Mäi Kierper, mäi Choix

Et ass en Thema, wat ëmmer erëm polariséiert: wärend an Amerika „pro-life“-Aktivisten haart „Mord!“ jäizen an d’Kathoulesch Kierch generell kee Fan vu Verhütung an Ofdreiwung ass, rudderen ëmmer méi westlech Länner an hiren Ideologien zréck a passen d’Gesetzeslag un d’Realitéit vum 21. Joerhonnert un. D’Zäiten, wou Frae keng Muecht iwwer hiren eegene Kierper haten a Kanner als Geschenk Gottes ugesi waren – egal op geplangt, gewollt oder als Resultat vun enger Vergewaltegung – sinn eriwwer. Eigentlech. Well och wann duerch d’Reforme vun 2012 an 2014 déi fräiwëlleg Ofdreiwung hei am Land endlech legaliséiert gouf, ass a bleift dëst en Tabuthema. Dass all Fra d’Recht op Selbstbestëmmung huet, sollt hautdesdaags zur Normalitéit gehéieren. Nawell dierf och e Schwangerschaftsofbroch net op déi liicht Schëller geholl ginn, mee muss duerchduecht sinn, well all Decisioun huet och hir Konsequenzen.

„Et ass eng immens perséinlech Decisioun, déis de weder op däi Partner nach en aneren ofwälze kanns, a bei däers de dech net vun iergendengem beaflosse loossen dierfs, well et ass däi Kierper.“

Wat d’Patricia beschreift, ass eng Astellung, déi vill Fraen deelen, déi awer och nach ëmmer vill Leit virun de Kapp stéisst. Et geet em Ofdreiwung an dorëms, wéi Betraffener mat dëser ëmginn. Mat 20 Joer stoung d’Patricia virun der Decisioun, ob hatt säin ongeplangte Bébé wéilt behalen oder net. Eng Entscheedung, déi deen Ament relativ liicht gefall ass, im Nachhinein awer fir Péng gesuergt huet. „Ech hat deemools just ugefaange mat schaffen a mäi Frënd ass nach an d’Schoul gaangen an hat kee Plang fir d’Liewen. Mir waren zwar sechs Joer zesummen, mee seng Eltere ware net frou mat mir an ech hunn nach bei menge Grousseltere gewunnt – et war also guer net drun ze denken, an der Situatioun e Kand grousszezéien.“

D’Rechnung war séier gemaach: fir e Puppelche war an der Koppel hirem Liewen einfach nach keng Plaz, den Timing war schlichtweg schlecht. Ma vu dass viru ronn 40 Joer d’Gesetzeslag eng Ofdreiwung zu Lëtzebuerg awer nach verbueden huet, misst d’Patricia op d’Awëllegung an de gudde Wëlle vu sengem Dokter pokeren.

„Hien huet et deemools als ‚curetage‘ klasséiert a net als ‚avortement’, well dat déi Zäit nach net erlaabt war“

, esou d’Patricia. E Schwangerschaftsofbroch getarnt als Gebärmutterausschabung, well Fraen deemools nach net d’Recht haten, selwer iwwer hir Zukunft ze decidéieren. D’Patricia hat Chance a konnt an engem sécheren Ëmfeld a senger Heemecht behandelt ginn, d’Alternativ wier eng illegal Ofdreiwung iergendwou am Ausland gewiescht. An der 7. Woch koum hatt also an d’Spidol, krut e Baxter a sollt bis zing zielen, fir dono erëm ouni Bébé am Bauch ze erwächen.

„Fir mech war meng Decisioun ganz kloer, mee ech vergiessen ni dee Moment wou ech do louch an op eemol a mengem Kapp gejaut hunn, ech wéilt net ofdreiwen. Wann ech do hätt kéinten opstoen a goen, dann hätt ech et gemaach.“

Wat beim Patricia schonn um Operatiounsdësch agesat huet, ka bei betraffene Mammen nach laang Nowéien hunn: en Trauma. „Ofdreiwung ass net gläich Ofdreiwung an et ginn eng ganz Rëtsch u Kontexter a Facteuren, déi zu traumatesche psychesche Folgestéierunge féiere kënnen“, erkläert de Khashayar Pazooki, Neurowëssenschaftler, Psychotherapiewëssenschaftler a Leeder vum Traumainstitut zu Mamer. Fäll wéi dem Patricia säi begéint hien oft, ma op an ënner wéi enger Form eng Fra no enger Ofdreiwung ënner hirer Decisioun leit, hänkt vu ganz villem of.

„Fraen, déi hir Entscheedung fräiwëlleg treffen, ouni Awierkung vu Friemfacteuren, hu meeschtens esou gutt ewéi keng Problemer mat Traumatiséierungen, well hinnen d’Konsequenzen dovu bekannt sinn. Ma och hei spillen individuell Facteuren, ewéi perséinlech Coping-Strategien oder déi generell Resilienz vun de Betraffenen eng Roll, esou dass déi eng Persoun méi vu Folgestéierunge betraff ass wéi déi aner“,

esou de Wëssenschaftler.

E wichtegen Aspekt heibäi sinn déi esou genannten „Zwangskontexter“, déi vill Gesiichter kënnen hunn a staark beaflossen, wéi eng Fra mat enger Ofdreiwung ëmgeet. „Esou e Kontext kann déi finanziell Situatioun vun der Betraffener sinn, de Fait dass de Partner ee verlooss huet an een sech vum Ëmfeld net ënnerstëtzt fillt, een nach studéiert a net prett fir Familljeplanung ass, oder awer gewësse Kulturberäicher, an deenen eng Schwangerschaft virum Bestietnis beispillsweis als Schan ugesi gëtt an een doduerch Problemer am Private kéint kréien, grad esou wéi den Afloss vu Relioun a Kierch.“ Egal wéi dës Facteure vu baussen sech ausdrécken, eppes ass ëmmer d’selwecht: et fillt een sech ënner iergendenger Form dozou gezwongen, ofzedreiwen. D’Suitte vun esou enger Decisioun kënnen nonexistent sinn – am Fall wou een trotz allem vu senger Entscheedung iwwerzeegt ass – oder awer schlëmm bis gravéierend Ausmoossen unhuelen, wéi de Pazooki erkläert:

„Traumafolgestéirunge kënnen als Perséinlechkeetsstéierungen optrieden, als Zwangsstéierungen, Angscht- oder Panikstéierungen, Depressiounen, Iessstéierungen oder awer als psychosomatesch Stéierunge mat Symptomer wéi Migrän oder Bauchwéi, déi keng organesch Ursaach hunn.“

Beim Patricia huet sech d’Konsequenz vun der Ofdreiwung als däitlech manner staark ausgedréckt: „Ech war direkt nom Agrëff traureg an hu mech net méi gutt gefillt. Net am Sënn vun ech hätt een ermort, mee éischter dass ech mäi Kand fortgemaach hunn. Ech hunn och ëmmer no dësem verlaangert, bis ech dunn iergendwann effektiv e Kand kritt hunn.“ D’Bezéiung zu sengem deemolege Partner huet d’Ofdreiwung net méi laang iwwerlieft, well dem Patricia säi Frënd net novollzéie konnt, firwat hatt dann op eemol awer getrauert huet an hatt dowéinst e Schlussstréch zéie wollt. Mat der Gebuert vu senger éischter Duechter 1989 ass d’Gefill vu Verloscht dunn awer endlech verschwonnen. Och wann des Schwangerschaft unsech – genau wéi déi éischt – net gewollt war, war d’Patricia prett fir Mamm ze sinn. „Bei menge Meedercher ass meng Ofdreiwung kee Geheimnis. Mir schwätzen oppen doriwwer a wann eent vun hinne géif schwanger gi wann et nach net fest am Liewen ukomm ass, da géif ech hatt froe wou et hiwëll an him soen, dass een sech muss bewosst sinn, dass e Kand zum Mëttelpunkt vun dengem Liewe gëtt an ee muss bereet sinn, dës enorm Responsabilitéit och ze iwwerhuelen“, seet dat haut 58-Järegt.

Fir d’Patricia war seng Entscheedung trotz psychologeschen Nieweneffekter déi richteg, eng Alternativ wier mat 20 fir hatt net a Fro komm.

„E Kand hues de fir d’Liewen an dofir muss de de Courage hunn, eng Decisioun dofir oder dogéint ze huelen. Du muss deng Emotiounen eigentlech dobäi ewechloossen a rational entscheeden, an dat ass dat Allerschwéiertst.“

Dass hatt schoun am jonken Alter eng Kéier schwanger war, sinn seng Grousselteren ni gewuer ginn, an och a sengem Bekanntekrees wousst laang nëmmen eng Persoun vum Patricia senger Ofdreiwung:

„Ech wollt et kengem zielen, well dat ganz schlecht ukomm wier an ech gefaart hunn, Drock gemaach ze kréien. Et ass awer nunmol einfach eng Decisioun, bei der keen d’Recht huet sech anzemëschen an déis de ganz eleng muss treffen.“

Dës Opfaassung deelt och de Khashayar Pazooki a gëtt konkret Rotschléi, wat een als Aussestoenden dierf an net dierf maan:

„D’Unzeeche vun engem Trauma weisen sech meeschtens schläichend a net all beieneen, dofir ass et wichteg op e Spezialist ze verweisen. Vum Ëmfeld ass et fir Betraffener immens wichteg Versteesdemech ze kréien an Ënnerstëtzung, egal fir wat se sech decidéieren.“ Behutsam, ma op kee Fall fuerdernd oder konfrontativ sollt ee Persounen op hir ongewollte Schwangerschaft a Suitten uschwätzen, well des kann den Drock vu baussen nach verschlëmmeren. Ze erkennen ass eng potenziell Folgestéirung un ënnerer Nervositéit, Vermeidungsverhalen ënner anerem an der Sexualitéit oder bei soziale Kontakter, oder awer unhand vu Flashbacks. „Besonnesch eescht ze huelen ass dat sougenannte ‚Schold-a-Scham-Schema’, wann ee selwer als Betraffenen oder bei enger anerer Persoun dëst Gefill bemierkt“,

esou den Expert.

Als éischt Ulafstell bei allem wat d’Thema Ofdreiwung ugeet, nennt de Pazooki de Planning Familial. Donieft kann awer och en Gespréich mam Hausdokter oder Gynekolog hëllefräich sinn, ma egal wéi muss am Fall vun enger Traumatiséierung e Spezialist opgesicht ginn.

„D’Fauschtreegel generell laut fir Laien, oppe Froen ze stellen an der Fra d’Entscheedung ze iwwerloossen, well si weess am Beschten, wat fir si dat Richtegt ass an et muss och keen aneren ning Méint laang de Bébé am Bauch droen“, präziséiert de Wëssenschaftler.

Genau des Argumenter bréngt och d’Tanja beim Thema Ofdreiwung. Selwer huet hatt schonn zweemol missen op e Schwangerschaftsofbroch zeréckgräifen. Fir säi Mamm-sinn een a fir allemol ze ënnerbannen, huet hatt sech beim leschten Agrëff viru siwe Joer seng Eeleeder ofbanne gelooss.

„Ech wollt ni Kanner, dat war mir schonn ëmmer bewosst, a wann s de dann op eemol weess, dass de schwanger bass, da wëlls de einfach just dass dat erëm fortgeet“, esou dat 48-Järegt.

Trotz Verhütung hat seng Gebärmutter awer schonn 1998 aner Pläng fir d’Tanja: „Ech hunn deemools op enger Bank geschafft an hat do en Typ kennegeléiert, deen alles mee kee Material fir eng Bezéiung war.“ De Plang vum jonken Duo war et, sechs Méint duerch Thailand ze reesen – eng Schwangerschaft huet do absolut net eragepasst. Wéi den Test awer positiv ugewisen huet, gouf et fir d’Tanja net vill ze iwwerleeën: eng Ofdreiwung war dat Eenzegt wat a Fro koum. De Jugement fir seng Decisioun krut hatt awer scho beim Dokter ze spieren:

„Wou ech der Hiewamm sot, dass ech d’Kand net wéilt, gouf ech direkt gekuckt wéi ech weess net wat. Du gëss dofir mega verurteelt.“

Och déi Joren dono, an deenen d’Tanja versicht huet iwwer säi Gyneko eng Sterilisatioun maachen ze loossen, waren d’Erwaardunge vu bausse spierbar:

„Ech war nach ni e Familljemënsch a just well d’Gesellschaft dir seet, dass de als Fra muss Kanner kréien, bedeit dat nach laang net dass dat och de Wëlle vu jidderengem ass. Mee du gëss als net normal ugesinn, wann s de dat esou sees.“

Entgéint den Usiichte vun aneren huet d’Tanja awer och seng zweet Ofdreiwung 2013 ni bereit: „Dee Moment wou ech nom Agrëff rem erwächt sinn, hunn ech mech einfach nëmme mega gespuert. Ech war endlech nees eleng a mengem Kierper.” Vun Trauma war bei him ni riets, deen eenzegen Negativfacteur ass d’Gefill, wat dat 48-Järegt géigeniwwer anere Fraen huet:

„Wat mir schonn ëmmer immens leed gedoen huet, ass dass ech esou fertil sinn an trotz Verhütung direkt schwanger gi sinn, wärend anerer onbedéngt e Kand wëllen an dofir alles probéieren, mee et klappt ni.“

Nawell gleeft d’Tanja ganz kloer u Selbstbestëmmung an dorun, dass keen engem virschreiwe kann, wat am Fall vun enger ongewollter Schwangerschaft richteg oder falsch ass:

„Mat de neie Gesetzer deemools hätt mäin Dokter mech eigentlech misse fir en obligatorescht Berodungsgespréich un en Psycholog schécken, mee dat wollt ech net. Firwat soll ech mech virun engem Frieme fir meng Entscheedung rechtfäerdegen? Et ass mäi Kierper an ech dierf och selwer decidéieren, wien ech sinn a wat ech domat maachen. Ech gehéiere schliisslech mir.“

Duerch d’Reforme vun de leschte Jore gouf och dëse Choix Betraffenen enorm erliichtert: haut ass aus dem mandative Gespréich eng Optioun ginn, déi jidderee wiele kann – oder eben net.

Well, egal aus wéi enge Grënn eng Fra sech fir oder géint eng Ofdreiwung entscheet, bei eppes sinn sech déi Betraffen an och den Traumaspezialist eens: dranzeschwätzen huet bei dësem Thema keen.

Well och wann et eng Entscheedung ass, déi muss duerchduecht sinn a kann Nowéien hunn – als Aussestoenden dierf een zwar eng ënnerstëtzend Schëller ubidden, ma just eng Fra selwer weess, ob a wéini se wëll Mamm ginn. A wann net, dann ass dat eben och ok.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply