Mamm iwwer Ëmweeër

Et ass en Dram vu ville Koppelen: Kanner kréien, an domat eng eege Famill grënnen. Ma wat maachen, wann dat mat de Bienchen a Blümchen einfach net klappe wëll an de Wonsch no klenge „mini-mes“ och no ville Versich nach onerfëllt bleift? D’Medezin huet Alternative fonnt, ma och zukünfteg Elteren, déi net selwer Kanner zeuge kënnen, mussen net op de Nowuess verzichten. An der neier MADI-Serie hu mir mat Mammen a Pappe geschwat, déi op anerem Wee hiert Gléck fonnt hunn an eis vun hirer klenger Welt erzielen, ma och mat Koppelen, bei deenen et bis ewell nach net geklappt huet.

„Et ass dat Schéinst wat ech bis elo gemaach hunn, mee et war sportlech!“ Wat d’Peggy beschreift, ass net den ING Marathon vu virun zwee Joer, mee de laange Wee fir endlech schwanger ze ginn. Mat 36 gouf dem Peggy säi laangjärege Kannerwonsch erfëllt an hatt d’Mamm vu wonnerschéinen Zwillingen. Ma bis et de 25. Februar 2011 esou wäit war, huet d’Léierin vill missen iwwert sech ergoe loossen. Opgrond vun der Spermiequalitéit vu sengem deemolege Mann war eng Schwangerschaft op normalem Wee fir d’Koppel net méiglech – en Dokter huet missen nohëllefen.

“Ech hat am Dezember 2004 opgehalen ze verhüten an am Juli 2005 hu mäi Partner an ech eis op der Gemeng bestuet. Dat Joer drop si mir dunn och an der Kierch bestuet ginn, déi ganz Zäit iwwer hunn ech probéiert schwanger ze ginn”, erzielt d’Peggy. Ma d’Temperaturhuelen an Timen huet näischt gedingt, esou dass déi jonk Fra iergendwann ugefaangen huet Vitaminnen an Hormoner anzehuelen. Bauchwéi an e puer Kilo méi waren awer dat eenzegt Resultat, vu Schwangerschaft nach laang keng Ried. Wéi d’Peggy 2008 dunn op eemol mat fuerchtbarer Péng misst an d’Spidol ageliwwert ginn, koum dem Gyneko seng Diagnos wéi e Schock: Kyste vu sechs, néng an eelef Zentimeter um Eeërstack, e geplatzten Eeleeder an eng liewensgeféierlech Sepsis.

D’Peggy hat Endometrios – eng Krankheet, déi bis dohin onentdeckt bliwwe war an der hir Suitten dozou gefouert hunn, dass no enger hefteger OP mat enger Piqûre d’Wiesseljoren kënschtlech ageleet goufen. “Ech war bal ee Joer dran, mat Vapeuren an allem wat dozou gehéiert”, esou d’Peggy. No enger zweeter Operatioun ee Summer drop gouf säin Zyklus dunn nees declenchéiert, ma och hei ass näischt geschitt – trotz dräi Inseminatiounen. “Ech sinn dunn an d’Procréation Médicalement Assistée (PMA) komm, bei de beschte Schwängerer, wéi se den Dokter do genannt hunn.” 2010 huet d’Peggy dunn eng nei Behandlung ugefaangen: eng ICSI, kuerz fir intracytoplasmatesch Spermieninjektioun, besser bekannt als kënschtlech Befruchtung.

 

Ma och dës sollt am Ufank ouni Erfolleg bleiwen: den Urin-Test war negativ an d’Peggy mat de Nerven um Enn. Wéi dunn awer den Telefon geschellt huet an déi aner Säit vun der Leitung een der jonker Fra gratuléiert huet, ass dës aus alle Wolleke gefall: “Mäin HCG-Wäert louch bei 287 an et ware mindestens zwee Embryoen do.” Vun ursprénglechen eelef ware beim Peggy sechs Stéck agefruer ginn, déi éischt zwee goufen agesat a wéi et den Zoufall esou wollt, hunn sech aus dësen Zwillingen entwéckelt. Ma d’Peggy hat trotz riseger Freed Angscht em seng Schwangerschaft, déi no esou laangem Kämpfen endlech vum Dram zur Realitéit gi war. “Ech krut dunn eng Dispens vun der Aarbecht well de Risiko, d’Kanner nees ze verléieren einfach ze grouss war”, esou dat haut 46-Järegt.

No 39 Woche koumen de 25. Februar 2011 dunn dem Peggy säi klenge Bouf a säi Meedchen op d’Welt. Déi frësch Mamm war iwwerglécklech, wollt hiert Gléck awer nach eng Kéier erausfuerdere fir och eng drëtt, “normal” Schwangerschaft kënnen ze erliewen – ouni Drama. “Ech hat nach véier Embryoen a wéi meng zwee 22 Méint al waren, sollt ech eng nei Inseminatioun gemaach kréien.” Ma duerch de Kaiserschnëtt gouf et awer Problemer, well dem Peggy säi Gebärmutterhals net ze fanne war. Et koum op e Neits zu schlechten Nouvellen: bei der Laparoscopie gouf festgestallt, dass déi rechtlech Embryoe futti waren, an domat d’Méiglechkeet op eng drëtt Schwangerschaft geplatzt.

Ma d’Peggy wollt awer net opginn an huet nach weider fënnef Tentative lancéiert. “Ech war och e puer Mol schwanger, mee entweder hunn d’Embryoen sech net entwéckelt, oder ech hat eng fausse-couche a beim 5. Versuch hat ech eng Hyperstimulatioun an dat war dunn den endgültege Stopp.” D’Enttäuschung war grouss an déi vill a laang Behandlungen hunn och hiren Deel dozou bäigedroen, dass dem Peggy säi Mariage lues a lues méi schlecht ginn ass, bis et dunn zur Scheedung koum.

“Ech denken dat ass fir keng Koppel eng Beräicherung. Et war zwar net eisen Doudesstouss, mee et huet sécherlech verschidde Saachen nach verschlëmmert”, esou d’Mamm.

Progesteron-Tabletten, Thrombose-Sprëtzen, Hormon-Coursen – alles Agrëffer, déi fir e Kierper net einfach ewechzestieche sinn an och dem Peggy ze schafe gemaach hunn. “Dat war schonn e stramme Programm”, seet hatt haut. Wann d’Peggy de richtege Partner géif fannen, da wéilt hatt och elo nach säi Wonsch no engem drëtte Kand erfëllen – des Kéier awer ouni Dokter. “Ech fannen et immens, wat d’Medezin eis alles erméiglecht, mee mat Hormoner wéilt ech net nach eng Kéier schwanger ginn.” Seng Zwillingen si fir d’Peggy awer säin Een an Alles an dës wëssen och, wat hir Mamm alles huet misse ginn, fir si ze kréien:

“Si wëssen, dass mir si onbedéngt wollten an dass dat ouni Dokter eben net machbar gewiescht wier. Mee fir eis ass dat guer kee Problem, heiheem gëtt oppen doriwwer geschwat.”

 

Och d’Kim wäert sengem klenge Bouf iergendwann eng Kéier soen, dass hie via kënschtlech Befruchtung an der Mama hirem Bauch gelant ass. Anescht wéi beim Peggy, gouf beim Kim awer eng in vitro Befruchtung duerchgefouert, am Fachjargon “In-vitro-Fertilisation” (IVF). Wat klischeehaft nach ëmmer Remark wéi “Du hues e Kand aus dem Glas” provozéiert, war awer och fir dat 30-Järegt a säi Mann déi eenzeg Méiglechkeet, fir iwwerhaapt kënnen Elteren ze ginn. Am Summer 2016 huet d’Kim seng Verhütung ofgesat an sech einfach emol drop agelooss, déi grouss Rees vum Mama-ginn unzetrieden. Vill vu senge Frëndinne ware schwanger oder hate schonn e Kand an och hatt wollt endlech aus der Zweeër- eng Dräierfamill maachen.

No engem dräivéierels Joer huet d’Kim dunn ugefaangen sech Gedanken ze maachen, well trotz guddem Wëllen a ville Versich, war hatt nach ëmmer net schwanger. “Dat ka scho mol bis zu engem Joer daueren, dat ass ganz normal”, huet et vu senger deemoleger Gyneko geheescht – eng Ausso, déi d’Kim eigentlech net esou héiere wollt. Hatt a säi Partner sollte vum Congé profitéieren, esou de Rot vun der Doktesch. No engem knappe Joer ass et dunn effektiv esou gaangen, wéi d’Gyneko dat virausgesinn hat: d’Kim war schwanger. “Ech hunn leider awer fréi eng fausse-couche gemaach, dat war fir eis en immense Réckschlag”, esou dat 30-Järegt. Fir eng gutt Zäit wollt hatt näischt méi vum Thema Kanner wëssen, déi schlecht Noriicht huet fir d’éischt emol misse verschafft ginn.

“Et dierf een net vergiessen, säi Koppelliewen ze genéissen, well de Bébé ass zwar nach net do, d’Koppel existéiert awer”, seet d’Kim.

No annerhallwem Joer war de Wonsch nom Nowuess awer nees grouss a well alt nees näischt funktionéiert huet, ass d’Kim bei en anere Gyneko gaange fir en zweeten Avis. “Et gouf e grousst Bluttbild vu mir a mengem Partner gemaach, do koum awer eraus, dass alles an der Rei wier an et kee Grond fir eng Sterilitéit géif ginn”, esou d’Kim. Déi jonk Fra krut eng kënschtlech Befruchtung virgeschloen an huet mat der Ënnerstëtzung vun hirem Mann agewëllegt. Ab do goung eng stresseg Zäit un fir d’Koppel, mat ville Medikamenter, Hormoner an Ultraschall-Iwwerwaachungen.

Am Dezember 2018 gouf déi éischt Inseminatioun gemaach, am Januar 2019 déi zweet, am Februar déi drëtt an am Mäerz déi véiert – ouni Erfolleg. Sechs Mol huet een dës hei am Land vun der Krankekeess ze gutt, ma no véier Kéieren haten d’Kim a säi Partner es genuch. Si hunn sech entscheet, e Spezialist opzesichen. “Bei mir gouf dunn eng Gebärmutterspiggelung duerchgefouert a bei mengem Partner en Spermiogramm, mee och hei war nees kee Grond ze fannen, firwat et net geklappt huet.” Si goufen an den CHL weidergeleet, wou e Gespréich mat enger Hiewamm an engem Biologist Opklärung iwwer déi weider méiglech Prozedure sollte liwweren.

“Et gëtt d’Optioun, dass d’Eezell vun der Fra mam Spermium vum Mann mat enger Sprëtz befrucht ginn, oder dass béid sech am Glas fanne mussen”, erkläert d’Kim.

 

Bei him gouf sech fir déi zweet Method decidéiert an e genaue Programm opgebaut. Vun Dag eent bis zur Operatioun gouf alles duerchgeplangt, “wéi e klenge Schaffplang”, esou d’Kim. D’Hormontherapie huet misse genaustens iwwerwaacht gi fir eng eventuell Iwwerproduktioun ze evitéieren, all Dag stounge Bluttanalysen an en Ultraschall um Agenda. “Bis d’Gackelcher zeideg si fir deen Dag dann em esou vill Auer kënnen den Eesprong auszeléisen.” Den 28. August war et dunn endlech esou wäit an d’Kim krut ënner Vollnarkos seng Eezelle punktéiert. “Si sauge mat enger Aart Staubsauger d’Eezellen op an de Mann kritt des dann an enger Zort Valiss mat gewëssener Temperatur mat. Hien muss dann am Labo seng frësch Spermien ofginn”, erkläert dat 30-Järegt de Prozess.

No 24 Stonne scho krut d’Koppel matgedeelt, wéi vill brauchbar Eezellen dobäi erauskoumen an am Glas mat de Spermien konnten zesummegefouert ginn: “A mengem Fall hunn se des fënnef Deeg eruräife gelooss bis se de Stadium vun der Blastozyste haten. Et waren der insgesamt eelef Stéck eppes ginn, eng dovun hunn ech asetze gelooss, déi aner goufen agefruer. Wéi e klengen Eskimo.” Fir de Fall, dass d’Kim spéiderhin nach eng Kéier wéilt Mamm ginn, ginn seng Eezelle gehalen an hatt all Joer no senger Decisioun gefrot. Mee zréck zu senger enger Eezell, well offiziell war d’Kim ab dem 28. August schwanger, am Kierper awer eréischt den 2. September, wéi bis den Embryo-Transfert duerchgefouert gouf.

E spannende Moment fir déi zukünfteg Mamm, déi sech eng Woch laang extra schoune misst, fir dass bei der Anistung och wierklech näischt méi géif schif goen. An et sollt sech lounen, esou d’Kim: “Et huet direkt beim éischte Versuch geklappt, obwuel mir guer net domat gerechent haten. Eis Nummer eelef sëtzt elo hei a spillt, wien hätt dat geduet.” D’Operatioun huet beim Kim eng ënner Rou ausgeléist: hatt wosst, dass hatt elo alles gemaach hätt an de Recht net méi a senger Hand géif leien. Wéi d’Bluttanalys no enger Woch d’Schwangerschaft bestätegt huet, waren och d’Medikamenter egal, déi d’Kim nach bis zur 12. Woch misst huelen, well ab elo konnt et bal nëmmen nach biergop goen.

“Ech hat zwar nach ëmmer Angscht virun enger erneiter Feelgebuert, mee war immens frou, well mäi Partner mech esou ënnerstëtzt huet a mir wierklech alles gemaach haten, wat medezinesch fir eis méiglech war.”

Och op der Schaff war d’Freed grouss, wéi beim Kim en HCG-Wäert (Schwangerschaftshormon) iwwer 1.000 festgestallt gouf an hatt endlech wierklech “normal” schwanger konnt sinn. Déi ganz Méint a Joren u Strapaze fir Kierper a Psych haten sech gelount, dat weess d’Kim haut méi denn je wann et an d’Gesiit vu sengem klenge Wonner-Bouf kuckt. “Am Fréijoer 2020 ass mäi Bébé op d’Welt komm a säitdeem sinn ech einfach iwwerglécklech”, seet déi frësch Mamm zefridden. Ma d’Kim weess, dass säi Wee och fir vill anerer net einfach ass, an och hatt hat seng schlecht Momenter:

“Iergendwann hu meng Frëndinnen sech bal net méi getraut mir ze soen, wann se schwanger waren, mee dovu sinn ech et och net méi oder manner ginn.”

Fir hatt war säi Partner eng vun de wichtegste Stützen an der ganzer Zäit, dofir wëll hatt och anere Betraffenen un d’Häerz leeën, hir Léift net fir e Kand op d’Spill ze setzen – egal wéi de Wonsch, Elteren ze sinn, ausgeet.

“Et dierf ee sech net futti maachen an och de Partner net, well et sicht kee sech eraus, keng Kanner kënnen ze kréien.”

Rotschléi, sech net geckeg ze maan, hält d’Kim dogéint fir en absolutten No-Go: et bréicht een eng staark Schëller a keng näischtsoend Tipps, esou déi frësch Mamm. Hir Opmierksamkeet gëllt elo awer emol virun allem der neier klenger Famill, déi Mathëllef vun der Medezin konnt gegrënnt ginn. A wann den Dag bis do ass, dann deelt och d’Kim d’Geschicht vu sengem Gléck mam Bouf: “Ech sinn de Moment esou erfëllt a glécklech, an ech wäert och mengem Kand ganz oppen dovun erzielen.” Koppelen, déi bis ewell awer nach net hir Chance kritt hunn, wëll d’Kim dann dat heite mat op de Wee ginn:

“Probéiert a maacht dat, woufir dir prett sidd, a wat dir packt – et ass äert Liewen an äre Wonsch, kengem aneren säin.”

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply