Op der Sich nom Schatz

De Summer ass genau di richteg Zäit fir Lëtzebuerg nei ze entdecken, ganz nom Motto Vakanz heiheem siche vill Famille grad elo Aktivitéite fir mat hire Kanner ze ënnerhuelen. Eng einfach Visitt vun der Stad ze ënnerhuele kléngt awer langweileg. Dofir gëtt et elo de Luxilux, eng digital Schatzsuche mat där een d’Stad op eng spilleresch Aart a Weis ganz nei entdecke kann. A wat brauch een dofir? Just säin Handy !

 

 

Fir d’éischt lueden ech mir d’App op den Handy erof, ginn op www.luxilux.lu  a scannen de QR Code vun der Schatzsuche déi ech gär wëll maachen, an dësem Fall ass et déi vun der Stad Lëtzebuerg. D’App seet mir wou ech muss higoen an dirigéiert mech duerch d’Stroossen. Ech kréie Froe gestallt, muss Puzzlen an aner Spiller léisen. Ma ech muss och witzeg Fotoen a Videoe maachen. Wann ech d’Aufgabe richteg erfëlle kréien ech Punkten. De Wee féiert duerch den Zentrum vun der Stad. Ech entdecken Ecker déi ech nach ni gesinn hunn a ka schéi Fotoe maachen. Natierlech wëll ech och souvill Punkte wéi méiglech sammelen. Et ass wéi ee Rallye mee just digital.

 

 

Ech sinn dräi Stonnen ënnerwee, ech loosse mir ewer och gutt Zäit. Zum Schluss hunn ech souvill Punkte gesammelt, dass ech als Belounung Bonge gewannen déi ech kann a Lokaler an der Stad aléisen. Zum Beispill eng Coupe Crémant op der Terrasse vun der gëlle Klack. Déi gënnen ech mir direkt no dëser wonnerbarer Aventure. Et huet richteg Spaass gemaach an ech hunn zousätzlech och nach vill dobäi geléiert…

 

 

 

Luxilux ass genau dat Richtegt fir Familljen, Frënn, wann een seng Aarbechtskolleege wëll besser kenneléieren oder och fir Senioren. Et ass Spaass fir jidderee garantéiert.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply