Neien Teint

Du bass onzefridde mat denger Haut? Hues mat Falen, Pickelen oder Narben ze kämpfen? Dann hunn mir en Tipp fir dech. De Mirconeedling Traitement soll géint alles dat wierken. Mir hunn et fir iech an der Beautylounge by Ana zu Wooltz getest.

De Microneedling gëtt ugewennt bei Falen, schlaffem Bindegewebe, faden Teint, Narben, Pickelen, Dehnungssträifen, Pigmentflecken oder soss Onebenheete vun der Haut. Wärend der Behandlung gëtt déi éischt Schicht vun der Haut gereizt, doduerch vermehrt sech de Collagen an den Elastan an d’Hyaloronseier gëtt fräi gesat. D’Haut soll no dem Traitement méi straff a fest sinn, et soll ee méi jonk a frësch ausgesinn.

D’Gesiichtshaut gëtt mat engem Microneedling-Pen behandelt an deem vill kleng fein a kuerz Nolen ze fanne sinn. Dës Nole stiechen an déi éischt Schicht vun der Haut. Am Duerchschnëtt hunn sou eng Nolen tëscht 0,1 bis 0,3 Millimeter Milimeter. D’Déckt an Zuel vun den Nole kënne jee no Client variéieren. Ob ee scho mol sou eng Behandlung hat, ob d’Haut sensibel ass an natierlech och wéi ee Resultat en wëll erzielen. Doduerch dass déi éischt Hautschicht duerch d’Nolen gereizt gëtt, kritt d’Haut d’Signal gesent, dass si sech rëm reparéiere muss. Fir en richtegt gutt Resultat ze erzielen, réit d’Ana Link-De Matos vum Institut Beauty Lounge by Ana, zu méi Seancen un.

Dem MADI seng Erfarung:

Wéi ech dat Wuert Nolen héieren hunn, krut ech Panik. D’Ana verséchert mir awer, dass d’Behandlung nik wäert wéi dinn. Fir d’éischt mécht hatt meng Haut ganz propper an dono gëtt en Peeling gemaach fir dass déi al Haut der Behandlung nik am Wee steet. D’Ana fänkt mat dem Microneedling un an ech muss soen et brennt ganz liicht, mee et deet nik wéi. Hatt beaarbecht verschidde Platze vum Gesiicht méi laang wéi anerer. Zum Beispill meng Laachfalen a meng Falen op der Stier. D’Haut kann och mol bludden. D’Seance dauert eng Stonn. Dono kréien ech eng killend a berouegend Mask op d’Gesicht geluecht. Ech soll mech 8 Stonnen no der Behandlung nik schminken. Ech roden och of fir dono op en wichtege Rendez-vous ze goen, well et gesäit een en bësse matgeholl aus.

Den Dag drop gesäit meng Haut awer scho vill besser aus. No en puer Deeg fannen ech verschidde Fale vu mengem Gesiicht déi ech virdrun hat nik méi erëm. Mäi Teint stralt an ech fannen ech gesi wierklech méi jonk aus. Méi Seancë bewierken natierlech nach en bessert Resultat. Ech sinn op alle Fall total begeeschtert a rode jidderengem deen am Moment nik zefridden mat senger Haut ass sou eng Behandlung un. Gidd roueg bis laanscht bei d’Ana zu Wooltz oder zu Ettelbréck oder rufft un a loosst Iech beroden.

 

 

Mady Lutgen mat der Beauty Lounge by Ana

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply