Mäi Wellness

Sauna a Jacuzzi di mir esou gutt. Ma mech nervt et an déi grouss Spaen ze goe well do vill Leit sinn, et huet een ni wierklech seng Rou. Ech ginn an d´Sauna fir ofzeschalten. Duerch Zoufall stoussen ech op myspa.net. Dat si Vakanzewunnenge „La vie est belle“ direkt un der däitscher Grenz, mol keng hallew Stonn fort a se hunn ee private Wellnessberäich. Genau dat wat ech sichen. Ech buchen de „Time out“, en Duplex mat Sauna a Jacuzzi…

 

 

Elleng de Wee dohi mécht mech frou, well ech weess, dass eng “Me Time” op mech waart an de Wee huet et a sech well et fiert een duerch d´ Wäibierger an dat klengt Duerf wierkt ganz verschlof, hei fannen ech Rou. Parke kann ech virun der Dier wat super ass well ech Gepäck fir eng Woch dobäi hunn. D´Wunneng ass riseg an iwwerall fannen ech Schokela n souguer Cremant, en léiwe Geste vun de Propriétairë Cathy a Jonathan. Et feelt un näischt, alles ass wonnerschéin dekoréiert an d´Luuchten zauberen eng immens Ambiance.

 

 

D´Sauna an de Whirlpool sinn top. Déi meescht kommen an der Koppel heihin, ma och eleng kann een sech hei eng entspaanten a schéin Zäit maachen. D´Bett ass ronn a richteg gemittlech fir ze liesen. No der Sauna sëtzen ech gär dobaussen, leider sëtzt een hei da virum Haus wou jiddereen dee laanscht geet ee gesäit. Trotzdeem hat ech eng wonnerschéin Zäit am „Time out“

 

 

Ech géing hei am Hierscht oder Wanter zréckkomme wann een dat Gemittlecht sicht, fir erofzekommen an als Koppel fir ze kuschelen. Merci Cathy a Jonathan, dir huet hei ee klengt Paradäis geschaf.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply