Rugby Ladies

Et ass en haarde Sport, wann een dovun héiert denkt een direkt u grouss, staark Männer mat grimmege Gesiichter a breede Schëlleren. Ma Rugby ass awer net nëmmen Testosteron-gelueden – och Frae kennen hei esou richteg Gas ginn. Beweise maachen dat d’Rugby Ladies vu Walfer. Als eenzeg Dammenequipe vu Lëtzebuerg zwar nach Pionéier an hirem Beräich, hunn d’Meedercher mam Renert-Logo op der Broscht awer scho längst hir Nische an der Sportswelt fonnt, an zwar an der zweeter Belscher Divisioun. 

Ugefaangen hunn d’”Walfettes” ganz kleng, wei d’Anouk Hombert, eng vun den Ancienen, verréit: “Dat war virun 11 Joer zu Zéisseng, do hu mir als Nationalequipe mat fënnef, zéng Spillerinnen eemol d’Woch trainéiert.” No enger Saison goung et op Walfer an ab do stoungen dann och déi éischt Frëndschaftsmatcher um Programm. De Wee an d’Belsch war dunn och net méi wäit, ma de Spillermangel huet der Ekipp awer e Strësch duerch d’Rechnung gemaach. “Mir hunn zwee Joer laang an der éischter Divisioun matgespillt mee mir haten deemools einfach net genuch Leit a stoungen oft zu 13 géint 20 um Terrain”, erënnert sech d’Michelle Clemens. Gebraucht ginn der am 12er Rugby, deen d’Walfettes wärend der Wantersaison spillen, mindestens 15, mat 23 Spillerinnen ass dann och op der Ersatzbänk fir genuch Sputt gesuergt.

Ma no engem klengen Tief ass et déi lescht Méint fir d’Walfettes awer erëm biergop gaangen a vill nei Rekrutten hunn de Wee op de Walfer Terrain fonnt. Eent vun hinnen ass d’Nuray Mehmetzade, mat 16 déi jenkste Spillerin am Team. Am LASEL-Sport an der Schoul gouf hatt entdeckt, ma d’Ex-Fussballspillerin huet awer fir d’éischt misse vun der Iddi iwwerzeegt ginn. “Am Ufank war ech skeptesch, well jidderee méi al ass wéi ech. Mee de Grond firwat ech dunn awer bliwwe sinn ass d’Atmosphär an der Ekipp. Jidderee passt op, dass de dech wuelfills an et ass en immensen Teamgeescht do. Du gewënns als Ekipp, an du verléierts och als Ekipp”, esou d’Nuray. Et ass och genau dat, wat Rugby iwwerhaapt ausmëscht, wei d’Michelle erkläert:

“Et ass immens wichteg, dass een als Grupp zesummenhält. Bei eis ginn et keng Starplayer wei an anere Sportaarten.”

Och Disziplin a Respekt gi bei Rugby groussgeschriwwen – soss géif de Sport net funktionéieren. “Et ass en haarde Sport, dofir ginn d’Reegelen och akribesch ugewent. Schliisslech stees de zu 30 Mann um Terrain”, esou d’Michelle. Keng Aggressivitéit also, och wann d’Spillerinnen sech dëse Klischee oft mussen unhéieren. “De Sport ass immens komplex an du kanns net einfach engem eng knätsche wéi d’Leit sech dat heiansdo virstellen”, bestätegt och d’Anouk. Ma wei kennt een als Fra dann elo iwwerhaapt drop, sech un den dach relative kierperleche Sport erunzewoen?

“Ech hunn en wärend menger Studienzäit a Schottland entdeckt. Virdrun hunn ech ni Sport gemaach well ech ni eppes fonnt hunn, wat mir geleeën huet. Ma Rugby huet mech direkt begeeschtert an ech hunn immens vill Frënn do fonnt. Meng ganz Uniszäit war amfong geprägt vun deem Sport”

Mee net nëmmen d’Ambiance an der eegener Ekipp ass eng flott, och mat de géignereschen Teams verbréngt een als Rubgy-Spillerin flott Momenter.

 “Bei eis ass et Traditioun nom Match mat der anerer Ekipp een drénken ze goen. Heiansdo, wa mir zu Antwerpe spillen an nach e laangen Heemwee virun eis hunn, da géife mir léiwer einfach direkt fueren, mee ee Patt gëtt et ëmmer an dat ass och gutt esou”

Pro Saison stinn eng 14 Matcher doheem an auswäerts um Programm, den Ament bereeden sech d’Ladies vu Walfer mat der Nationalequipe op den Europäesche Championnat am Summer zu Zagreb vir. Déi richteg flott Matcher sinn dann awer déi am Wanter, wann de Buedem esou richteg gutt mätscheg ass.

“Et ass am grousse Ganzen e Bullissport, dat mëscht am meeschte Spaass. An deet manner wéi, well elo grad ass de Buedem steenhaart”

Mat 30 läit d’Michèle hatt genau an der Mëtt vum Team: den Alter reecht hei vu 16 bis 46. “Dat ass dat flott u Rugby, et ass immens villfälteg. Jidderee kann eng gutt Spillerin ginn, well all Positioun huet seng Charakteristiken an et ass d’Konscht vum Trainer, d’Leit richteg ze platzéieren”, erkläert d’Michelle. Vum Verdeedeger mat vill Kraaft bis hin zu de Sprinter, déi d’Punkte maachen ass fir jiddereen eppes dobäi. Verwiesselen dierf een de Sport dann awer net mat American Football, well do weet e ganz anere Wand. “Bei eis muss ee probéieren en Try ze leeën, dat heescht de Ball muss gläichzäiteg ëmmer a Kontakt mam Buedem a mat der Hand sinn a gëtt net geheit”, esou d’Anouk. Wéi een déi meeschte Punkte maache kann, trainéieren d’Walfettes zweemol an der Woch op hirem Terrain an der rue de l’Alzette.

Fir d’Meedercher vum Trainer Cédric De Michelli, dee selwer Nationalspiller bei den Häre war, ass Rugby awer méi wéi just e Sport.

 “Et ass Ganzkierpertraining, mee virun allem mëscht et immens vill fir däi Charakter. Du kriss en immenst Selbstbewosstsinn doduerch a léierts, dass een am Grupp staark ass”

Fir d’Walfettes bleift ze hoffen, dass se och fir déi kommend Saisone vill nei motivéiert Spillerinne bäikréien, fir da vläischt och iergendwann erëm an der éischter Divisioun ganz uewe matzespillen.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply