Méi DU
Hues Du Loscht op méi? Op méi Spaass am Liewen? Op méi Gesondheet? Op méi Zefriddenheet? Op méi Erfolleg? Op méi Du?…
Hei sinn eis Workshops, Weekender a Retreats vun den nächste Wochen:
18.06.23
15:00-20:00
Selflove an ätheresch Ueleger Workshop am Gaart vum Liewenshaus zu Wuermer
https://my.weezevent.com/self-love-and-self-care-workshop-summer-edition
07.07-09.07.23
11.08-13.08.23
Health Weekend @ Villa O Virton
Detox vun allem Negativen
2 Iwwernuechtunge mat gesondem Iesse vum Tanja de Jager. Mat Bioresonanz Therapie, PEMF Matt, Roudliichttherapie, ioniséierend Fussbad, Mental Detox Meditatioun, Selflove Workshop an ee Cours an der Fermentatioun…
Schreif eis bei Interessi op mady@madi.lu
30.09-07.10.23
25.06-01.06.24
MADI Summer Retreats
Et war ee groussen Dram vu mir en Liewensverännerende Retreat ze organiséieren op enger Dramplaz mat Dramfraen a genau dat ass angetrueden…
D´Villa zu Bormes-les-Mimosas ass einfach just magesch, sou eppes hunn ech nach ni gesinn, iwwerall wou een hikuckt ass Mier an d`Villa selwer pure moderne Luxus. All Dag stinn Aktivitéiten um Programm wéi Yoga, Meditatioun an Übungen déi dech méi no bei dech selwer bréngen an dech nei Säiten un dir entdecke loossen. Natierlech ass och vill chillen ugesot a Visiten oder eng Bootstour, schliisslech ass et jo och eng Vakanz. Dat gesond a liicht Iesse ronnt dat Ganzt of. Et entsteet en Zesummenhalt an eng Energie déi ech ni fir méiglech gehalen hätt. Jiddereen ass hei fir sech an trotzdem si mir och all hei fir eneen. Mir inspiréieren eis géigesäiteg an et entsti spannend Diskussiounen a virun allem gëtt vill gelaacht an och mol dat eent oder anert Glieschen zesumme gedronk. Eppes ass sécher hei kanns Du ganz Du sinn an dës Vakanz wäert dech an däi Liewen am positive Sënn veränneren.
Hues och Du Loscht op eng Rees déits Du ni vergiesse wäerts? Dann schreif eis op madi@madi.lu
Vum 30.09-7.10.23
just nach 2 Plaze fräi
Vum 25.05-01.06.24
just na 2 Plaze fräi
Wat bass Du dir selwer Wert? De Schlëssel vun dengem Glëck läit bei dir, du brauchs en just ze benotzen a mir weisen dir wéi…
Mady Lutgen