Mamm ouni Papp

Et ass en Dram vu ville Koppelen: Kanner kréien, an domat eng eege Famill grënnen. Ma wat maachen, wann dat mat de Bienchen a Blümchen einfach net klappe wëll an de Wonsch no klenge „mini-mes“ och no ville Versich nach onerfëllt bleift? D’Medezin huet Alternative fonnt, ma och zukünfteg Elteren, déi net selwer Kanner zeuge kënnen, mussen net op de Nowuess verzichten. An der neier MADI-Serie hu mir mat Mammen a Pappe geschwat, déi op anerem Wee hiert Gléck fonnt hunn an eis vun hirer klenger Welt erzielen, ma och mat Koppelen, bei deenen et bis ewell nach net geklappt huet.

„Et muss een einfach d’Kand beim Numm nennen: ech krut eng kënschtlech Befruchtung fir elengstehend Fraen.” Ganz oppen erzielt d’Sarah seng Geschicht, déi op vill Leit wuel éischter ongewéinlech wierkt. Mat 37 gëtt d’Sarah fir d’éischte Kéier Mamm, an dat eleng, ouni Partner. No zing Joer als Single huet hatt missen eng Decisioun treffen: wéilt hatt et probéieren oder op déi grouss Léift waarden an domat riskéieren, dass den Zuch op eemol fort ass? “Dat war dat, wat mir am meeschten Angscht gemaach huet, souzesoe meng Achillesfers”, seet déi frësch gebake Mamm.

Als Fra kéint een net ewechdiskutéierten, dass ab engem gewëssenen Alter déi biologesch Auer ufänkt mat ticken a wéi mat 30 seng Gyneko him déi grouss Fro nom Kannerwonsch gestallt huet, war et och beim Sarah esou wäit.

“Ech gouf groussgezu mat der Idee, dass ech mech an der Schoul gutt ustrenge sollt fir spéiderhi genuch Suen ze verdéngen, fir mir mat menger Famill eppes leeschten ze kënnen. Wourop mech awer kee virbereet hat, war, dass dës klassesch Virstellung guer net ëmmer esou einfach ze realiséiere wier”, seet d’Sarah.

Duerch säin Job an dat domat verbonnent permanent Wiessele vu senger Wunnplaz, huet sech bei der jonker Business-Fra iwwer Joren einfach keng Partnerschaft erginn – trotz Wonsch dono.

“Ech hunn laang am Ausland geschafft an all sechs Méint enzwousch anescht gelieft, fir do ee kennenzeléieren ass immens schwiereg an déi klassesch Datingportaler waren och ni wierklech menges.”

Ma d’Sarah wosst schonn ëmmer, dass hatt iergendwann wéilt Kanner kréien a wéi d’Fro vum Fraendokter bis am Raum stoung, huet hatt ugefaange mat rechnen: “Ech gouf relativ Billerbuch-méisseg erzunn, dat heescht meng Idee war et eigentlech mol zwee bis dräi Joer mat engem zesummen ze sinn, vläicht bestuet ze ginn an dann iwwer Kanner nozedenken.” Ma dat duerchschnëttlecht Joer, wat Koppelen en Moyenne nom Ofsetze vun der Verhütung brauchen, fir schwanger ze ginn, huet d’Rechnung iergendwéi kniffleg wierke gelooss an dem Sarah si méi a méi Froen duerch de Kapp gaangen.

 

 

“Wat ass, wann ech zwar e Mann fannen, deen och nach super ass, mee vläicht guer net prett ass fir Papp ze ginn? Oder een, dee schonn zwee Kanner aus enger fréierer Bezéiung huet a keen drëtt méi wëll? Dat sinn alles Saachen, fir déi ee kee Kompromëss fënnt”, esou d’Sarah.

D’Thema war op eemol immens present, ma eng potenziell nei Léift direkt domat ze iwwerrumpelen, konnt déi jonk Fra sech awer net virstellen. Et huet eng aner Léisung missen hir an d’Sarah huet ugefaangen, sech iwwer seng Optiounen ze renseignéieren. Ee Joer laang huet hatt sech iwwer Samenbanken informéiert, Co-Parenting-Säite besicht an d’Vir- a Nodeeler vun engem One-Night-Stand evaluéiert, fir fir sech a säin zukünftege Bébé och déi beschte Variant ze fannen.

“Fir d’éischt hunn ech iwwer de private Wee gekuckt, fir ze gesinn op sech vläicht a mengem grousse Schwulefrëndeskreess een als potenzielle Spender erauskristalliséiert, mee do hätt ech missen ee fannen, bei deem de Kannerwonsch genau esou grouss ass wéi bei mir”, esou d’Sarah. Vu dass dëst net de Fall war, huet déi jonk Fra sech e Profil op enger Co-Parenting-Säit zougeluecht: “Dat ass ë bëssen opgebaut wéi Facebook an do tommelt sech amfong jiddereen, deen ënner iergendenger Form Kanner wëll.” Véier Wochen a knapp 60 Ufroe méi spéit, konnt d’Sarah och dës Optioun ecartéieren:

“Ech gouf vu Männer am Alter tëscht 18 a 65 Joer ugeschriwwen, nom Motto ‘Häerzleche Gléckwonsch, hei hues de däi Spender!’. Zwee dovun hunn awer zum Beispill scho vun X anere Kanner geschwat, déi jo da mengem seng Hallefgeschwëster wieren, an dat war mir dann awer ë bëssen ze komesch.”

Iwwer eng Bekannten hat d’Sarah scho vun der Méiglechkeet héieren, sech an Dänemark kënschtlech befruchten ze loossen. “Dës Optioun war fir mech awer am Ufank immens befriemlech”, esou déi jonk Mamm. Ma no a no ass d’Virstellung vum frieme Spender awer ëmmer manner bizar ginn, esou dass d’Sarah och do ugefaangen huet, sech konkret ze informéieren. “Ee vun den Punkten, déi mir gutt gefall hunn, war de Fait, dass d’Spender getest ginn, esouwuel psychologesch ewéi och genetesch.” Via Google huet hatt sech zwou Klinicken erausgesicht an ass schlussendlech am “Fertility Center Berlin” gelant, wou d’Kompetenz vun der zoustänneger Doktesch d’Sarah begeeschtert huet.

Zesumme mat engem Frënd ass hatt insgesamt véier Mol an déi däitsch Haaptstad gefuer, fir sech do Spermien asetzen ze loossen. “Déi éischt zwou Kéieren huet et net geklappt, bei der drëtter Kéier war ech am November 2019 dunn schwanger”, erënnert d’Sarah sech. Ma de Bébé sollt sech net bis zum Schluss entwéckelen an et koum zur Feelgebuert. “Dat war fir mech fuerchtbar traureg an ech hu realiséiert, dass e positiven Test nach laang kee Kand bedeit.” No e puer Méint, an deenen d’Sarah sech zeréckgezunn huet fir de Verloscht ze verdauen, huet hatt mat vill Support vu sengem Entourage e neien, leschte Versuch lancéiert – mat Erfolleg.

 

Am Abrëll 2020 krut hatt op e Neits Spermien agesat, no Kuerzem koum dunn déi gutt Noriicht: d’Sarah war schwanger. “Ech hat eng groussaarteg an onkomplizéiert Schwangerschaft a sinn elo déi glécklechste Mamm op der ganzer Welt”, seet déi frësch gebake Mama. Fir d’Hänchenhale virum Kaiserschnëtt war dem Sarah seng eege Mamm mat an d’Klinik komm an och elo, knapp véier Méint méi spéit, hëlleft d’Famill wou se nëmme kann. “Et kann een e Kand eleng grousszéien, mee et brauch een awer Ënnerstëtzung. Ech hu glécklecherweis eng Famill, déi ëmmer hannert mir steet an e mega Frëndeskrees mat Kolleegen, déi am Liewe vu mengem Kand wäerten eng grouss Roll spillen. Nëmme well ech eleng Mamm gi sinn, brauch mäi Jong awer net op männlech Bezuchspersounen ze verzichten.”

Iwwer dat an Däitschland gëllent Ofstamungsrecht, no dem säi Kand mat 18 d’Recht drop kritt, d’Identitéit vum Spender gewuer ze ginn, mécht d’Sarah sech den Ament keng gréisser Suergen: “Natierlech hoffen ech, dass mäi Jong net iergendwann op e Punkt kënnt, wou en den zweeten Deel vu sengen Eltere wëll kenneléieren, mee wien sinn ech,  him des Méiglechkeet ze verbidden?” Säi Bébé war gewënscht, an och wann d’Sarah sengem Bouf elo net direkt d’Geschicht vun der Samenbank als Gutt-Nuecht-Geschicht erzielt, wëll hatt doheem awer ganz oppe mam Thema ëmgoen. Dës Devise huet dat 37-Järegt och scho wärend der Prozedur vun der kënschtlecher Befruchtung verfollegt:

“Ech sinn e ganz kommunikative Mënsch an hunn och vun Ufank un esouwuel am Privaten, wéi op der Aarbecht ganz oppen iwwer mäi Plang geschwat. Schonn eleng aus Verantwortungsbewosstsinn a well ech kee Raum fir Vermuddunge wollt zouloossen.”

Zwar hätt et och déi eng oder aner kritesch Stëmm aus sengem Ëmfeld ginn – an déi hätt hatt och gewollt –, ma en général wiere seng Matmënschen awer ganz empathesch mat senger Decisioun ëmgaangen. “De gréisste Support hunn ech vu Mamme kritt, deenen hir Kanner schonn am Erwuessenenalter sinn. Si haten immens Verständnis. Déi eenzeg, déi heiansdo ofleenend reagéiert hunn, ware verschidde Männer a mengem Alter.” Hatt wier iwwerrascht gewiescht, wéi vill Leit op eemol hiert Kannerhäerz entdeckt hätten a wéi vill aner Fraen de selwechte Wee gewielt hätten, ewéi d’Sarah:

“D’Thema befënnt sech nach ëmmer an enger Grauzone an ech hunn immens laang gebraucht, ier ech ee fonnt hat mat dem ech mech konnt austauschen. Dofir sinn esou Interviews wéi den hei jo esou wichteg.”

An Däitschland a villen anere Länner géif d’kënschtlech Befruchtung fir elengstehend Fraen nach an de Kannerschong stoen an och finanziell wier des alternativ Form vum Kannerkréien net ëmmer evident: “Et ass immens deier an et muss een alles selwer bezuelen. D’Krankekeess bezilt an Däitschland näischt dofir.” Ma nawell wier hatt awer op sengem Wee professionell gutt begleet ginn, mat informative Virgespréicher zu senger Decisioun, Froen ewéi “Wat passéiert, wann ech mech entretemps awer verléiwen oder vläicht esouguer bestueden?” a villem aneren. Bei der Wiel vum passende Samespender hätt d’Sarah awer missen ë bësse Recul zu dem Ganzen huelen, wéi hatt verréit: “Natierlech si Samenbanken à la base fir Koppele geduecht, bei deenen et mam Kannerkréien net klappt. Et dierf een sech also gewësse Features eraussichen, a mengem Fall Äußerlechkeete vum Spender, medezinesch Viraussetzungen an d’Selbstaschätzung.”

 

 

Ma et dierft een sech awer net an Eenzelheete verléieren, well wärend et zwar verschidde Site ginn, wou een esouguer d’Stëmm vum Spender ka lauschteren, wier esou eng Wiel potenziell trügeresch, esou d’Sarah: “Et dierf een net vergiessen, dass een de Mann, deen een eraussicht, net date an en och net kloont.” D’Sarah selwer ass dann och no sengem Kannergléck nach ëmmer der fester Iwwerzeegung, dass et och mam Partner iergendwann klappt. Ma och dëse Wonsch ass fir hatt mat Viersiicht zu genéissen:

“Ech plangen natierlech net éiweg Single ze bleiwen, mee ech wëll och net em alles op der Welt e Mann. Wann et soll sinn, dann ergëtt et sech a wann net, dann eben net.”

Single ze si wier 2021 eppes ganz Normales, wat awer ëmmer nach oft géif mat Schrecke betruecht ginn.

“Wann ech soen, dass ech eleng sinn, da muss ech direkt hannendrun hänken, dass et mir trotzdeem gutt geet. D’Realitéit haut ass awer einfach eng aner ewéi fréier a wann een an der Koppel e Kand kritt, de Papp awer eréischt owes spéit heem kënnt oder een sech iergendwann trennt, da gëtt dat och net hannerfrot.”

Déi jonk Mamm hätt alles genau richteg gemaach a genéisst et elo, endlech hire Bébé groussginn ze gesinn – Mann hin oder hir: “Wat ech mengem Bouf ëmmer wäert kënne mat op de Wee ginn, ass dass ech hien esou vill wollt ewéi wann ech zwou Persoune gewiescht wier.”

 

Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply