Perfekte Mammobile

Wann ee Kanner huet leet ee bei der Sich vum richtegen Auto de Fokus méi op de prakteschen Aspekt wéi op den Design. Am beschten ass natierlech d’Kombinatioun vu Style a Funktionalitéit. Mir hunn fir iech zwee Autoe getest, déi dës Uspréch erfëllen. De VW Touran Highline an de Seat Alhambra Xcellence. Fir Detailer ënnert d’Lupp ze huelen hunn mir eng frësch gebaake Mamm gefrot fir dës Familljenautoen auszeprobéieren.

De VW Toura gesäit een Tick méi sportlech aus wéi de Seat Alhambra, dëse punkt virun allem wéinst senger Gréisst. Et ass en groussen, ma ewer en ganz prakteschen Auto.

Punkto Kannersëtz hunn allen béid d’Funktioun vum Isofix, sou dass de Sëtz séier fir de Bébé installéiert ass. A béid Autoe kritt een 3 Kannersëtzer niewenteneen installéiert. An souguer déi zwee Zousazsteiersëtzer hunn Isofix.
Platz fir eng grouss Famill hunn se allen also zwee. Et ass Platz fir 5 Kanner an 2 Erwuessener. Beim Seat ass souguer Platz fir 4 Erwuessener.

Wéi scho gesot ass de Seat Alhambra méi grouss an dofir kritt een natierlech och méi an den Auto eran. Virun allem d’Kutsch passt méi séier a besser an d’Mall vum Seat wéi an d’Mall vum VW.

„Ech si begeeschtert dovun, dass ech d’Kutsch sou einfach an den Auto erakrut, ech hunn net vill missen dréinen a kéieren, sou wéi ech dat normalerweis gewinnt sinn“, Natascha Bintz, Mamm vum Adriana

Wichteg fir eis Fraen ass natierlech och d’Parken. Do huet de VW Touran en Virdeel géigeniwwer dem Seat well en méi kleng ass an sech och besser an d’Parkplaz dréine léisst. Fuere loossen sech déi zwee Autoe gläich gutt. Och wat de Soundsystem ugeet konnte mir eis fir kee vun deenen zwee decidéieren, allen zwee loosse Kannerlidder a beschter Qualitéit erkléngen.

„De VW Touran gefält mir vun der Optik besser, well en einfach méi sportlech ausgesäit“

VW Touran Highline 2.0 TDI
190 Ps
Den Touran ass 4,52 laang
En ass ab 23.960€ ze hunn

Seat Alhambra Xcellence 2.0 TDI
150 Ps
Den Alhambra ass 4,85 laang
En ass ab 28.740€ ze hunn

Wann ee méi Wäert op vill Platz leet ass de Seat Alhambra sécherlech dee bessere Choix a wann een en prakteschen a stylesche Familljenauto sicht, empfeele mir iech de VW Touran.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply