Meng Dramvilla

Den Hierscht steet an de Startlächer an de Summer seet lues awer sécher “Äddi”. Wat bleift sinn d’Erënnerungen un waarm Deeg an Nuechten, un d’Mier, de Sand tëscht den Zéiwen an de Bekinisträifen déi verschwannen. Wat hëlleft elo dass déi nostalgesch Gedanken eis bei der Erwaardung vu vill Reen nik ze vill erofzéien?

Ma ganz einfach: Seng nächst Summer Vakanz buchen!

Mir hunn fir iech dëse Summer eng Villa getest, déi keng Wënsch oppen léist. Déi meescht vun eis lounen eng Villa am Süde vu Frankräich, well et praktesch ass, well een säin Auto dobäi huet a well een dat schonn ëmmer sou gemaach huet. Mee wéi wier et da mol mat enger Villa a Griicheland?

Den Nikos, dee gebierteg Griich ass an zu Lëtzebuerg seng Firma hat, huet elo d’Pensioun kritt an huet en neie Challenge gesicht. Dofir huet en ganz rezent zwou luxuriéis Villaen zu Kreta gebaut. Hien a seng Fra Daniela wunnen och do a pendelen tëscht Lëtzebuerg a Kreta. D’Villa Daniela läit am Süde vu Kreta zu Koutsounari bei der Stad Ierapetra.

Am beschte flitt ee vu Lëtzebuerg aus mat der Luxair oder der griichescher Fluchgesellschaft Aegean Airlines op Heraklion an et bucht een sech en Auto. Vun Heraklion fiert een ongeféiert annerhallef Stonn fir op Koutsounari.

Duerch eng Paart fiert een an d’Proprietéit vun den zwou Villaen eran. Eng Villa ass agedeelt a véier Appartementer mat Terrasse an direktem Accès op den Infinity Pool mat wonnerschéiner Vue op d’Mier. D’Appartementer sinn all ganz modern ageriicht mat allem Komfort deen ee brauch. Hei kann een zu zwee bis dräi Leit schlofen.

D’Villa hannendrun kann ee ganz loune fir sechs Persounen. Se ass mat ganz vill Léift zum Detail dekoréiert mat styleschen a moderne Miwwel a groussem Infinity Pool. Et fillt een sech wéi en Star an dëser Villa, déi wierklech kee Wonsch onerfëllt léist.

Nieft dem Pool kann een och nach Vëloe léinen oder op hire Spinningveloen trainéieren. De Nikos an d’Daniela empfänken hir Gäscht ëmmer perséinlech a ginn Tipps wou ee kann iesse goen. Et deet gutt Leit sur Place ze kennen déi engem kënnen d’Insider verroden. Mir hunn eis super mat hinne verstanen an et si richteg Frënn ginn.

D’Plage ass nëmme 500 Meter wäit ewech, d’Waasser ass sou kloer mat sengen honnert verschidde Bloen an et ass immens roueg hei. Wann ee Rou an Entspanung sicht ass dat hei genau déi richteg Platz!

Wat wier eng perfekt Vakanz ouni dat perfekt Iessen? Un der Plage hunn mir zwee super Restauranten entdeckt, den “Alatsi” an de “Psaropoula”. Bei béid Restos kann een sech och op eng Lige leeën. Si sinn authentesch, super léift Personal, d’Vue ass enorm, de Kader wonnerschéin an d’Iessen mega. Néiers hunn mir sou gudde frësche Fësch giess, ee Genoss. An wat opfält, d’Iessen kascht am Verglach zu Lëtzebuerg wierklech näischt.

Mir hunn eng immens Vakanz verbruecht a kënnen d’Villa Daniela nëmme weideremfehlen. Dir gesitt, et muss nik ëmmer Südfrankräich sinn. Op anere Platze ginn et och schéi Villae wou ee fir säi Geld wierklech nach eppes gebuede kritt. Iwwregens ass den Oktober zu Kreta nach summerlecht Wierder, falls dir spontan nach eng Kéier Sonn tanke wëllt.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply