Méi frou a méi fit

De Krav Maga Center zu Bäreldeng bitt verschidde Couren un ma am Haaptfokus steet de Krav Maga selwer. Eng Self Defense Kampfsportaart. Dëse Sport soll ee méi fit a méi selbstbewosst maachen.

Ech sinn éierlech mat dir. Ech hunn owes Angscht eleng bei den Auto ze goen. Oder duerch lusch Stroossen, och de Sous Terrain Parking mécht mir Angscht. Ech si schonn dacks domm ugemaach ginn. Sou kann dat nik wieder goen dofir wollt ech eppes ënnerhuele fir mech besser ze spieren, méi staark.

Ech hunn mech fir ee Krav Maga Cours am Krav Maga Center zu Bäreldeng ugemellt, Dënschdes Owes um 18.30. Ech hunn op Facebook en Opruff gemaach an et hunn sech nach wieder Frae gemellt déi mat mir dee Cours mam Jenny teste wëllen.

 

Déi éischt 10 Minutten hunn et a sech, fir waarm ze gi léisst d’Jenny eis schweessen. No an no weist hatt eis déi verschidden Übungen déi mir mat engem Partner trainéieren. Ech trainéiere mam Jenny. Mir amuséieren eis gutt. Et mécht richteg Spaass déi Übungen ze léieren an et widderhëlt een se déi ganz Stonn ëmmer ërem. Iergendwann fänkt et un een Automatismus ze ginn. Dat ass jo och de Sënn vun der Saach, dass een sech am Noutfall verdeedege kann.

 

Nom Training sinn ech komplett platt mee fille mech gutt. Ausgepowert a frou. Ech konnt och all mäi Stress a Roserei rausloosse wat mir richteg gutt gedoen huet.An ech hunn d’Gefill dass ech staark sinn a keen ze fäerte brauch.

 

 

Nächst Woch wollt ech eng Bagclass teste goen. Gees de mat? Nexte Mëttwoch um 16 Auer oder en Donneschden um 20 Auer 30. Geet du mat?


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply