Ordnung ist das halbe Leben…

Et ass den absolutte Klassiker: eigentlech sollt een a fënnef Minutten op de nächste Rendezvous fueren, mee wou läit da schonn nees dee blöden Autosschlëssel? Och den Haustelefon (fir déi, déi nach een hunn) gëtt reegelméisseg vertässelt an d’Sich nom schällenden Apparat versetzt d’ganz Famill a wëllt Rëmgewusel. Am Schnatt verbréngt de Mënsch tëscht engem hallwen an 2,5 Joer mat Sichen – nom Opluedkabel, der Telecommande oder dem Fixfeier, wat een dach gëschter nach am Grapp hat.

Fir déi éiweg Sich no allem Méiglechem ze verkierzen, ginn et gewëssen Tricken, ma net jidderee kennt dës oder huet iwwerhaapt geléiert, wéi ee richteg Uerdnung behält. Well, si mir emol éierlech, am Alldagsstress den Iwwerbléck ze behalen an idealerweis ëmmer nees alles direkt op seng Plaz ze raumen, ass guer net esou easy, wéi dat vläicht kléngt. Genee heiwéinst ginn et Leit ewéi d’Conny Reuter, eng professionell Uerdnungscoach, déi aneren hëlleft, nees Här (oder Härin) iwwer den eegene Chaos ze ginn.

Zanter 2020 begleet an ënnerstëtzt d’Conny seng Clients um Wee fir an e geraumten a geuerdent Liewen, esou d’Erklärung zu dem 37-Järege sengem Beruff. Virdru war d’Conny 14 Joer laang an enger Bank ugestallt, fir d’éischt am Guichet, duerno am Backoffice a Controlling. Geraumt huet hatt schonn ëmmer gär, ma de wierkleche Klick koum eréischt, wéi d’Conny de Film “Urlaubsreif” mam Adam Sandler an Drew Barrymore an den Haaptrolle gesinn huet:

“D’Drew an seng Frëndin sinn am Film sougenannte ‘closet queens’, also Fraen, déi anere beim Ëmraume vun hire Kleederschief hëllefen. Ech hat virdrun nach ni eppes dovunner héieren an iergendwann hunn ech gegoogelt fir ze kucken, op et esou eppes wierklech gëtt.”

D’Conny ass fündeg ginn, ma zu deem Zäitpunkt konnt een Ausbildungen zum Uerdnungscoach just zu New York oder London maachen – wäit ewech also vu Lëtzebuerg. Ma ëmmer nees ass him de spezielle Beruff an de Kapp komm an iergendwann ass hatt bei senger Sich op d’JJ Trainings an Däitschland gestouss, wou een duerch Covid och online konnt e Cours matmaachen. “Ech war dat Alleréischt, wat sech fir d’Online-Ausbildung ageschriwwen hat”, erënnert sech d’Conny. Fir sech awer iwwerhaapt ze trauen, de Schratt vun enger sécherer Plaz an d’Onofhängegkeet als Raumcoach ze woen, huet et méi gebraucht, wéi just d’Léift fir Uerdnung: “Ech hu schonn ëmmer gär geraumt, mee 2019/20 hunn ech dat och ënnerlech massiv gemaach. Ech krut deemools einfach vu menger Gesondheet a vum Liewe gewisen, dass et Zäit wier, mäi Liewen iergendwéi anescht ze féieren.”

Wéi ee bei sech selwer (oder an den Archive vun der Bank) eng gewësse Struktur an Uerdnung hält, huet d’Conny net misse léieren, ma an der Ausbildung stoungen och ganz aner Saachen am Fokus, notamment d’Philosophie, dass Uerdnung ëmmer esouwuel baussen, wéi och banne stattfënnt. “Et geet ganz vill em self-management, well den Uersprung hannert dem Fait, dass een onorganiséiert ass, läit meeschtens an engem bannendran”, erkläert d’Conny. Grënn fir Chaos doheem oder op der Schaff kéinte verschiddener sinn: déi eng sinn einfach iwwerfuerdert, déi aner falen an d’Kategorie “Jäger und Sammler”, verschiddener hunn d’Tendenz ze prokrastinéieren an nach anerer hunn einfach ni wierklech gewise kritt, wéi een seng Saache kann organiséieren.

 

 

“Zäitmanagement ass hei och e grousst Thema, well vill Leit wëssen zwar eigentlech wéi et geet, mee se hunn net déi néideg Zäit, dëst Wëssen och an der Praxis ëmzesetzen.”

Famill, Kanner, Aarbecht, Hobbyen – all dëst hëlt Plaz am Dag an, déi herno beim Raume feelt. “Et ginn awer och Leit, bei deene vläicht duerch e Schicksalsschlag alles aus der Bunn geroden ass, an déi brauchen dann och Hëllef”, seet d’Conny. Egal firwat een en Uerdnungscoach brauch, heifir bréicht ee sech ni ze schummen, well wéi alles am Liewen, geet villes besser, wann een een huet, deen een un der Hand hëlt an engem hëlleft.

D’Plazen, déi d’Conny opraume soll, ginn dann och vu bis: vun der Kichen, an der kee System fir Panen, Besteck a Co. ass, iwwer de Kleederschaf, dee fir vill éischter eng XXL-Wullkëscht ass, wéi en Dressing, bis hin zu de Paperassen an dem lästege Pabeierkrom, deen eigentlech kee gären huet, den typeschen Ofstellplaze Späicher a Keller oder awer dem digitale Raum – dem Computer. “Et gi vill Leit, déi einfach immens vill Saachen do ugesammelt hunn oder bei Honnerten Newsletter ugemellt sinn”, esou d’Conny. Och hei kéint hatt hëllefen, well d’Thema Uerdnung betrëfft wuertwiertlech all Beräich vum Liewen.

No engem éischte Virgespréich, an deem de Problem analyséiert an d’Ziler festgeluecht ginn, geet et fir d’Coach op eng “visite des lieux”, sief et sur place, oder via Video. “Ech léieren d’Leit emol kennen, fir dass se Vertrauen opbauen a gewëllt sinn, mech iwwerhaapt an hiert Doheem eranzeloossen.” Soubal d’Offer an d’Strategie da steet, geet et och scho lass: ausraumen – an zwar alles –, ausmëschten, kategoriséieren, sortéieren, lassloossen. “Vill Leit wësse guer net méi, wat se eigentlech alles ugesammelt hunn. De Chaos ass zwar schonn do, mee de grousse Chaos kënnt da réischt beim Ausmëschten.” All Stéck gëtt eenzel gekuckt an op e Koup geluet: behalen, spenden, verschenken, upcyclen oder wechgeheien.

Dobäi schafft d’Conny net am Messi-Beräich, well heifir brauch een en psychologesch Ausbildung, mee einfach mat Leit, déi e klenge bis grousse “coup de main” brauchen. “Ech maachen och keen Home Organizing, wat méi a Richtung Deko geet, oder Minimalismus, mee et geet haaptsächlech drëms, Ballast ofzewerfen”, esou d’Conny. Et géif net drëms goen, dass herno alles wéi geleckt ausgesäit an ee vum Buedem iesse kéint, mee dass de Mënsch zefridden ass, well en sech a sengen eegene véier Wänn nees zurecht fënnt.

 

 

“Et geet nom Prinzip ‘weniger suchen, mehr finden’, dat heescht alles kritt seng fest Plaz, wouduerch een Zäit spuert, well een et esou och ëmmer direkt fënnt, a Geld, well een net alles zing Mol keeft.”

Heibäi géif virun allem mat deem geschafft ginn, wat d’Leit souwisou schonn doheem hunn, wéi zum Beispill Schongkëschten oder Classeuren, an “à la tête du client”, well wärend déi eng duerno alles perfekt a wäissen Uerdner wëlle klasséieren, ass deenen aneren d’Form egal – Haaptsaach et ass geraumt. “Et gi ganz vill verschidde Perséinlechkeets- an Uerdnungstypen an déi meescht sinn eng Mëschung aus villem”, seet d’Conny. Do wieren d’Dreemer, d’Sammler, déi Kreativ, d’Aufschieber, d’Funktionnalisten oder déi Gutthäerzeg, déi ëmmer alles unhuelen, wat en aneren net méi wëll. D’Lëscht ass quasi onendlech, well all bekannten Opraumcoach (d’Japanerin Marie Kondō, d’”Decluttering Queen” Alejandra Costello oder den däitschen Duo Esther Lübke a Micki Dreeschmann, fir der just e puer ze nennen) huet seng eege Philosophie.

E puer Tipps an Tricks gëllen dann awer och einfach fir jiddereen, esou d’Conny: “Alles soll eng fest Plaz hunn, alles wat manner wéi eng Minutt dauert, soll een och direkt maachen, an alles wat ee raushëlt, soll een och nees zréckleeën, domat ass da schonn eng gutt Grondstruktur geluecht.” Et géif heibäi e wichtegen Ënnerscheed tëscht raumen an Uerdnung ginn, well: “Dat éischt ass eppes Kuerzfristeges, dat zweet schaaft an hält een op laang Weil.” Bei verschiddene Clients géif et dofir duergoen, se duerch eng grouss Raumaktioun ze begleeden an hinnen déi néideg Outile mat op de Wee ze ginn, anerer ruffen d’Conny all Joer zeréck, fir zum Beispill e Fréijoersbotz zesummen ze maachen.

 

 

“Dat Schéinst ass d’Freed vun de Leit a wéi stolz se op sech selwer sinn”,

seet d’Conny. Vereenzelter vu senge Clients géifen nom Raumen ofhuelen, well mat der materieller Laascht och déi mental ofhëlt an d’Decisioun, sech Hëllef ze huelen eppes an d’Rulle bréngt, wat se sech méi liicht fille léisst. Anerer hätten nëmmen nach hallef esou vill Angscht viru Pabeierkrom a Rechnungen – einfach, well se se elo ze meeschtere wëssen. “Flott ass et och, wann d’Leit op eemol selwer op Iddie kommen. Ee vu menge Clients plënnert zum Beispill elo an huet sech virgeholl, a sengem neien Doheem keng Classeuren, mee Hängeregister ze benotzen.”

Fir déi eng heescht et einfach, sech nei Routinnen unzegewinnen, anerer sichen am Conny en Support, vläicht, well de Grond aus deem d’Raumen néideg gëtt, e ganz emotionale Background huet:

“Als Uerdnungscoach begleet een och Plënneraktiounen an Ierfschaften, oder wann de Partner bei engem ewechfält an d’Leit Verschiddenes nach ni selwer gemaach hunn. Mir sinn ëmmer do present, wou Leit bereet sinn, lasszeloossen. Well, d’Erënnerung un e Mënsch verléiert een ni an et ass och ok e puer materiell Erënnerungsstécker ze behalen, mee et mussen awer vläicht keng 100 Vase sinn.”

Eng klassesch Fro géif sech och bei Seniore stellen, déi an en Altersheim plënneren a vun haut op muer e grousst Haus op eng Kummer reduzéiere sollen. “Hei muss dann decidéiert ginn, wat ee mathëlt. A Famille suergt dëst oft fir Reiwereien, mee als Außenstehende kann een do wierklech hëllefen, fir dass och wierklech just dat matgeet, wat der Persoun Freed bereet.” Fir dass déi uewen ugeschwaten ënnerlech Uerdnung och ka geschaf ginn, hëlt d’Conny je no Fall säin Hond Abby mat, wat als Besuchshond ausgebilt ass a bei déieregestëtzten Aktivitéite fir Rou suerge kann, vu bannen a vu baussen.

Och fir d’Coach selwer bedeit Raumen eng Zort vun Erofkommen a roueg ginn, dat huet hatt schonn am ganz jonken Alter festgestallt. “Meng Mamm war schonn eng immens uerdentlech an déi lescht Joren hunn ech oft mat hir geschwat an eis zesummen u Saachen erënnert. Ech hat, wéi ech kleng war, zum Beispill en Tirang mat Tupperware, deen ech ëmmer gäre geraumt hunn an am Jugendalter ass et dunn ugaangen, dass ech gären ausgemëscht a Saache fortginn oder gespent hunn.” Och seng Miwwelen hunn de Raumattacke vum Conny heiansdo misse wäichen, d’Kleeder goufen no Faarwe sortéiert a Saachen, mat deenen hatt sech net méi identifizéiere konnt, un anerer weiderverschenkt.

“Ech konnt mech schonn ëmmer stonnelaang mat Raume beschäftegen, da sinn ech voll a mengem Element”, seet dat 37-Järegt. Eng Fro brennt dann natierlech besonnesch ënnert de Neel: ass et bei der Uerdnungscoach och ëmmer 100 Prozent uerdentlech? “Am Prinzip schonn, mee et ginn och Zäiten, wann een da moies um 8:00 an d’Kiche kënnt, dann ass d’Spullmaschinn net ausgeraumt an dat scho säit zwee Deeg net. Ech kann also och emol Saache leie loossen”, verréit d’Conny. Mam Hond am Haus an engem Mann, deen an der Garage gäre wurschtelt, wier et och einfach net méiglech, ëmmer alles op senger Plaz ze behalen – an dat dierf och esou sinn.

Ma well Raumen dann awer ëmmer säin Dada bleiwe wäert, setzt d’Conny sech och dofir an, dass säi Beruff zu Lëtzebuerg méi bekannt a virun allem unerkannt gëtt. “Et soll eng Selbstverständlechkeet ginn, dass een sech kann Hëllef huelen, an net méi esou en Tabu.” Vill Leit géifen sech iwwer Ënnerstëtzung freeën, dofir géifen d’Coache vum internationalen Netzwierk “Ordnungswelt” och ëmmer nees Spendenaktiounen an ubidden, bei deene Leit, déi sech kee Profi leeschte kënnen, genee dësem seng Zäit geschenkt kréien.

“Mäin Zil ass et och, iergendwann vläicht mat den Office Socialen am Land zesummenzeschaffen. Net fir den Deel vun der Assistante Sociale ze iwwerhuelen, mee als zousätzlech Ënnerstëtzung, wéi et a verschiddenen däitsche Bundesländer zum Beispill scho gemaach gëtt”

, esou d’Conny. Hei géifen déi vereenzelt Sozialämter fir d’Raumexperten opkommen a gemeinsam kéint ville Famille beim Meeschtere vun hirem Alldag gehollef ginn – also genee dat, wat d’Conny als Uerdnungscoach fir all Client mécht.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply