Queen of Fashion

Douce Faarwen, fléissend Stëfter, Motiver aus der Natur – wien dem Nathalie Siebenaler seng Kollektioune gesäit, dee spiert d’Summerbrise fërmlech op der Haut. Zanter 2015 ass déi jonk Designerin mat hire Schaler an op Mooss gemeete Brautkleeder hei zu Lëtzebuerg am Business, virdrun huet d’Nathalie Erfarung als Freelancerin an de verschiddensten Ecker vun der Welt gesammelt.

„Direkt no mengem Studium op der Fachhéichschoul zu Tréier sinn ech dräi Méint a Südkorea op Seoul geflunn fir do zesumme mat enger Ekipp d’Kollektioun vun der japanescher Mark ‚Yumi Katsura by Ji Haye‘ ze preparéieren. Déi Zäit wou ech studéiert hunn, hunn ech ëmmer op der Paräisser Fashionweek gehollef an d’Creatrice do kennegeléiert“, erënnert sech d’Nathalie.

No dëser besonnescher Erfarung am haute-couture-Beräich huet déi geléiert Moudendesignerin an der franséischer Haaptstad fir e Geschäft vun engem klenge Kleederlabel gefreelanced an do déi éischte Kéier seng eege Kreatioune presentéiert. Den Interessi fir Moud war beim Nathalie awer schonn ëmmer do:

„Säit ech 12, 13 Joer al war, war ech extrem faszinéiert vu Kleeder an hu gär gezeechent. Am Ufank haaptsächlech Objeten a Personnagen, iergendwann dunn och Nuen a Figure mat Kleeder.“

Mat 17 war et dunn Zäit fir déi grouss Fro: Konnt d’Nathalie sech och fir Bitze begeeschteren? D’Äntwert war schnell fonnt – no engem Stage bei der Néiesch Muriel Fischer konnt d’Nathalie d’Fanger net méi vu Nol a Fuedem loossen.

A wéi eng Richtung seng Konscht awer genau goe sollt, ass dem Nathalie réischt wärend de Preparatioune vu senger Ofschlossaarbecht bewosst ginn:

„Do sinn ech drop komm fir Musteren ze entwéckelen a Stoff domat bedrécken ze loossen. Dat Geniaalt dodrun ass jo, dass de einfach eppes op en Duch drécke loosse kanns a schonn hues de e Schal. De Fait, dass ech mech fir meng Aarbecht mat Stoffmanipulatioun beschäftegt hunn, war dunn fir mech den ausschlaggebende Punkt ab deem ech wosst: Dat do wëll ech man!“

Den Hang fir Braut- an Oweskleeder hat d’Nathalie zu dem Zäitpunkt scho méi laang – entstanen ass aus der Kombi vun Experimentéierfreed, der Léift zu allem, wat chic ass, an dem Flipp fir Musteren schliisslech „by siebenaler“.

Mëttlerweil tourt d’Nathalie och net méi fir aner Marken duerch d’Welt, mee empfänkt seng ganz eege Clientèle zu Bäerdref a sengem Atelier.

„Ech hunn ëmmer eng kleng Kollektioun preparéiert, déi d’Leit kënnen op Fotoe gesinn an un der se sech kënnen inspiréieren. Duerno ass et un de Clienten ze decidéieren, op se e Kleed wëllen ëmännere loossen oder op ech hinnen eppes komplett Eegenes designen“, esou d’Nathalie.

Mat senger Meeschterprüfung als Schneiderin, déi hatt parallel zu sengem Job zu Paräis gemaach huet, ass dat 34-Järegt beschtens ausgerëscht fir all Brautwonsch ze erfëllen. Seng Musteren inspiréieren sech dobäi un allem, wat d’Nathalie esou am Alldag gesäit:

„Ech maache vill Fotoen wann ech dobaussen ënnerwee sinn, sief et vu Steng, Champignonen oder ale Maueren – alles wou en aneren vläicht einfach géif laanschtgoen. Et geschitt och reegelméisseg, dass meng Kolleege mech op eemol an der Vakanz vermëssen, well ech iergendwou hannert enger Heck verschwonne si fir ze knipsen.“

Via Aquarell, Encre de Chine a Computerprogramm landen déi ausgewielten Elementer dann op dem Nathalie senge Schaler. Des ginn et als klenge Seidecarré, Modalcashmere-Schal oder geschwënn och am Seiden-Stréck-Mix ze kafen, alles ëmmer als limitéiert Oplag. Undoe kann een d‘Schaler normal em den Hals, oder awer als flotten Accessoire um Aarm oder un der Posch. Bei senge Kleeder bleift d’Nathalie da meeschtens méi subtil am Muster an fokusséiert sech op e schéine fléissende Stoff, deen bei all Beweegung der Figur vun der Braut schmeichelt. Säin eegent Brautkleed designt huet d’Nathalie nëmmen esou hallef, an zwar an enger Zesummenaarbecht mat der Madamm, wou hatt ugangs senger Karriär an Däitschland e Stage gemaach huet:

„Fir mech ass et wichteg, dass een sech als Braut och wuel a sengem Rack fillt, well et soll ee net verkleet sinn. Ech wollt fir mäi Kleed déi Blummen drop hunn, déi ech och a mengem Bouquet hat, dezent an engem Aquarell-Muster agebaut mat passende Stéckereien um Bustier.“

De Budget fir e Brautkleed op Mooss läit am Atelier „by siebenaler“ meeschtens tëscht 1.500 an 2.500 Euro, ab do sinn der Kreativitéit an Individualitéit keng Grenze gesat. Ma och soss huet et d’Nathalie bei senge Kollektioune gären eenzegaarteg. Nei sinn dëst Joer nierft der aktueller Summerkollektioun an de Faarftéin hell-orange a blo-wäiss déi weit Boxen, déi d’Nathalie aus sougenanntem RPET, also Stoff aus recycelte Plastiksfläschen, maache gelooss huet. Des kann ee via Onlineshop oder Message beim Nathalie virbestellen, well och hei gëllt: Den éischten ass vir! Et heescht also sech bäimaachen, well och wa wéinst Corona zu Bäerdref alles ë bësse en retard geroden ass, sinn dem Nathalie seng Kollektiounen ëmmer immens beléift bei senge Clienten. Kee Wonner, well wéi eng Fra gëtt bei laange Räck, Tüll an Accessoiren mat speziellem Touch net gär mol schwaach 😉

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply