Miss City

Den Zentrum huet säi Charme mat de Buttéker a Restauranten. Et ass ëmmer eppes lass. Ma elo gëtt et och nach déi perfekt Platz fir all Beauty Queens ënnert iech. D’Jil Michels ass mat sengem Centre de Beauté „Perfect Beauty by Jil“ vun der Gare matzen an de City Center geplënnert. Mir ginn eis d’Location fir iech mol ukucken.

Direkt beim Kapuzinertheater huet d’Jil déi super Platz fir säi Business fonnt. Männer a Fraen déi am Zentrum schaffen oder akafe ginn a spontan Loscht op eng Verschéinerung hunn oder sech einfach eppes Guddes wëllen dinn, si beim Jil genau richteg. Fir déi spontan Besich, lount et sech virdru bis unzeruffen, d’Jil ass flexibel a kuckt fir iech Zäit ze fannen och mol owes méi spéit oder moies méi fréi. Anerwäerts kënnt dir äre Rendezvous ganz praktesch online huelen.

D’Dier vum Lift um éischte Stack geet op a beim Betriede vun de Raimlechkeeten iwwerzeegt eis direkt d’Ambiance well alles oppen a grouss ass. D’Kombinatioun tëscht aler an neier Dekoratioun a Miwwele kreéiert eng ganz angeneem Beauty Lounge an dësem alen Haus voller Charme. Fir dass een sech direkt wéi doheem fillt, ginn d’Schong ausgedinn.

Mat dräi grousse Behandlungsraim an engem Büro plus Buedzëmmer steet dem Jil en Beauty Tempel zur Verfügung an dem hat all gängeg Beautybehandlungen ubitt op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Fir genau ze si sti beim Jil Manicure, Pedicure, Soin Visage, Microneedling, Sugaring, Epilation à la Cire, Epilation à la Lumière pulsé, Maquillage, Maquillage permanent, Teinture Cils et Soucils, Rehaussement Cils, Extension Cils, Massage Corps a Soin Corps fir Männer a Fraen um Programm. Eng vu senge Spezialitéiten ass d’Epilation à l’Aguille. Zu Lëtzebuerg ass dës Behandlung nach ganz rare ze fannen. Déi 36 Joer al Expertin schafft mat de Marken “Helen Pietrulla” a “Germaine de Capuccini”, déi schon zanter 60 Joer zu de féierende Marke vun der Welt am professionellen, kosmetesche Beräich gehéiert. Nëmmen déi bescht Salone schaffe mat dëser exklusiver Mark.

Bezuele kann ee ganz bequem via Digicash, Cash oder mat der Kaart. D’Jil huet seng Dieren op vun Dënschdes bis Samschdes vun 09.00 bis 20.00. mat der Optioun bis 23.00. Wéi gesot ass déi diploméiert Estheticienne mat 20 Joer Erfarung am Beruff flexibel mat de Rven.

Wann dat keng gutt News si fir all d’Beautyqueens an der City. En Besuch beim Jil lount sech op alle Fall.

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply