Schmaachen a Genéissen

Wéi wiert et mat Vakanz? D´Wieder ass endlech besser, dobausse bléid alles, d´Fréijoersgefiller sinn do an et huet een richteg Loscht op Vakanz an dorop eppes ze ennerhuelen. Op der Musel huet een ëmmer d´Gefill wéi wann een an der Vakanz ass.  An genau hei fënnt vum 28.05-29.05 dat gréisste Wäifest vun der ganzer Musel Regioun statt: Wine Taste Enjoy! Visit Moselle suergt dofir dass dir dëst Event ni vergiesse wäert.

 

E ganze Koup Wënzer an Distillerië maachen déi Deeg hir Kellereien, Terrassen a Gäart op mat Iessen, Animatiounen, Konzerten an an an. Et gëtt also richteg eppes gebueden. Folgend Wënzer an Distillerië maache mat: Caves J.P. Steinmetz-Duhr, Winery Jeff Konsbrück, Clos Mon Vieux Moulin, Caves Berna, Domaine Viticole Max-Lahr et Fils,  Maison Viticole Schmit-Fohl, Domaine Viticole Krier-Bisenius, Domaine Keyser-Kohll by Kohll-Reuland, Domaine Viticole Häremillen, Domaine Viticole Kohll-Leuck, Domaine Viticole Krier-Welbes, Domaine Beck-Frank, Domaine Viticole Stronck-Pinnel, Domaine Viticole Cep d´Or, Restaurant Wäistuff Leuck/Caves Leuck-Thull, Domaine Viticole Pundel-Hoffeld/Caves Pundel-Err, Domaine Viticole Schlink, Caves Duhr-Maddalon, Caves du Sud, Domaine Claude Bentz, Caves St Martin, Benoit et Claude Viticulteurs, Domaine L&R Kox, Domaine Henri Ruppert, Distillerie Zenners, Caves René Bentz, Caves Poll-Fabaire, Domaine Viticole Schumacher a Pundel Vins Purs.

Mir hunn eis e puer Highlights fir iech erausgepickt. Eng vun deene schéinsten Terrassen op der ganzer Musel ass wuel déi vu „Benoit et Claude Viticulteurs“. Hei gesäit een iwwert d´ganz Wäibierger op d´Musel. Ausserdeem hunn si och nach eng kleng Kaart mat Leckereien. Wann dir op der Sich no enger immenser Vue sidd, dann ass des Terrasse genau dat Richtegt fir iech.

Eng aner Terrasse mat enger super Vue ass déi vum „Winery Jeff Konsbrück“, uewen op der Kopp zu Ohn gesäit een op dat wonnerschéint MuselDierfjen an awer huet een d´Impressioun matzen an de Wäibierger ze setzen. De Kader ass modern an et fillt een sech richteg wéi an der Vakanz.

Bleiwe mir nach zu Ohn, de „Domaine Viticole Max-Lahr et Fils“ huet en ganz neie Gaart opgebaut an deem ee wierklech alles ronderëm sech vergiesse kann a vum Summerfeeling pur profitéiert.

 

 

Fir dass een och ee Pättchen drénke ka ginn extra Busshuttlen organiséiert. Déi genau Infoen dozou fannt dir op: https://wte.visitmoselle-event.lu/de/bus-shuttle/ .

A wann dir elo nach nik wësst mat wéi enger Kellerei ufänken da maacht einfach eng Tour, dir wäert iwwerrascht si wat dir alles nei entdecke kennt. ob dat en neie Wäin oder Liblingsplaz ass.

Mir wënschen iech op alle Fall ganz vill Spaass an eng schéi Vakanz.

 

Mady Lutgen mat Visit Moselle

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply