My 2021

Am Ufank vum Joer hëlt een sech dacks Saache vir oder et setzt een sech Zieler fir dat neit Joer. Meeschtens zerplatzen déi Virsätz awer erëm an d’Zieler ginn op dat nächst Joer verluecht, well mir einfach keng Zäit fannen, oder -komm mir sinn éierlech- mir nik genuch Courage hunn, ze vill Angscht oder einfach ze liddereg si fir konkret eppes ëmzesetzen. Erwaarden awer Wonner…

Ech hunn mir bis elo ni Zieler fir ee Joer gesat oder och keng Virsätz geholl. Dëst Joer hunn ech mir awer vill virgeholl an ech wëll Enn des Jores nik mat eidelen Hänn do stoen. Fir dass meng Zieler nik nëmmen Dreemschlässer bleiwen, huelen ech mir en Rendezvous beim Irene Masiku, enger Happinesscoach. D’Irene schafft als Kinesologin, wennt awer och aner Heelmethoden un a schafft och mat äthereschen Ueleger. Hatt ass en Coach fir Kierper a Séil.

Mir setzen eis un een Dësch an der Praxis vum Irene. Hatt seet ech soll bannent 10 Sekonne meng Zieler fir dat neit Joer opschreiwen an zack komme ganz aner Saachen op de Pabeier wéi ech a mengem Kapp hat. Dono gëtt hatt mir nach ee Blat wou ech nach eng Kéier soll dat opschreiwe wat ech 2021 wëll erreechen, do hunn ech méi Zäit an do schreiwen ech alles op wat mir an de Kapp kënnt. Dono soll ech dorënner schreiwe firwat ech mengen, dass ech déi Zieler nach nik erreecht hunn.

Dee Moment komme mir Tréine well ech mir muss agestoen, dass d’Angscht am Wee steet, schonn erëm.

Fir ze analyséiere firwat ech sou sinn an handelen an och fir ze kucke wou déi Angscht hierkënnt a wat mir soss nach an de Féiss steet, wennt d’Irene d’Numerologie un. Unhand vun eise Gebuertszuele léist sech d’Liewenszuel errechnen, et ass wéi Astrologie just mat den Nummeren. Natierlech muss een heiru gleewen. Ma et erkläert vill iwwert de Charakter vu Mënschen a mir gëtt doduerch villes méi kloer.

Fir nach méi an den Detail vu mengen Zieler ze goen, schreiwen ech se nach eng Kéier konkret op ee grousst Blat mat Faarwen an dobäi schreiwen ech Sätz déi d’Irene mir seet passend zu menger Liewenszuel. Ech ginn hei nik op meng Zieler an och nik op meng Liewenszuel an well dat mir ze privat ass. Zum Schluss pechen ech Biller aus Magaziner op en grousst Blat déi meng Zieler verkierperen. Dat wat ech opgeschriwwen hunn wat am Wee steet, dat Blat gëtt verbrannt, sou dass alles méiglech ass. D’Collage huelen ech mat heem an hänke mir et op eng Platz op wou ech all Dag drun erënnert gi wat meng Zieler sinn. D’Irene huet mir och Tipps gi wéi ech mengen Zieler all Dag méi no kommen.

Ech muss ech mir all Dag Zäit huelen fir dat ze erreechen wat ech wëll an och konkret an d’Aktioun goen, well vum Dreeme geschitt näischt.

Mir huet déi Session beim Irene immens gehollef fir mir kloer ze gi wat ech iwwerhaapt a mengem Liewe wëll. Dat ass wichteg ze wëssen, well soss schwieft een an der Loft an dann ass Platz do fir alles dat, wat een nik wëll.

Ech wäert iech op alle Fall Enn des Jores verroden ob et eppes bruecht huet. Falls dir iech och iwwert äert Liewen an är Zieler wëllt méi bewosst ginn, da roden ech iech sou eng Session bei Irene un.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply