Online Fever

Coronaszäit bedeit och online Shopping Zäit. Am Moment gëtt esou vill iwwerall um Internet ugebueden, dass ee séier den Iwwerbléck verléiert. Dofir hunn mir en bëssi gestöbert a fir iech déi bescht Sitë rausgesicht…

 

Fashion Queens

Kennt dir d’Hansen Schwësteren? Nach net? Dann gëtt et lo awer héisch Zäit. Si sinn nämlech d’Gesiichter vum Buttek Blossom a sichen am Moment en Showroom. Hire Bop hat schonn seng eege Schneiderei an der Beaumont’s Gaass wouduerch si kloer schonn ëmmer moudebegeeschtert waren. Si wëssen also ganz genau wat si maachen an hunn elo en Online-Shop gestart. Op blossom.lu fënnt ee Fraen a Männer Kleeder, Accessoiren, Schmock a Poschen. An dat Bescht un der Saach ass, dass déi zwou Schwësteren oppasse wou hir Saachen hiergestallt ginn. Slow Fashion, Fairtrade a Qualitéit läit hinne ganz besonnesch um Häerz. An si schaffe gäre mat Lëtzebuerger Designer zesummen. Wann dat kee Grond ass hinnen däin Häerz ze schenken a séier mol op hire Site www.blossom.lu luussen ze goen.

Top Hair
Du hues elo laang op de Coiffeursbesuch verzicht a kanns dech net méi am Spigel kucken? Warscheinlech weess Du och net wéi eng Produiten iwwerhaapt zu dengen Hoer passen? Eis geet et genau esou…Mir hunn dofir en bësse recherchéiert an en super Internetsite entdeckt: hairshop.lu. Hei kann ee Stepp by Stepp online eng Diagnose vu sengen Hoer maachen an dat an nëmmen zwou Minutten. Et brauch ee just Fro fir Fro ze beäntwerten, dat geet ganz einfach. Et sinn sou Froe wéi: Wéi eng Hoer huet dir? Sinn se gefierft? A wat wënscht dir iech?
Wanns Du fäerdeg mat uklicke bass, kriss Du automatesch déi Produiten ugewisen, déi fir dech a Fro kommen. D’Produite sinn all gutt erkläert. Méi einfach geet et net. Mat nëmmen en puer Klicken hues Du direkt just déi Produiten zur Auswahl déi fir deng Hoer perfekt sinn an Du kriss se nom Bestelle gratis heemgeliwwert. Mat hairshop.lu kanns Du dech also ganz bequem vun doheem aus ëm d’Fleeg vun dengen Hoer këmmeren. Hair Care ass Self Care!

Food Porn

Éierlech gesot hues Du dach och keng Loscht méi ze kachen? Et huet ee schonn all seng Rezepter duerch an et weess een net méi wat soss nach kachen. An no 7 Woche kache vergeet souguer dem gréissten Hobbykach d’Freed drun. Wéi wier et da mol mat engem richteg gudde Menü aus dengem Liblingsrestaurant? Ëmmer méi Restaurante bidden elo Take away un. Sou och den Hotel- Restaurant Dahm zu Ierpeldeng. Zu hire Spezialitéite gehéiert déi Lëtzebuergesch a Franséisch Kichen. Am Moment bidden si hire Clienten speziell Aktiounen un, den Take away oder de Menu du Jour fir all Dag. Dëse Freiden a Samschde kann ee bei hinne Moulen am Kilo bestelle „au vin blanc“ oder „à la crème“.  Bréngt äert Dëppe mat a si fëllen et. Hiren Highlight de Cordon bleu crème Champignons gëtt et natierlech och nach ëmmer. Loosst iech de Weekend sou richteg verwinnen a bestellt ganz einfach um 8162551!

Cheers up

Ob beim Online Shopping oder beim gudden Iessen. Eppes dierf op kee Fall feelen: Eng Coupe Crémant. Oder en gutt Glas Wäin. Well d’Caféen an d’Restauranten nach eng Zäit wäerten zou sinn, ass d‘online d’Bestelle vu Wäin a Crémant eng super Saach. Am Bernard-Massard online Shop fannt dir déi beschte Wäiner a Crémanten, fir dass dir net am dréchene sëtzt. Zemools elo beim Feierdag de Weekend an nächst Woch wann dir endlech erëm dierft Besuch empfänken. An dat Bescht un der ganzer Saach ass, dass d’Liwwerung gratis ass. Dem Proste mat Frënn oder der Famill, op dat mir sou laang gewaart hunn, steet also näischt méi am Wee.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply