Geléinte Bauch

Et ass en Dram vu ville Koppelen: Kanner kréien, an domat eng eege Famill grënnen. Ma wat maachen, wann dat einfach net klappe wëll an de Wonsch no klenge „mini-mes“ och no ville Versich nach onerfëllt bleift? D’Medezin huet Alternative fonnt, ma och zukünfteg Elteren, déi net selwer Kanner zeuge kënnen, mussen net op de Nowuess verzichten. An der neier MADI-Serie hu mir mat Mammen a Pappe geschwat, déi op anerem Wee hiert Gléck fonnt hunn an eis vun hirer klenger Welt erzielen, ma och mat Koppelen, bei denen et bis ewell nach net geklappt huet.

Keen Adoptivkand, kee Fleegekand, mee en eegent, just iergendwéi anescht: dem Viviane an dem Pierre hire Jong gouf 2019 gebuer, ma net vum Viviane selwer, mee vun enger Leihmutter. Wat een aus Filmer kennt ass eng Realitéit, déi et och zu Lëtzebuerg gëtt, ma déi op legaler Basis awer esou munch Stolpersteng parat huet. D’Leihmutterschaft, am Franséischen „gestation pour autrui“ (GPA) via eng „mère porteuse“ (Leihmutter) genannt, ass hei am Land nämlech eigentlech verbueden. De Gesetzesprojet 6568A soll d’Thema zwar an Ugrëff huelen, ma eng Legaliséierung schéngt a näherer Zukunft awer bis ewell nach net a Siicht.

„De Problem ass, dass et hei am Land net zu honnert Prozent gereegelt ass“, seet d’Viviane. Dass dëst awer net forcement bedeit, dass Elteren net trotzdeem op eng Leihmutter zeréckgräifen, weist d’Beispill vun him a sengem Mann. Vu dass d’Viviane ronn 15 Joer méi al ass wéi de Pierre, war Kannerkréie bei der Koppel laang Zäit net wierklech en Thema. Wéi et dunn viru knapp fënnef Joer awer op eemol am Raum stoung, war de Partner schnell kloer: op normalem Wee gëtt eng Schwangerschaft fir d‘Viviane schwiereg. „Ech hunn e Problem mat der Gebärmutter, esou dass sech meng Schläimhaut net richteg opbaut“, erkläert hatt.

 

D’Koppel huet also ugefaangen, sech no alternative Weeër ëmzekucken an ass op den „don d’ovocytes“, also d’Eezellespend gefall. „Zu Lëtzebuerg gëtt des awer net gemaach, ma an Tschechien ass et méiglech“, esou d’Viviane. Seng Gyneko hat schonn emol mat enger Agence vu Prag zesummegeschafft an gutt Erfarunge gemaach. Ma och hei war eng erfollegräich Schwangerschaft bei der Lëtzebuergerin scheinbar onméiglech: insgesamnt neng Versich vun enger kënschtlecher Befruchtung goufe gemaach, ma déi dräi effektiv implantéiert Eezellen sinn ni bliwwen an och nom Wiessel vun der Klinik ass de Prozess all Kéiers mattendran ofgebrach.

No annerhallwem Joer hat d’Koppel all Méiglechkeeten an des Richtung ausgeschöpft an ass op eng nei Piste geroden: déi vun der Leihmutter. Des sicht een sech awer net einfach esou eraus, ma et ass eng ganz Prozedur, well och an Tschechien ass d’Method net gesetzlech gereegelt. „Et muss een e ganze medezineschen Dossier erareechen a verschidde Bedingungen erfëllen, notamment noweisen, dass een entweder als Fra eng Hysterektomie hat, bei der d’Gebärmutter erausgeholl gouf, oder schonn eng gewëssen Unzuel u Versich mat enger kënschtlecher Befruchtung“, erkläert d’Viviane.

Vu dass et bei him mat kenger vun den Implantatioune geklappt hat, war hatt fir de Programm vun der „mère porteuse“ eligibel an huet sech bei enger Agence ageschriwwen. „Mir hunn eis nach séier den Dag ier mir dunn op Prag geflu sinn hei bestuet, fir alles ze vereinfachen, well dat Ganzt ass scho kee simpele Prozess“, esou d’Viviane. Fir op Nummer sécher ze goen, huet d’Koppel och hiren Affekot mat an d’Boot geholl, well e Kand kréien iwwer eng Leihmutter ass eng Saach vu ville Kontrakter a Pabeierkrom.

Nodeems de Kontrakt mat der Agence fir hire Service ënnerschriwwe war, huet missen déi passend Leihmutter erausgesicht ginn. „Mir kruten dräi Profiller vu Frae geschéckt, e bësse wéi en CV vu Persounen, déi medezinesch op mech ofgestëmmt waren.“ Vum éischte Choix ass leider ni méi eng Réckmeldung komm, bei der zweeter Fra goung et d’selwecht, bis dass ënnert de Kandidatinnen dunn endlech déi richteg konnt fonnt ginn. Dat éischt Treffe vum Viviane a Pierre mat der mère porteuse vun hirem zukünftege Kand huet an der Klinik stattfonnt, wou déi potenziell Leihmutter komplett ënnersicht gouf.

 

„Duerno si mir zesummen iesse gaangen. Mat der Sprooch war et zwar natierlech e bësse méi schwiereg, mee mir hunn eis iwwer d’App Viber verstännegt. Fir eis war an ass dat keng friem Persoun, d’Leit stellen sech ëmmer vir, dass een e Mënsch keeft, mee esou leeft dat guer net of“, präziséiert d’Vivane. Wéi bis dat Medezinescht an dat Tëschemënschlecht fir gutt befonnt gi war, goung et och scho lass mat der Rees a Richtung Eltere ginn. Seng onbenotzten Embryoen hat d’Vivane no de Versich mat der kënschtlecher Befruchtung afréiere gelooss. Ee vun hinne krut d’Leihmutter am Februar 2019 dunn agesat. Eng spannend Episod am Liewe vun de Bedeelegten, un déi sech d’Lëtzebuergerin nach gutt zeréckerënnert: „Ech weess nach wéi d’Resultat vun der éischter Bluttanalys koum, dat war um Gebuertsdag vun der mère porteuse. Vläicht huet dat eis och Gléck bruet.“

En direkte Kontakt bestoung zu deem Zäitpunkt net tëscht der Lëtzebuerger Koppel an der Leihmutter, mee just iwwer de Mëttelsmann vun der Agence – fir en Abus vum Service ze vermeiden. „Am Mee sinn ech zesumme mat engem vun der Agence bei si an hir Heemecht an der Ukrain geflunn, fir beim éischten Ultraschall kënne mat dobäi ze sinn, dat war mir wichteg. Am August si mäi Mann an ech dunn zu zwee erofgeflunn, fir hir Stad ze gesinn an déi typesch Saache wéi traditionellt Iesse vun dohanne kennenzeléieren“, erzielt d’Viviane. Lues a lues ass alle Parteie bewosst ginn: de Countdown leeft elo.

D’Gebuert war fir den 11. oder 12. November geplangt, ma schonn Enn September huet sech d’mère porteuse an de Fliger Richtung Prague gesat, fir do déi lescht Woche virum Accouchement ze verbréngen. Och d’Viviane ass e Mount drop an Tschechie geflunn, dëst mat Hëllef vun engem congé sans soldes. „Vu dass dat Ganzt hei am Land net gereegelt ass, ginn et bei villen Etappe Problemer, notamment well ech nach keng requête fir d’Adoptioun hat, well ech déi réischt no der Gebuert konnt maachen.“ Och vu Säite vum Papp aus huet d’Koppel missen esou munches selwer an de Grapp huelen, ënner anerem d’Unerkennung bei der Gemeng vu Prag dovun, dass d’Kand och wierklech säint wier.

Ma trotz dësen administrativen Hürden hat d’Viviane sech vun der Leihmutter schrëftlech accordéiere gelooss, dass hatt dierft dobäi sinn, wa säi Bébé déi éischte Kéier géif d’Aen opmaachen. Dësen ass zwar op eemol méi séier op d’Welt komm, wéi geduet, ma no e puer Stolpersteng bei der Verstännegung mat der Klinik war et dunn endlech esou wäit an d’Mamm konnt hiert Kand an den Äerm halen. Klengt wéi en endlech erfëllten Dram, ma hannert der Fassad war awer villes absolut net ofgelaf, wéi een sech dat erhofft hat. „Bis September war alles relativ gutt gelaf, mee do sinn d’Suergen dunn lassgaangen“, seet d’Viviane.

 

Trotz reegelméisseger Nofro bei der Agence, hat des der Koppel bis op de leschte Stëppel net Bescheed gesot, a wéi enger Klinik hiert Kand eigentlech sollt gebuer ginn. Am Oktober huet sech d’Leihmutter dunn iwwer privatem Wee mam Vivane a mam Pierre a Kontakt gesat, fir sech iwwer d’Handhabung vun der Agence ze beschwéieren. „Mir haten hir en Appartement zu Prag gelount, d’medezinesch an administrativ Fraisen iwwerholl, si fir hire Lounausfall an de Fluch opkomm an esou weider. Unsech hätt sollten hir Schwëster als Begleetpersoun mat op Prag kommen, mee si huet eis dunn informéiert, dass dee vun der Agence och géif bei hir wunnen. Dat ass natierlech guer net gaangen.“

Dobäi koum, dass no enger traitéierter Chlamydien-Infektioun keng Nokontroll méi bei der Leihmutter duerchgefouert gi war, wat dozou gefouert huet, dass de klengen Däbbes no der Gebuert huet missen zeng Deeg laang op d’Intensivstatioun leie goen. „Gottseidank krut ech duerno d’Méiglechkeet fir mat him an en Zëmmer ze goen, well se am Spidol wollte gesinn, wéi ech am Ëmgang mat him géif eens ginn“, erënnert sech d’Viviane.

Entretemps stoungen awer déi nächst Suerge virun der Dir, well och bei der Organisatioun vun enger copie conforme vun de Pabeieren huet d‘Agence hir Säit vum Kontrakt net uerdentlech erfëllt, esou dass d’Koppel iergendwann d’Saach selwer an de Grapp geholl huet. „Mäi Mann huet fënnef aller-retours an Tschechie gemaach fir alles ze reegelen“, esou d’Viviane. Duerch déi gutt Relatioun mat der mère porteuse krut d’Koppel vun dëser direkt d’original Gebuertsurkunde an de Pass, déi de Pierre zu Lëtzebuerg konnt iwwersetzen a mat Hëllef vu Notaire an Affekot ofseene loossen. „D’Kontrakter sinn all op dräi Sprooche geschriwwe ginn a mir haten eng extra Traductrice fir d’Leihmutter organiséiert, op mannst dat hat alles gutt geklappt.“

Ma um europäeschen Territoire ass dunn alles e Krack méi komplizéiert ginn. „Eis Chance war, dass ech mech e ganzt Joer laang mat alle Gesetzestexter vu Lëtzebuerg an der EU ausernee gesat hat an dofir iwwer alles immens Bescheed wosst. Mir ware schliisslech déi éischt hei am Land, déi dee Wee op legaler Basis dem Gesetz no gaange sinn. Wann een et illegal mécht, da geet villes leider och vill méi einfach.“ Et hätt een sech wéilten no alle Säiten hin ofsécheren, fir dass och sécher näischt géif schifgoen, wann dee Klenge sollt mat op Lëtzebuerg plënneren. „Mir sinn och an en Adoptiounscours gaange fir ze léieren, wéi een eng Bindung zum Kand opbaut. Fir mech war dat immens wichteg, vu dass ech jo selwer keng Gebuert erlieft hunn an dat huet eis am Nachhinein och vill gehollef.“

 

De Pierre, deen ursprénglech aus der Belsch ass, hat och kuerz virun der Gebuert nach d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl – „soss wier alles nach méi komplizéiert gewiescht“, mengt d’Viviane. Wärend hatt mam Puppelchen an der Klinik war, ass säi Mann zeréck op Lëtzebuerg geflu fir sech hei mam Affekot ëm d‘déclaration de naissance ze bekëmmeren. „D’mère porteuse kënnt op den acte de naissance stoen an ech hunn hei zu Lëtzebuerg missen eng Adoptioun maachen“, erkläert d’Viviane.

All dëst huet missen am Kader vum congé parental vum Pierre geschéien, e congé d’accueil oder e congé de maternité haten hien an seng Fra nämlech net zegutt. Op der Ambassade zu Prag konnt d’Koppel dunn de Pass fir hire Klengen ufroen, ma fir d’éischt huet de Pierre missen en Vaterschaftstest maache loossen. Wéi et dunn drëms goung, fir hire Bouf en certificat de nationalité fir an déi nei Heemecht ze kréien, krut d’Koppel alt nees Steng an de Wee geluet. „Mir hunn den Heimatschein an déi ganz Pabeiere beim Service de l’indigénat ugefrot, normalerweis dauert dat dann zeng Deeg, mee wéi ech no der Period nees ugeruff hunn, woussten si op eemol näischt méi vum Dossier.”

Vu dass hire Bouf nëmme 60 Deeg ouni Pabeieren an Tschechie bleiwen duerft, ass Zäitdrock bei de frëschen Elteren entstanen. Via Affekot, Ombudsfra a privat Relatioune konnt d’Saach dunn awer relativ schnell gekläert ginn, an déi kleng Famill duerft endlech nees op Lëtzebuerg kommen. “Dräi Méint no der Gebuert konnt ech dunn d’requête en adoption plénière eraginn, dat war just wéi de Confinement hei ugefaangen huet”, esou d’Viviane.

Et misst eng gereegelt Prozedur fir d’GPA hei am Land ginn, fuerdert d’Koppel, well bei der Leihmutterschaft géif d’Kand schliisslech just vun enger mère porteuse ausgedroe ginn, wier am Endeffekt awer a kengem biologesche Lien mat dëser. Et wier opgrond vum don d’ovocïtes jo hire Bouf, wat eng Adoptioun logescherweis onsënneg mécht. De Klengen huet entretemps en duebelen Numm – dem Pierre an dem Viviane säin – an d’Transkriptioun fir d’Volladoptioun ass gemaach. Ma esouwuel um administrativen ewéi och um perséinlechen Niveau war de Projet Eltere-ginn fir d’Viviane an de Pierre oft keen Zockerschlécken: “Et ass e Gefill tëscht Frustratioun a Roserei an et kënnt een op eemol op e Punkt, wou een am léifsten einfach resignéiere wéilt.”

Dat ganzt Op an Of, Hin an Hir, d’Ongewëssheet an d’Medikamenter belaaschten, an dëst esouwuel kierperlech ewéi och mental. „Ech hat beim Gyneko en Traitement gefrot fir kënnen ze nieren an hu misse Motilium en masse schlécken an all dräi Stonnen opstoe fir ze pompelen an ze stimuléieren. Dee Klenge war Gottseidank d’Fläsch scho gewinnt, vu dass en des och huet missen an der Intensivpfleeg huelen“, beschreift d’Viviane ee vun de Facteuren. Ma virun allem d’Gesetz zur Eltereschaft wier am dréngenden Iwwerhuelbedarf, well obwuel Leihmutterschaft nach ëmmer e grousst Tabu hei am Land ass, gëtt se dach méi genotzt, wéi ee mengt.

 

“Oft mengt een et wiere just homosexuell Koppele concernéiert, mee et ginn och vill hetero-Koppelen, déi hiert Kand iwwer eng mère porteuse kruten, dat weess just keen”, seet d’Viviane. Insgesamt hätt hatt an de Pierre de ganze Wee bis hin zum eegene Kand ëm déi 100.000 Euro kascht, an eng jett Nerven, well vu dass d’Leihmutterschaft an enger Grozone läit, fënnt een och keng wichteg a néideg Informatiounen heizou. “D’Leit hunn immens vill Virurteeler zu dësem Thema, ma dës stëmmen a Fäll wéi eisem awer absolut net.” D’mère porteuse wier keng aarme Fra, déi fir finanziell Zwecker géif ausgebeut ginn, ma eng studéiert Persoun, zu der d’Koppel och Méint no der Gebuert vun hirem Kand nach e gudde Kontakt hält.

“Mir hu vun hir Decken a Fotoe kritt, wënschen hir fir déi wichteg Fester a wann eise Jong méi grouss ass an dat wëll, da fléie mir och gär an d’Ukrain fir si ze besichen”, esou d’Viviane. Déi mënschlech Ebene an en ethesch korrekten Oflaf wier der Koppel vun Ufank un wichteg gewiescht, well si wollten net nëmmen hirem Jong e schéine Start an d’Liewen erméiglechen, mee de richtege Wee fanne fir jiddereen. Haut sinn d’Viviane an de Pierre glécklech wa si an d’Guckelcher vun hirem klenge Bouf kucken, ma si wëssen, wat si hu missen a Kaf huelen, fir des Momenter elo kënnen ze genéissen.

“Et dierf een net einfach blannemännerches doran lafen, mee et muss een sech wierklech informéieren”, betount d’Viviane. Et wier dofir ëmsou méi wichteg eng gereegelte Kader ze schafe fir dass déi, déi nokommen a vläicht net esou vill Virwëssen hunn, wéi d’Viviane a säi Mann selwer, trotzdeem wëssen, wat ze maan ass. Well eppes ass sécher: de Kannerwonsch ass eppes enorm Staarkes, a wann d’Optioun A a B net klappen, da bleift oft nëmmen nach Optioun C an déi heescht a sou munchem Fall ebe “gestation par autrui”.

 

 

Laura Tomassini

 

 

 

 

 

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply