Oops… an d’Box

Virun allem Frae kennen de Problem: et néitst oder houscht een, et mécht een en onbeduechte Sprong – a schonn ass eng Strutz an d’Box gaangen. Wat vill Betraffener mat enger Slipalaag versichen ze kompenséieren, de Moment selwer awer trotz allem meeschtens als immens onangeneem erliewen, nennt een an der Medezin Funktiounsstéierunge vum Beckebuedem- a Kontinenzsystem a kann an de meeschte Fäll erfollegräich behandelt ginn. 

Sief et no engem Accouchement, duerch Leeschtungssport oder einfach a méi héijem Alter: wann d’Muskulatur vum Beckebuedem noléisst oder iwwerstrapazéiert gëtt, wierkt sech dëst och op eis Fäegkeet aus, anzehalen, esou dass d’Blos an den Daarm zu tickenden Zäitbomme ginn. Haaptsächlech sougenannte “coups secs”, also Stéiss wéi beim Trampolinsprangen, mee och méi liicht Zesummenzucke vun Houschten a Néitsen, kënne maachen, dass d’Organer ee Moment net “oppassen” an hiren Inhalt lassloossen – e peinlecht Phänomen, wat awer quasi all Altersklass ka betreffen. 

“De Klassiker ass natierlech no der Gebuert, sief et no enger normaler vaginaler oder engem Kaiserschnëtt. Oft hunn d’Fraen duerno eng Gebärmutter-, Blosen- oder Daarmsenkung, wat sech wéi e vollen Tampon ufillt, deen no ënnen dréckt”,

erkläert d’Sandrine Lenoir vu Kiné Lenoir & Schäfer. Viru ronn siwe Joer huet déi geléiert Physiotherapeutin eng Formatioun spezifesch fir d’Behandlung vu Beckebuedem- a Kontinenzproblemer gemaach, dëst zu München nom Konzept vum Renate Tanzberger, enger däitscher Spezialistin op dësem Gebitt. 

“D’Konzept ass e ganzheetlecht a gëtt virun allem an der Reeducatioun vum Beckebuedem agesat, sief et no Senkungen, Kriibs oder Operatiounen”, esou d’Sandrine. Et géif vill iwwer verbal Explikatioune geschafft ginn a mat Übungen, déi d’Patienten duerno och deels kënnen doheem weidermaachen. “Et ass immens schwéier, de Leit d’Muskulatur vum Beckebuedem ze erklären, vu dass een dës jo net gesäit. Et geet also vill em Virstellung a Wahrnehmung, an d’Therapie ass ni eng 0-8-15 mee ëmmer spezifesch op all Persoun an hir Problemer opgebaut, well et muss ee vill selwer schaffen.” 

Dat meescht géif iwwer extern Kommandoen an Trainingsübunge goen. Vu bannen – also vaginal oder rektal – gëtt nëmme rar ënnersicht, respektiv behandelt, schonn eleng, well dëst fir de Patient immens onangeneem ass. “Mir schaffen zum Beispill vill mat engem speziellen Therapie-Ball, deen awer méi haart ass, wéi déi, déi een aus dem Fitness kennt. Oder mat spezifeschen Übungen iwwer Lauter, wéi d’Konsonante K, P oder T. Heiduerch gëtt d’Zwergfell stimuléiert, wat mam Beckebuedem iwwer d’Ootmung verbonnen ass a beim Anootmen d’Organer am Bauch no ënnen dréckt, déi dann op de Beckebuedem Drock ausüben.” 

Wärend Übunge wéi Sit Ups oder Crunch Ups fir de Beckebuedem eng enorm Belaaschtung duerstellen, si sougenannten exzentresch Übungen an alles, bei deem de Rumpf gestréckt gëtt, méi gesond. “D’Präventioun ass an deem Sënn den A an O a bezitt sech vill op d’Haltung”, erkläert d’Kiné. Wien riicht sëtzt an am Alldag Beweegungstransferts zum Beispill vum Stoen an d’Sëtzen oder beim Hiewen am Respekt vu sengem Kierper ausüübt, dee géif och manner Problemer mat Inkontinenz a Schwächten am Beckeberäich riskéieren.

 

 

“D’Blos läit direkt hannert dem Nuebel, wat een sech also méi riicht hält, wat een de Bauch méi stréckt a manner Drock no ënnen ausüübt.” 

Leider wier et bei dësem Thema genee wéi bei sou villen aneren, déi d’Gesondheet betreffen: et setzt een sech meeschtens réischt domat ausernaner, wann ee bis selwer betraff ass. “Eist Zil ass et, iergendwann Gruppentraininger a Workshops unzebidden, bei deenen ee säi Beckebuedem emol kenneléiert”, esou d’Sandrine. D’sexuell Muskulatur a generell alles, wat den Intimberäich oder Toilettegang betrëfft, wieren nach ëmmer Tabuthemen an eiser Gesellschaft, iwwer déi net gär geschwat gëtt – an dëst, obwuel esou vill Leit vu Problemer heimat betraff sinn. 

“Mir hu jonk Fraen hei, déi Péng beim Geschlechtsverkéier hunn, Mammen tëscht 30 a 50, mee och vill Leeschtungssportler oder Männer, déi no enger Prostate-OP Schwieregkeete mat Kontinenz hunn”,

esou d’Kiné. Virun allem Sportaarte wéi Konschtturnen, Crossfit oder Vëlofuere kéinten duerch exzessiv Trainingen an ze vill Belaaschtung de Beckebuedem schiedegen a wann een net duerch eng gutt Hënner-, Récken- a Bauchmuskulatur kompenséiert, kéint dat zu gesondheetleche Problemer féieren. 

Ma och séileschen oder gesellschaftlechen Drock kéint e Noloosse vum Beckebuedem verursaachen, schliisslech kéim d’Spréchwuert “Die Frau weint mit der Blase” net vu näischt, esou d’Sandrine:

“Bei Leit, bei deenen eng Inkontinenz op eemol kënnt, ouni dass e klore Grond virläit, ass et oft den ënnerlechen Drock, deen ze héich ass an doduerch entsteet eng Fuite no ënnen.”

Villes wier matenee verbonnen, wann et em äusserlech Aflëss a kierperlech Reaktioune geet, dat géif ee virun allem och bei Mamme mat onerfëlltem Kannerwonsch gesinn. “Mir maachen nieft der Reeducatioun och Fruchtbarkeetsmassagë kuerz virum oder nom Eesprong, oft a Begleedung mat Akupunktur an Foussreflexologie.” 

Wann ze vill Stress am Spill wier, géif dëst sech och op den Hormonhaushalt an d’Organer auswierken, ma wat ee méi verkrampft probéiert, wat et oft nach manner geet. “Hei kënne sougenannten Therapeutesch Fraemassagen (TFM) hëllefen, dës kënnen awer zum Beispill och Schwangerschaftsbegleedend agesat ginn”, erkläert d’Kiné. Duerch d’Creative Healing-Konzept vum Englänner Joseph B. Stephenson, zu deem TFM gehéiert, géif de Kierper nees op eng gläichméisseg Temperatur bruecht ginn, Organer wéi d’Liewer, Mëlz oder Bauchspäicheldrüs entgëft an Drainagekanäl fräigeluecht ginn. Donieft kéint een iwwer Massage an Akupressur bestëmmte Punkte stimuléieren, notamment dee fir d’Fruchtbarkeet, deen ënnert dem Nuebel läit. 

 

 

Zur Zilgrupp vu gynekologescher, urologescher an proktologescher Physiotherapie, also de Beräicher, déi sech mat de weiblechen a männleche Geschlechtsorganer, den Harnweeër an dem Daarm beschäftegen, gehéieren awer och heiansdo Kanner, och wann dëst éischter seele virkënnt: “Hei kann eng Stéierung oder en Trauma hannendru stiechen, déi psychosomatesch Erkrankungen ervirruffe kann.” De Gros vun de Patienten am Cabinet wier awer weiblech, einfach well d’Hemmschwell bei Fraen eng aner wéi bei Männer ass, a Phenomener wéi eng Rektusdiastase, also e sougenannte Mëttellinnebroch, bei deem d’Muskulatur am Bauchberäich net méi zesummekënnt, oder eng Lockerung vun der Symphyse, also der klenger, Bandscheiwen-änlecher Verbindung tëscht den zwou Beckenhalschenten, duerch Schwangerschafte méi heefeg sinn. 

“Schwanger Frae rennen nonstop op d’Toilette, dat ass näischt Aussergewéinleches. Bei Männer ass dat Ganzt schonn eng aner Geschicht”,

esou d’Sandrine. Wien e Verloscht vum Beckebuedem géif bemierken, sollt sech heifir allerdéngs net schummen, mee léiwer fréi wéi spéit reagéieren, well déi richteg Behandlung kann d’Liewensqualitéit nees enorm eropsetzen. “Mir schaffe virun allem drun, déi dräi Haaptfunktioune vum Beckebuedem nees ze trainéieren an ze stäerken. Dëst sinn de Schutz an den Halt vun den Organer, d’Opfänke vu ‘coups secs’ an d’Späicher-Funktioun, also anhalen a lassloossen. Et geet dobäi net drëms, einfach alles esou fest et geet zesummenzepëtzen, mee et kann een d’Muskulatur uerdentlech trainéieren.” 

Wann een sech e bësse mam Thema géif beschäftegen, géif ee schnell feststellen, dass enorm vill Leit sech am Alldag mat Kontinenzschwieregkeeten erëmklappen, dofir wier et wichteg, oppen doriwwer ze schwätzen an ze soen, wou een Hëllef ka kréien. Well, egal wéi een Alter oder Geschlecht: ausser et leeft ee nach mat Pampers ronderëm, wëll dach eigentlech keen en Boxeschësser sinn – dofir gëllt et, nieft den Übunge fir Bizeps a Co. och eppes fir déi méi déif leiend Muskulatur ze maachen, an dat am Beschten, ier ze scho strapazéiert ass. 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply