewelry:

Aus Drot a Polymer Clay kreéiert d’Elisabethe flott Bijoux’en, déi all Outfit opwäerten. Dobäi sinn de Formen a Faarwe keng Grenze gesat an all Stéck huet de Sigel handgemaach. Mat filigranen Details gëtt et dann och Ouerréng fir all Saison, Laun an Typ.

– Pauline’S:

Wärend dem Lockdown huet d’Pauline ugefaangen, selwer Bijoux’en ze maachen. Seng Spezialisatioun si verguldten a filigran Kreatioune mat richtege Steng, woubäi d’Creatrice grousse Wäert drop leet, fir all Charakter och de Steen mat der passender Eegenschaft ze fannen.

– By SOFS:

Egal op verguldt oder aus Sterling Silver, d’Bijoux’en vu By SOFS treffe genau den aktuellen Trend a si mat hirem méi klasseschen, mee trotzdeem raffinéierten Design genau dat, wat een als moudebewosste Persoun sicht.

– Déchineuse:

Déi selwer-ernannte Schatzjäerin huet sech e klengt Online-Universum mat allméigleche speziellen a mat Léift erausgesichten Objets’en erschaf. Am e-Shop ginn awer net nëmme Schmockliebhaber fündeg, mee och soss jiddereen, deen op der Sich no eppes méi originellem ass.

– made.by.isi:

Wann et och an der Karriär net sollt den Dramberuff ginn, heescht dat net, dass ee seng Dreem net trotzdeem liewe kann – dat beweist d’Isabelle mat senge Kreatiounen. Virun allem seng selwer-gebitzte Stoff-Ouerréng sinn op Instagram de Renner a méi schnell fort, wéi se gepost ginn.

– Makimba et Marilou:

Déi kleng Boutique aus der Stad ass bekannt fir hir ganz besonnesch kleng Schätz, well hei fënnt ee net den 0-8-15. Ma d’Shop-Besëtzerinne loossen sech et net huelen, och ausserhalb vun den eege véier Wänn hir Bijoux’en an Accessoiren ze verkafen, e Stopp beim Stand ass also e Must. D’Maïté huet iwwregens e Pop-Up zesummen mam Alexandra vun Genaveh an mam Paloma vun Van Palma an der Stad an schafft immens gär mat aneren Kreativen zesummen a bréngt do säin gesammelten Know How mat, deen et op all senge ville Reesen gesammelt huet.

– handmade by danielle:

Stoff-Accessoirë sinn de Moment nees voll um Kommen, dofir huet och d’Danielle seng Passioun fir d’Bitzen zum reegelméissegen Hobby gemaach. A senger Kollektioun fënnt een esouwuel Scrunchies fir d’Hoer, Headbands a Masken, wéi och flott Saache fir de Baby.

– la petite créa-ture:

Och beim Isabel Ferreira steet de Stoff am Virdergrond. Vu flotten Accessoirë fir Erwuessener, iwwer ganz speziell dekoréiert Maske bis hin zu Klengegkeete fir d’Butzen ass a senger Gamme wierklech vun allem dobäi.

– Lynn Lecoq:

Zum Stoff gesellt sech beim Lynn och nach d’Woll, déi et an allméiglechen Ausféierungen a Faarwe gëtt. Vun satinéierte Kimonoe bis hin zum flauschege Knitwear-Plower fënnt een hei alles, wat d’Handaarbechtshäerz begiert.

– Bilu:

Bei Bilu gëtt et flott Spillsaachen an Accessoirë fir déi ganz kleng. Dobäi gëtt hei déi ganz Spart u Saachen handgemaach, a bei esou vill Auswiel ass et wierklech net einfach, sech ze entscheeden. Wéi wier et z.B. mat enger Makramee-Deko, oder awer engem flotte Baby-Nest?

– Börky:

Dës Mark steet fir alles, wat am Holz verschafft ass. Sief et eng flott Deko mat Natur-puer Feeling, handgemaache Vase fir d’Stuff ze verschéineren, oder awer en Holz-Schëld mat personaliséierter Agrawéirung: dat natierlecht Material war nach ëmmer eng gutt Iddi.

– Beton Art by Vero:

Wéi de Numm et scho verréit, dréint sech beim Vero senge Kreatiounen alles em de Beton. Dëse kenne mir zwar aus dem Alldag vun eise Stroossen a Gebaier, ma och als Deko fir doheem ass dat grot Material e richtegen Hingucker.

– Resin Art by Laura:

Dem Laura seng Gamme ass wierklech breet gefächert, a geet vun Deko-Artikele mat flotte Glitzer-Effekter bis hin zu Accessoirë mat Blumme bannendran. Flott sinn och der Creatrice hir Unhänger fir un de Beemchen, oder awer d’Resin-Spéngele fir an d’Hoer.

– S&G craftnook:

Och bei S&G craftnook geet et em dat duerchsiichtegt Material, wat mir ënnert dem Numm Resin kennen. Am Virdergrond stinn hei virun allem Glasënnersetzer, déi mëttlerweil zu de Klassiker an der DIY-Resin-Konscht gehéieren.

– Une Fois L’Art:

Vu Biller iwwer Säitemarkéirer fir d’Buch, bis hin zu Unhänger a Bijoux’en, ass an dësem kreative Shop wierklech alles ze fannen. Wien Konscht gären huet an des och sech oder anere wëll verschenken, dee gëtt bei Une Fois L’Art definitiv fündeg.

– Caroline Corallo:

D’Brasilianerin, déi zanter e puer Joer zu Lëtzebuerg lieft, huet sech komplett der minimalistescher Konscht verschriwwen. Seng Biller besti meeschtens just aus enger kontinuéierlecher Linn, an och wa se fir Instagram oft ze provokativ schéngen – mir lieben se!

– Joana Sabri:

Dem Joana seng Illustratioune gi vu Porträts’en vum Frida Kahlo bis hin zu simpele Gesiichter a Kombinatioun mat Blummen, ma all sinn se super ausdrocksstaark a maache virun allem och gutt op T-shirts, Hoodies an Jeans-Kleeder.

– Christine Faber:

Déi jonk Kënschtlerin huet virun allem wärend a nom Lockdown lescht Joer mat senger Serie vu Watercolor-Biller iwwer Lëtzebuerger Caféen a Baren erausgestach, an ass och soss bekannt fir seng handgemoolte Postkaarten.

– Ophelia:

D’Julie Redo huet sech am Kader vum ThankYouBuy-Maart fir handgemoolte Chrëschtdagskaarten a flott Lettering-Biller decidéiert. Mat verschnörkelte Buschtawen a verdreemte Watercolor-Objets’en sinn seng Wierker en absolutt Highlight.

-Die Uschi:

Och d’Thea ass spezialiséiert op Hand Lettering a flott Schrëften, aus deenen hatt fir all Occasioun déi richteg Wieder kreéiert. Egal op passend zur aktueller Saison oder als Kaddo fir e Gebuertsdag, Die Uschi weess ëmmer, wat grad gutt wierkt.

– Shoes by Julie:

Customized Turnschong sinn net réischt haut e mega Renner, ma gehéiere scho jorelaang op all Sneakermess zu de Must-Haves. Dem Julie Thimmesch seng handgemoolten Designs sinn eng flott Manéier, fir einfach wäiss Sneaker esou richteg opzepimpen – egal mat wéi engem Motiv.

– Artwork by Lynn:

D’Lynn Kunnert huet säin Dada a ville verschiddene Stilrichtunge fonnt, ma wat eis am beschte gefält, sinn seng knätscheg Biller mat Disney-Charakteren oder bandes dessinéeën. Heibäi gräift d’Lynn op ganz ënnerschiddlech Techniken zréck, vun Acryl bis hin zu Bläistëft.

– HEY LITTLE BABY:

Bebéën a Butzen opgepasst, well hei fannen d’Mamma oder de Pappa garantéiert eppes, wat iech gefällt. Den Online-Shop huet gefillt alles, wat Elterenhäerze méi héich schloe léisst, well wien wëll säin Junior net mat flotte Spillsaachen an Accessoirë verwinnen?

– domino:

Och de bekannte Kaddos- an Deko-Buttik aus der Louvignysgaass dierf bei engem Createurs-Marché natierlech net feelen. Iwwer d’Kultgeschäft aus der Stad muss een deene meeschte wuel net vill erzielen, an all déi aner: maacht iech selwer e Gefalen a gitt luussen, Merci kënnt dir herno soen.

– makramee by Lynn:

D’Lynn Rommes huet ewéi esou vill anerer d’Technik vum Knieden nees nei entdeckt a kreéiert elo aus laange Kotténgsfiedem déi ënnerschiddlechsten Dekoratiounen. Vum klenge Schlësselunhänger bis hin zum grousse Wallhanger ass hei fir jiddereen eppes dobäi.

– Knots with Love:

E bësse Boho-Flair bréngen och dem Helena Costa seng Makramee-Kreatiounen an all Zëmmer. Zu senge beléiftste Commandë gehéieren traditionell Dreamcatcher, ma och flott Accessoirë fir den Alldag a wann et da ganz motivéiert ass, kënnt och mol eng Kannerschaukel dobäi eraus.

– Michele Neven:

Wien Accessoiren aus Stoff a Fiedem seet, dee kënnt och net laanscht dem Michele Neven seng cool geknäppte Poschen a Kierf. De Look erlieft ëmmer nees Trend-technesch Ups and Downs, ma wa mir éierlech mat eis sinn, gehéiert dach eigentlech an all Kollektioun esou eng Posch, oder?

– SOHA:

Handgegoss, vegan, schlicht mee opfälleg – esou loossen sech d’Käerze vu SOHA beschreiwen. Hiergestallt aus rengem Soja-Wuess gemëscht mat huiles essentielles sinn des Doftspender net nëmmen e Genoss fir d’Nues, ma och absolut Banger wat d’Optik ugeet.

– Luxcandles:

Klassesch am Glas iwwerzeegen d’Käerze vu Luxcandles virun allem mat hiren extravaganten Doft-Mëschungen, déi an all Raum e richtege Wow-Effekt hannerloossen. An wosst dir, dass all Käerz en “memory burn” huet? Heiriwwer an iwwer aner Fakte klären d’Hiersteller gären op.

-FRUGHY:

Kosmetikproduit’en am Stéck ginn ëmmer méi beléift, net nëmme well se méi schounend fir d’Ëmwelt sinn, ma och wéinst hire gudden Effekter op eise Kierper. Natierlech Bio-Seefen a Shampoing’en kritt dir um Maart vu FRUGHY, der Mark komplett ouni Plastik.

– Maison Margo:

Vintage gëtt beim Marguerite an Ophélie groussgeschriwwen, well hei fannt dir näischt, wat net absolut Retro ass. Egal op Deko, Porzeläin oder Miwwelen – wien d’Maison Margo betrëtt, dee fillt sech wéi an enger anerer Zäit.

– pilea:

Am Laure sengem Second Hand Shop op der Gare gi virun allem Second Hand Lover fündeg, well hei kréien al Kleedungsstécker en neit Liewen. Ma och gedréchent Blummen, Planzen an DIY-Bijoux’en gehéiere bei pilea zum daily business, also wierklech eppes fir all Goût.

– INFIIORATA:

Déi e bëssen aner Floristin, esou kéint een d’Grënnerin Kathlyn vun INFIIORATA nennen. Mat senge ganz originelle Blummegestecker an Dekoen aus Planze setzt d’Floristin all Raumlook nach d’Kiischt op de Kuch, an dat op eng ganz natierlech Manéier.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply