Perfekt on.perfekt

Nach bis den 18. Februar kann een d’Initiativ „on.perfekt“ mat engem klengen (oder groussen) Don ënnerstëtzen, da gëtt d’Bilanz gezunn, wéi vill vun deene gewënschte 95.000 Euro effektiv beim Crowdfunding zesumme komm sinn. De Stand e puer Deeg viru Schluss: Ziel ass erreecht an mir gratuléieren. Ma all weideren Euro zielt!

Viru knapp zwee Joer hunn d’Julia Gregor, d’Zoé Arens an d’Estelle Flammang eng Reportage doriwwer gesinn, wéi vill an Däitschland all Joers u Liewensmëttel ewechgeheit ginn, respektiv vum Feld direkt an d’Poubelle flitt – einfach just, well et net „perfekt“ ass. Déi dräi Frëndinnen hunn sech d’Fro gestallt, ob dëst a Lëtzebuerg och de Fall ass. „Mir haten dunn eng Kéier eng Reunioun mam Ëmweltministère, mee et ass anscheinend immens schwéier konkret Donnéeën dozou ze kréien, well et d’Dreckskëscht spezifesch just fir Liewensmëttel nach net laang gëtt an dofir virdru keng richteg Statistiken zu den Haushälter konnte gefouert ginn“, esou d’Julia.

Generell wier et awer esou, dass international gesinn all Joer ronn een Drëttel vun allem, wat an der Liewensmëttelindustrie produzéiert gëtt, nees am Offall lant – dat sinn 180 Kilo Iesswuer op de Kapp. “Jee no Kultur gi schonn direkt um Feld 30 bis 40 Prozent nees ewechgeheit a packen et guer net bis an de Buttek, haaptsächlech well d’Saache gewëssen Normen a Qualitéitsstandarden net entsprécht”, erkläert d’Julia. Krommt Geméis, Wuer, déi iwwert dem Mindesthaltbarkeetsdatum ass, Liewensmëttel, déi net an d’Verpackung passen oder falsch etikettéiert goufen – all dës kommen net bis bei de Konsument, mee gi liquidéiert.

 

 

Vun dëser Tatsaach waren d’Julia an seng zwou Frëndinnen esou schockéiert, dass si eppes ënnerhuele wollten, an d’Iddi fir “on.perfekt” war gebuer. “Mir hunn dunn e puer Bauere kontaktéiert, dorënner een, deen e Mangel u Leit hat a mat deem mir en Deal gemaach hunn: mir hunn him um Feld gehollef, an duerften him dofir e Lach an de Bauch froen”, esou d’Julia. No an no hunn déi dräi Lëtzebuergerinnen ëmmer méi iwwer Liewensmëttelproduktioun a -Verwäertung geléiert an och aner Leit vun hirer Iddi, dem “onperfekte” Geméis eng zweet Chance ze ginn, begeeschtert. Um Rez-de-Chaussée vun Majerus Geimer Constructions hunn d’Mädels dunn en éischte Pop-Up Store lancéiert, wou si d’Wuer vu verschiddene Bauerenhäff fir e reduzéierte Präis verkaf hunn.

De klenge Shop hat Succès an huet esouwuel interesséiert Clients, wéi och aner Produzenten an Entreprisen ugezunn, déi sech fir de Projet konnte begeeschteren. “Vläicht ass elo einfach de Moment dofir”, seet d’Julia zefridden. Eemol de Mount huet hatt zesumme mat deenen anere Membere vun “on.perfekt” de Pop-Up organiséiert, ëmmer an Zesummenaarbecht mat lokalen Acteuren: “Meeschtens hu mir bei der Recolte gehollef a kruten dofir d’Liewensmëttel, mee mir hunn awer och schnell gemierkt, dass déi meescht Betriber immens professionell a gutt organiséiert sinn, esou dass si hir eegen Aarbechter hunn an eigentlech just net wëllen, dass hir Wuer ewechgeheit gëtt.”

D’Ekipp huet also zesumme mat hire Partner-Häff dräi Modeller entwéckelt: den éischte vun Hëllef géint Wuer, deen zweete ganz klassesch, dass si de Betriber d’Liewensmëttel ofkafen, an deen drëtte mat enger zweeter Recolte um Feld, déi si selwer duerchféieren dierfen. Ma op hirer Pop-Up-Théik ass awer net just krommt Geméis gelant, mee iergendwann och Mëllechproduiten ënner anerem vu La Grande Epicerie Massen, déi no un oder knapp iwwer dem uginnene Mindesthaltbarkeetsdatum louchen. “Eigentlech dierft all Buttek e speziellen Eck hunn fir Wuer, déi dësen Datum passéiert huet, mee quasi kee mécht et wéinst dem Risiko, well wann mol eppes wier, da wiere si dofir responsabel”, erkläert d’Julia.

Vum Gesetz hir wier de Verkaf vu soi-disant “ofgelafener” Wuer awer erlaabt, sous condition dass des kloer als solch ausgeschëldert ass a reegelméisseg stëchprouwenaarteg Kontrollen duerchgefouert ginn – esou, wéi de zukünftegen “on.perfekt”-Buttek et maache wëll. Duerch de Crowdfunding wëll d’Ekipp, déi mëttlerweil eng Kooperativ mat zéng Grënnungsmemberen an iwwer 30 Benevolle ginn ass, eng Plaz kreéiere kënnen, déi e fixe Sëtz huet mat reegelméissegen Ëffnungszäiten, fir dass d’Leit hei kënnen am Alldag Liewensmëttel kafen, déi definitiv kënne giess ginn, just net de Critèren entspriechen, wéi se fir “normal” Geschäfter virgi sinn. “Mir schaffe mëttlerweil och scho mat aacht Baueren zesummen, dorënner och deels Häff, déi ganz saisonal produzéieren, a wou mir dann zum Beispill just Spargele kréien. Vun anere kréie mir fest all Mount Produiten.”

 

 

Nieft Massen hätt sech och ee Bäcker bei “on.perfekt” gemellt, alt nees e Beweis fir d’Kooperativ, dass hir Iddi Uklang fënnt. Mat der Crowdfunding-Zomm kéint dës zu enger dauerhafter Realitéit ginn an domat deen alleréischte Buttek an der Form zu Lëtzebuerg duerstellen. Fir d’Sue-Sammel-Aktioun huet d’Ekipp sech dann och verschidde Packagen iwwerluet, well wien spent, soll och eppes als Géigeleeschtung kréien. Hei ginn d’Offere vun dem indirekte Kaf vun engem Kachbuch iwwer d’Heemgeliwwertkréie vun enger Geméisbox bis hin zum Bong, fir spéider am Buttek kënnen anzekafen. Wien de Projet wëll ënnerstëtzen, kann dëst natierlech awer och duerch en einfachen Don op de Kont vun der Kooperativ maachen. Beim Crowdfunding präziséiert d’Julia, dass eng Iwwerweisung per Lastschrift déi beschten Optioun ass, well et mat Kreditkaarten alt schonn technesch Problemer gouf.

Ma eng wichteg Fro steet awer nach op: firwat da grad “on.perfekt”? “Mir hunn wierklech laang no engem Numm gesicht, well deen een Deel vun eisem Projet dréint natierlech em d’Geméis, mee et ass awer eigentlech vill méi wéi just dat”, esou d’Julia. Villes an der Welt wier onperfekt, och mir Mënschen, ma dowéinst awer net manner schéin a wäertvoll a genee dëse Message wéilt d’Kooperativ vermëttelen. De Numm mat senger Bedeitung hätt hinnen awer och ganz aner Diren opgemaach, notamment fir Kleeder mat Drock- oder Produktiounsfeeler, Saachen, déi einfach just e Schreiffeeler op der Etikett hunn oder Wuer vun Entreprisen, déi eng grouss Commande kruten, déi am Endeffekt awer kee siche komm ass.

Et geet bei “on.perfekt” also net nëmmen em Liewensmëttelrettung, mee eng Astellung, an zwar déi, dass all Objet, sief et fir z’iessen, unzedoen oder ze benotzen, eng zweet Chance verdéngt huet a Verschwendung definitiv net de richtege Wee ass. A genee hei schéngen och zu Lëtzebuerg vill Leit der Iddi vum Julia, Zoé an Estelle zouzestëmmen.

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply