Onerfëllte Wonsch

Et ass en Dram vu ville Koppelen: Kanner kréien, an domat eng eege Famill grënnen. Ma wat maachen, wann dat einfach net klappe wëll an de Wonsch no klenge „mini-mes“ och no ville Versich nach onerfëllt bleift?

D’Medezin huet Alternative fonnt, ma och zukünfteg Elteren, déi net selwer Kanner zeuge kënnen, mussen net op de Nowuess verzichten. An der neier MADI-Serie hu mir mat Mammen a Pappe geschwat, déi op anerem Wee hiert Gléck fonnt hunn an eis vun hirer klenger Welt erzielen, ma och mat Koppelen, bei deenen et bis ewell nach net geklappt huet.

“Ech sinn de Problem”, e Saz, dee keng Fra gären héiert, deen d’Bo awer ouni ze zécken an de Mond hëlt. D’Fra vu 35 Joer wëll en Tabu briechen an en Thema uschwätzen, dat kengem Betraffenen einfach fält. Viru knapp zing Joer hat d’Bo en Autosaccident, deen him sur place e fënneffacht gebrachent Becken abruet huet, op laang Weil wuel awer de Grond dofir ass, firwat hatt keng Kanner kréie kann. “Fir mech ass eng Schwangerschaft op natierlechem Wee kierperlech net machbar, well ech en Defekt hunn, deen Hydrosalpinx genannt gëtt”, erkläert déi jonk Fra. Duerch eng Infektioun sinn hir zwee Eeleeder beschiedegt ginn : wärend normal, gesond Eeleeder den Duerchmiesser vun engem Hoer hunn, waren seng vill méi deck, esou d’Bo.

Opgefall ass dësen Zoustand awer eréischt, wéi hatt a säi Partner ugefaangen hunn iwwer Kanner ze schwätzen an d’Bo sech beim Gyneko méifach ënnersiche gelooss huet. “Am Oktober 2019 huet meng Doktesch gesinn, dass do eng Deformatioun wier, wat konnt si mir dunn awer nach net soen”, erënnert hatt sech. Och bei enger zweeter Ënnersichung, déi feststelle sollt op d’Eeleeder fräi wieren, koum näischt Konkretes eraus. Eréischt am Juni 2020 gouf ënner Vollnarkos unhand vun enger Laparoskopie gekoppelt mat enger Endoskopie – also Ënnersichunge vum Bauchraum vu bannen – festgestallt, dass dem Bo seng Gebärmutter riets genau esou grouss war wéi säin Eeërstack a béid Eeërstäck deck ugeschwollen a mat Flëssegkeet gefëllt– “wéi e klenge Ballon kuerz virum Platze”, esou seng Beschreiwung.

 

 

 

Säitdeem weess d’Bo vum Problem, dee säi Kannerwonsch behënnert – en Defekt, deen net operéierbar ass an a ville Fäll zu Onfruchtbarkeet féiert. Mat der Diagnos war also vun engem Moment op deen aneren eng “normal” Schwangerschaft vum Dësch. Déi eenzeg Méiglechkeet fir d’Bo a säi Frënd: eng kënschtlech Befruchtung, medezinesch entweder “In-vitro-Fertilisation” (IVF) oder “intracytoplasmatesch Spermieninjektioun” (ICSI) genannt. “Ech hu misse staark Medikamenter huelen, fir d’Follikele grouss ze kréien, an deenen duerno eng Eezell am Eestack wuesse kann, an all zweeten Dag en Ultraschall maachen”, erkläert d’Bo de Prozess. Ma nieft der Tatsaach, dass dat wat hatt anhuele misst, “krass Hormonbomme” sinn, gouf et awer nach aner negativ Fait’en a Kaf ze huelen: “Ech hunn d’Traitement an der Clinique Bohler ugefaangen, mee do gëtt et de Service mëttlerweil net méi a vu dass se schonn um ofbaue waren, hunn ech fir all Kontroll missten en neie Gyneko fannen.”

Stress puer fir déi jonk Fra, déi eigentlech einfach just wollt Mamm ginn. Dem Bo säi Partner wollt de Wee awer mat him goen, ma och hei gouf et Komplikatiounen: “Hien sot mir géifen déi dräi Funikellen, déi beim éischten Transfert erausgeholl gi waren, och maachen, mee duerno wier Schluss an dat huet mech immens ënner Drock gesat.” Am September 2020 huet d’Koppel déi éischt in vitro Punktioun duerchféiere gelooss, ma réischt beim drëtten Embryotransfert ass et och zu engem positive Schwangerschaftstest komm. “Eis Freed war natierlech risegrouss an ech hu versicht alles richteg ze maachen, si fréi an d’Bett gaangen, hu mech gesond ernäert an esou weider.”  Ma beim zweeten Test zwou Woche méi spéit koum dunn awer d’Ernüchterung: Resultat – negativ.

 

 

Ab do huet et am Bo senger Partnerschaft ugefaangen ze kriselen, well sengem Frënd seng perséinlech Grenz erreecht war. “Ech hunn dat Ganzt net verstanen, firwat déi magesch Zuel dräi?”, esou d’Bo. Zanter Méint hat hatt d’Schwangerschaftsversich fir sech gehalen, ma nom leschte Feelschlag ass de Knuet dunn geplatzt: “Et war wéi wann ee mir de Buedem ënnert de Féiss ewechgezunn hätt. Ech war um Büro an hu versicht et ze ënnerdrécken, mee et ass näischt méi gaangen an ech hunn nëmmen nach gekrasch.” Zum perséinleche Verloschtsgefill koumen nach familiär Suergen dobäi, well knapp eng Woch virun der schlechter Noriicht hat dem Bo säi Frënd der Famill vun der Schwangerschaft erzielt. “Ech misst hinnen natierlech d’Situatioun erkläerten, obwuel mir an deem Moment absolut net dono war.”

D’Bo huet ugefaangen sech zréckzezéien, d’Kommunikatioun tëscht him a senger Partner op e Minimum reduzéiert: “Mir hu just nach iwwerflächlech matenee geschwat a kee Wuert driwwer verluer, wat geschitt war.” Fir sech an hirem Frust Loft ze maachen, huet déi jonk Fra ugefaangen no Ventiller ze sichen, an sech an de Coursevëlo gestierzt. Ma et ass komm wéi et huet misse kommen an d’Spannung tëscht der Koppel ass iergendwann explodéiert – mat positive Suitten: “An engem laange Gespréich huet hie mir dunn endlech emol verroden, wat säin Haaptproblem bei deem Ganze war, nämlech eis Wunnsituatioun.” Dem Bo ass eng grouss Laascht vum Réck gefall: säi Partner war net konsequent géint e neie Kanner-Versuch, mee wollt fir d’éischt aner Saache reegelen, ier et un d’Elteren-si sollt goen.

“Ech sinn elo natierlech trotzdeem net komplett roueg, mee wéinstens e bësse berouegt”, seet d’Bo. No all dem Stress konnt och hatt sech mam Gedanke vun enger Paus ufrënnen, well de Wee vun der kënschtlecher Befruchtung war och fir dat 35-Järegt keen einfachen:

“Kannermaachen ass an eisem Fall zu eppes extrem Onromanteschem ginn. Duerch d’Vaginalpëlle fir d’Gebärmutterwand hat ech permanent meng Brëscht wéi an e Bass an der Scheed. Wann ech sollt Loscht empfanne fir dem Partner Zouneigung ze weisen, da war dat all Kéiers eng richteg Tortur fir mech.” 

D’Niewewierkunge vum Traitement, d’Stëmmungsschwankungen duerch d’Hormoner – all dëst ware fir d’Bo eng enorm Belaaschtung a säi Stress huet och op de Partner ofgefierft. “Dat Ganzt war eng emotional Berg- und Talfahrt mat villen Ups and Downs.”

Säin Dram, Mamm ze ginn, ass fir d’Bo trotzdeem net vergiess, ma bis op Weideres awer emol op Äis geluecht, esou d’Bo: “D’Thema ass net ofgeschloss, mee mir hunn e Kompromëss fonnt.” Gemeinsam Projete wéi si se och virum Kanner-Plang gemaach hunn, sollen elo mol nees am Virdergrond stoen, well seng Partnerschaft dierf een op kee Fall vernoléissegen – och net fir dat hei. “Et ass ultra wichteg mateneen ze schwätzen an ëmmer nees e Schrëtt openeen duerzegoen”, betount dat 35-Järegt. Hatt wéilt zwar fir alles an der Welt Mamm ginn, ma och säin Dram hätt seng Grenzen, an des fänken do un, wou de perséinleche Séilefridden ophält, an dat fir béid Parteien an enger Partnerschaft.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply