Perfekt Aperhoer

Kuckt een sech d’Lifestyle Magaziner an d’Sozial Medien un, stellt ee séier fest, dass d’Form vun eisen Aperhoer eng grouss Roll spillt. Virun allem wëllt kee méi der schmueler Aperhoer déi an de 90‘ er inn waren, ma éischter voll an dicht Aperhoer, dës suerge fir en waakrege Bléck a ginn dem Gesiicht méi Ausdrock.

Déi perfekt Aperhoer sinn allerdéngs ganz ënnerschiddlech an hänke vun eiser natierlecher Form, Faarf an natierlech och vun eisem perséinleche Goût of. Ma wéi kënnt een dann iwwerhaapt un déi perfekt Aperhoer fir dee perfekte Bléck?

An de leschte Joren huet de Permanent Make-up ee reegelrechte Boom erlieft well vill nei Techniken a Produiten op de Maart komm sinn. D’Martine Comes besëtzt duerch sëlleg Formatiounen deen néidege Know How wat de Permanent Make-up ugeet a beréit seng Clienten ëmmer gär virun dëser Entscheedung.

 

 

Et ënnerscheet een tëschent zwou Methoden, der Micropigmentéierung an dem Microblading. Bei der Micropigmentéierung wat eigentlech eng kosmetesch Tätowéierung ass, gëtt d‘Faarw mat Hëllef vun enger ganz feiner Nol an d‘ Haut agedroen. Beim Microblading gi manuell Linnen an déi iewescht Hauttschicht geritzt. D’Martine bitt d’Mircopigmentéierung un well dës Aart vu Behandlung senger Erfarung no méi Hautschounend ass.

Zanter éiweg si meng Aperhoer mäin Suergekand vu mengem Gesiicht. Et si Lächer an der Form, ech weess nik wéi ech se zupfe soll a se sinn dowéinst och nach kromm. Ech zéien se ëmmer erëm mat engem Aperhoerstëft, mee ech kréien ni eng uerdentlech Form hin. Sou kann dat nik weidergoen dofir huelen ech mir en Rv beim Martine an der „Maison de Beauté“ zu Ettelbréck.

 

 

Bei him kommen d‘Leit als éischt an ee gratis Gespréich wou zesumme gekuckt gëtt, wat soll verännert ginn a wéi de Client sech et virstellt. Hat erkläert op wat een oppasse muss an zeechent och d‘Form op fir dass een sech konkret virstelle kann, wéi et dono ausgesäit an a Rou doheem kucke kann ob een sech wuel fillt mat dëser Verännerung. Eréischt da gëtt de Rendez-vous ausgemaach fir d Behandlung ze maachen.

Et ënnerscheet een tëschent enger kompletter Häarschenzeechnung, engem Powder Brow oder enger Mëschung vu Schattéierung mat Häarschenzeechnung. Dëst hänkt vum Hautzoustand a vun der Virstellung vum Client of, wéi dësen sech seng Aperhoer wënscht.

 

 

D’Martine pigmentéiert bei mir eng Mëschung vu Powder Brow an d‘Nozeechne vun eenzelen Härercher fir dass et sou natierlech wéi méiglech ausgesäit. Hatt wielt déi perfekt Faarf an och Form fir mech, déi am beschten zu mengen natierlechen Aperhoer passen. Ech wëll nämlech een natierlecht Resultat, et soll een nik gesinn dass ech meng Aperhoer pigmentéiert kritt hunn.

Beim Martine ginn iwwregens och Korrekture vu mësslongene Resultater vu Microbladings oder Permanent Make-up gemaach.

 

 

Ech sinn op alle Fall elo immens zefridde mat mengen Aperhoer. Endlech hunn se déi perfekt Form, meng Ae wierken doduerch méi grouss an ech muss mir ëm si keng Gedanke méi maachen.

Huet dir och elo Loscht op déi perfekt Aperhoer kritt? Da mellt iech via E- mail info@maisondebeaute.lu oder um Telefon 26811003 beim Martine.

 

 

Text: Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply