Miss U

Mammendag hunn ech 33 mol mat menger Mamm gefeiert an hunn deen Dag réischt richteg ze schätze geléiert, wéi et ze spéit war…

Gees Du haut mat denger Mamm an de Resto oder hues Du dir Gedanke gemaach, wats Du hier haut schenks? Vläicht hues Du ewer och guer keng Zäit fir haut extra un deng Mamm ze denken, oder Du hues kee gudde Kontakt mat denger Mamm.

Eng Mamm ze hunn, ass fir vill vun eis eng Normalitéit. Bis een se verluer huet. Dann fält een an ee Lach, wat endlos ass. Ech denken eng Mamm ze verléieren, ass wuel ee vun de gréisste Verloschter deen een am Liewe matmécht. 

Meng Mamm Yvette war meng bescht Frëndin. A bei den éischte Sätz, déi ech elo hei schreiwen, komme mir schonn Tréine gelaf. D’Bindung zu der Mamm ass ëmmer staark, och wann se nik ëmmer gutt ass. An all Relatioun ass anescht.

Meng Mamm war eng ganz gutt Fra. Si huet sech vill fir aner Leit agesat, deenen et nik gutt goung. Si war ganz bescheiden, huet sech ni an de Mëttelpunkt gedrängt. Si huet gär mat all Mënsch geschwat a gelaacht. D’Yvette war eng waarmhäerzeg Persoun, déi ni opfale wollt. An dach ass si wéinst hirer Guttheet ëmmer opgefall. Si huet eis ganz Famill zesummegehalen. Si huet souvill fir eis gemaach an ech gesinn et réischt haut. Haut wou dat alles sou wansinneg feelt…

All déi, déi di hier Mamm verluer hunn, wësse vu wat ech schwätze wann ech soen, dass ëmmer eppes feelt. Viru 4 Joer war ech nik prett si ze verléieren an nach haut sinn ech der Meenung, dass ech mat 34 ze jonk war fir keng Mamm méi ze hunn. Anerersäits sinn ech dankbar, dass ech iwwerhaapt sou eng Mamm hat.

Nach haut komme mir Tréine gelaf wann ech eng Foto vun hier gesinn, nach haut wëll ech den Telefon huelen an hir uruffe wann eppes gutt gelaf ass oder wann eppes schif goung oder wann ech krank sinn. Ech mengen dat vergeet ni.

Eng Mamm ze verléiere verännert alles.

Vun engem Dag op den aneren ass een Erwuessen. Déi Persoun wous de weess, dass se dech onendlech gär huet an ëmmer fir dech do ass, ass bemol einfach nik méi do.

An keen huet dech dorop virbereet a kee versteet dech, wann een dat nik selwer erlieft huet.

Si huet mech souvill geléiert, just nik wéi ech mat hirem Doud soll eens ginn. Ech froe mech wann ech nach Kanner géing kréien, wéi dat wier ouni si. Oder wann ech mech nach sollt bestueden…all déi Saachen, déi fir déi meescht vun eis normal sinn.

Op alle Fall géing ech haut näischt léiwer maache wéi mat menger Mamm iessen ze goen. Ech hätt hir nach souvill ze zielen a wéilt si nach souvill froen.

Dann géing ech si och nach nom Rezept vu menger Liblingszopp froen, déi ech einfach nik sou hikréie wéi si. Oder einfach nëmmen do sëtzen an zesummen den Himmel kucken.

Dofir wann s Du nach eng Mamm hues, genéiss den Dag mat hier, genéiss all Dag deens de nach mat hir hues. A wann s Du keng méi hues, drécken ech dech fest a fille mat dir.

Happy Mammendag!

 

Mady Lutgen

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply