Méi grouss, méi staark!

Grouss Neiegkeete ginn et am Krav Maga Center zu Bäreldeng. Si sti fir Fitness op eng ganz besonnesch Aart a Weis. Selbstverdeedegung steet hei am Mëttelpunkt an elo vergréisseren si sech a plënneren an d’Gebai nievendrun.

D’Jenny Carat an de Marc Stolz verwierklechen am Moment hir grouss Visioun. Béid si fréier Polizisten an hunn hir Passioun zum Beruff gemaach. De Krav Maga Center huet awer vill méi ze bidde wéi just Self Defense Couren, et fënnt ee Fitness am Allgemengen, Box Couren, EMS- Training, Personal Training a virun allem ganz vill Spaass an dat fir Grouss a Kleng. Eng grouss Roll spillt och hir grouss Community, déi wéi eng Famill zesummenhält an sech géigesäiteg pusht, hei ass keen eleng. Et war just eng Fro vun der Zäit wéini d’Famill sech vergréissere wäert. An elo ass de Moment do.

 

 

D’Gebai nievt dem gewinnte Center ass fräi ginn. En risegen Espace op 2 Stéck mat Glastrapen an engem ganz moderen Design. Eng faszinant Locatioun déi nik nëmmen d’Krav Maga Fans wäert unzéie well eleng d’Betriede vum Gebai ass en Erliefnis. Et spiert ee richteg, dass hei eppes Grousses entsteet…

Am Moment gëtt d’Locatioun renovéiert fir dass deen neie Center am September seng Diere kann opmaachen. Dir kënnt Iech freeën op nach méi Krav Maga Center Power, op nach méi Couren, op nach meng eng grouss familiär Ambiance, op méi eng grouss Famill, op en Wellness Espace, op super Eventer, an an an.

 

 

Mir wäerte fir Iech d’Renovatiounsaarbechte suivéieren an Iech mat allen News ronderëm den neie Center um Lafenden halen. Sidd gespaant genau sou wéi mir.

 

Mady Lutgen mam Krav Maga Center

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply