Pimp myself

Du hues de Schaf voller Kleeder, mee weess trotzdeem nik wat undoen? A wanns Du akafe gees, wees Du nik wat dir steet? Dann kann d’MADI -Team dir hëllefen. Mir bidden elo de Service vun der Shoppingbegleedung un an haten en Opruff op Facebook gestart. D’Lynn Colette huet sech doropshi bei eis gemellt…

Mir treffen d’Lynn op ee Kaffi a froe wat hatt sech vum Ëmstyling erwaart a wat hatt guer nik gär undeet oder och Faarwen déi et nik gär huet. D’Infirmière huet vill ofgeholl a wëll elo mol nei Styler ausprobéieren. U sech ass d’Lynn en sportlechen Typ dee gär mol eppes méi Extraes dréit. Juppen deet hatt éischter seelen un an d’Faarf brong geet fir hatt guer nik. Am Alldag schminkt d’Lynn sech nik vill, wann dann dezent. Dono geet et lass mat der Shoppingtour.

Mir hunn zimmlech séier d’Iddi vun enger Jupe Culote, well dës sportlech an ewer och chic ka wierken. Fir dass een dem Lynn säin neie Kierper gutt gesäit, siche mir en faarwege Body fir dobäi. Dem ganze Look feelt et u Lässegkeet, dofir muss elo nach eng cool Jeans Jackette dobäi combinéiert ginn. Den Outfit brauch nach e leschte Pepp, dofir combinéiere mir zum Schluss nach knätscheg giel/gréng Schong mat enger Posch a Schmock an där Faarf dobäi. D’Lynn ass elo scho vum Look hier nik méi erëmzëerkennen.

D’Make up Artist Tanja Davelli verpasst him lo nach den néidege Make up, fir dass d’Lynn sou richteg peppeg a frech ausgesäit. De pinke Lëppestëft ass den A an O vum Make up a ronnt de ganze Look nach of.

D’ Lynn ass eng wonnerschéi Fra och scho virum Relooking, ma dono kënnt seng Perséinlechkeet nach méi zum Virschäin.

Wann dir och elo Loscht kritt huet iech ëmstylen ze loossen, dann schreift eis ganz einfach eng Mail op contact@madi.lu. Mir kommen och bei iech heem a kucken zesumme wat iech steet mat de Kleeder aus ärem Kleederschaf, ganz ouni nei akafen ze goen.

Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply